16.06.2023

Diplomiwwerreechung vun der Formatioun Animateur A

Persounen tëschent 18 an 30 Joer haten och dëst Joer nees d’Méiglechkeet, sech vun den Educateuren aus dem Schëfflenger Jugendhaus zum Animateur ausbilden ze loossen. An enger flotter, interaktiver Formatioun hunn 8 Jonker nom Motto ‘learning by doing’ wärend zwee Weekender, engem Teamdag an engem Mini-Stage am Jugendhaus geléiert, wat et heescht, Aktivitéite mat Kanner a Jugendlechen ze plangen, virzebereeden an unzeleeden.

D’Participante konnten d’Formatioun ofschléissen a kréien zousätzlech zum Diplom vun der Schëfflenger Gemeng eng Zertifizéierung vum Service National de la Jeunesse fir net nëmme bei de Schëfflenger Vakanzenaktivitéite mee och op nationalem Niveau als Animateur kënnen aktiv ze sinn.