18.10.2023

Travaