Posts By: schifflange

Meteo-Warnung op « Alerte rouge » eropgestuuft

Wéinst dem staarken Wand (Alarmstuf rout) fir haut Freideg, den 18. Februar tëschent 15.00 an 19.00 Auer, gëtt d’Bevëlkerung opgefuedert sech esou mann wéi méiglech ze déplacéieren, sech net a Bësch, Parken oder op aner Plazen wou Géigestänn kënnen eroffalen opzehalen an d’Uweisungen vun den Autoritéiten ze befollegen. Mir bieden Iech och all Géigestänn dobaussen wiederfest ze maachen a Noutfalls eran ze huelen.

D’Gemeng Schëffleng bleiwt haut ab 16.00 Auer och ausnahmsweis aus securitéits Grënn zou.

Merci fir Ärt Versteesdemech

Postes vacants

LU

Gëff Deel vun eiser Equipe! D’Gemeng Schëffleng stellt an!

FR

Vous souhaitez mettre vos compétences au service de la Commune de Schifflange ? Nous recrutons !

Pour son service régie communal :

  • Un PEPINIERISTE/PAYSAGISTE avec diplôme d’études DAP/CATP (m/f). Poste : chef d’équipe de l’équipe espaces verts
  • Deux AGENTS avec diplôme CCP/CITP OU DAP/CATP dans le métier de l’INSTALLATEUR CHAUFFAGE-SANITAIRE, du SERRURIER, du TOURNEUR ou du MECANICIEN INDUSTRIEL(m/f). Poste : agent service des eaux.
  • Un MENUISIER avec diplôme d’études DAP/CATP (m/f). Poste : menuisier à l’équipe travaux et entretien des infrastructures publiques.
  • Un MACON ou MACON/COFFREUR avec diplôme CCM/CITP ou niveau B2 ou B3 cycle bâtiment et travaux publics (m/f). Poste : agent service maçonnerie.
  • Deux CHAUFFEURS BUS. Poste : agent à l’équipe chauffeurs bus-poubelles/recyclage.

 

Postulez ici.

Déi nei Editioun N°265 vum NEWSMAG ass do!

Dir fannt d’Februar-Editioun vun eisem Newsmag an de Publikatiounen.

Vill Spaass beim Liesen!

Voie barrée dans la rue du Canal et rue Denis Netgen

LU

Avis un d’Awunner:

Vum 14. Februar 2022 (09:00 Auer) bis den 18. Februar (17:00 Auer) ass d’Rue du Canal wéinst Kanalisatiouns- a Réseaux-Aarbechten bis bei d’Kräizung Denis Netgen op enger Spuer gespaart.

Eng Deviatioun fir d’Foussgänger  ass gezeechent an d’Autofuerer si gebieden iwwert d’Rue Basse, d’Rue de la Libération an d’Rue de Drusenheim ze fueren.

Merci fir Ärt Versteesdemech.

FR

Avis aux habitants:

Du 14 février 2022 (09:00 heures) au 18 février (17:00 heures) la rue du Canal est barré sur une voie à partir du carrefour rue de Noertzange / rue Basse / rue Michel Rodange jusqu’à la jonction avec la rue Denis Netgen en raison des travaux de canalisation et de réseaux.

Une déviation pour les piétons sera signalisée et nous prions les automobilistes d’utiliser le détour via la rue Basse, la rue de la Libération et la rue de Drusenheim.

Merci pour votre compréhension.

 

Kuck a Klick – Sécherheetsdeeg

Et ass déi 5. Kéier wou d’Schëfflenger Gemeng zesumme mam Centre de Formation pour conducteurs de Kuck a Klick organiséiert.
D’Schoulkanner aus dem Cycle 2.1 hu gutt opgepasst wéi d’Madamm Dammé an den Här Meder hinnen d’Welt vum Stroosseverkéier, duerch flott Aktivitéiten a Spiller, méi no bruecht hunn. Insgesamt wäerten wärend deenen 3 Deeg, 8 Klassen an 112 Kanner aus 3 verschiddene Schoulen (Nelly Stein, Lydie Schmit an Albert Wingert) um Event deelhuelen.
Zil ass et fir d’Kanner op d’Geforen vum Stroosseverkéier opmierksam ze maachen, an dëst net nëmmen aus der Siicht vum Foussgänger , mee och als Bäifuerer am Auto.

Den 7. Februar 2022 huet de Schäfferot zesumme mat de Memberen aus dem Gemengerot de ville Leit déi un dësem Projet bedeelegt ware Merci gesot a sech e Bild vun dem flotte Parcours gemaach deen opgestallt ginn ass fir Situatiounen am Verkéier nozestellen.

Remise de chèque à Médecins du Monde

De 7. Februar 2022 huet de Schäfferot zesumme mat Memberen aus dem Gemengerot en décke Scheck un d’Asbl « Médecins du Monde » iwwerreecht. Dëse Geste kënnt vu ganzem Häerz a soll am beschte Fall en Ustouss fir aner Gemenge sinn, sech och solidaresch mat deene vulnerabelste Leit aus eiser Gesellschaft ze weisen – sou de Buergermeeschter Paul Weimerskirch an enger emotionaler Ried.

D’Asbl mécht eng immens wichteg Aarbecht um Terrain. Si hëlleft zu Lëtzebuerg an am Ausland schutzbedürftege Mënschen andeems se medezinesch Versuergung garantéiert an den Accès an d’Recht op Gesondheet fuerdert.

Och am Joer 2022 ass hei zu Lëtzebuerg nach ëmmer net all Persoun sozialverséchert. Grad dofir sinn déi 6.000 Euro esou wichteg fir den Dokter Bernard Thill, deen d’Spend als President vun der Associatioun MdM Lëtzebuerg entgéint geholl huet. Säi Verspriechen ass kloer: et wäert weiderhin dru geschafft ginn fir all Persoun a Précaritéit individuell a würdeg ze behandelen.

E grousse Merci un d’AMCIS, déi dës Soirée a Bild an Toun festgehalen hunn: VIDEO

D’Lëtzebuerger Orthografie, flott an interessant

Déi lëtzebuergesch Sprooch lieft an verännert sech.  Wëllt Dir Lëtzebuergesch léieren oder Är Orthografie verbesseren dann mellt Iech un!
D’Formatioune ginn integral op lëtzebuergesch gehalen.

Sondage en ligne sur le multilinguisme

Les chercheurs de l’Université du Luxembourg recherchent actuellement des participants pour une enquête en ligne sur l’utilisation des médias numériques pour l’apprentissage des langues et l’alphabétisation.

L’enquête s’adresse aux parents multilingues issus de familles où au moins un enfant est âgé de 6 à 11 ans et au moins une personne s’occupant d’un enfant a déménagé au Luxembourg depuis l’étranger.

L’enquête dure environ 15 minutes à remplir et est totalement anonyme.

Elle est disponible en français, allemand, portugais et anglais.

Voici le lien pour participer au sondage!

 

Liichtmëssdag 2022

Haut, den 2. Februar ass Liichtmëssdag an d’Kanner aus der Gemeng zéie mat hire Lampionen vun Haus zu Haus.

Léif Autofuerer, passt haut besonnesch gutt op a respektéiert w.e.g. déi virgeschriwwe Geschwindegkeet an den Dierfer.

 

 

REMIX Opening – Ouverture vun Esch2022, europäesch Kulturhaaptstad

LU

D’europäesch Kulturhaaptstad Esch2022 invitéiert Iech, zesumme mat den 19 Pro-Sud Gemengen, souwéi den 8 franséische Gemenge vun der Communautéit “Communes Pays Haut Val d’Alzette” (CCPHVA), op de groussen Remix Opening.

D’Ouvertureszeremonie ass de 26. Februar 2022 vun 16.00 bis 23.00 Auer ënnert dem CovidCheck Regime 2G+ a fënnt op zwou Plaze statt: Esch-Zentrum an Esch-Belval.

Op verschidde Bühnen an op all Stroosseneck kënnt Dir Live Musek, DJs, Danz, Videomapping, Liichtinstallatiounen an eng grouss Varietéit u spektakulären an eenzegaartegen Animatiounen entdecken.

Wann Dir en Ticket fir béid Siten hutt, dann kënnt Dir mam Zug oder mat engem Shuttle tëscht deenen zwou Plazen hin- a hirfueren. Fir op Esch ze kommen, kënnen d’Visiteuren den ëffentlechen Transport oder eng speziell Park & ​​Ride Navette benotzen. Méi Informatiounen fann dir um Site vun Esch2022.

Sëchert Iech Är gratis Ticketen hei!

 

FR

La Capitale européenne de la culture Esch2022 vous invite , ensemble avec les 19 communes Pro-Sud, ainsi que les 8 communes françaises de la Communauté de communesPays  Haut Val d’Alzette (CCPHVA) au Remix Opening.

La cérémonie d’ouverture aura lieu le 26 février 2022 de 16 heures à 23 heures sous le régime CovidCheck 2G+ et ceci sur deux sites : à Esch-Centre et à Esch-Belval

En différents spots, sur scènes et à chaque coin de rue, vous pouvez découvrir, des concerts, des DJs, de la danse, des mappings vidéos, des installations lumineuses et une grande variété d’animations spectaculaires.

Les visiteurs munis d’un billet pour les deux site auront la possibilité de circuler entre les deux lieux (en train ou en navette). Pour se rendre à Esch, les visiteurs pourront utiliser les transports en commun ou des navettes spéciales Park &Ride.

Obtenez vos billets gratuits ici!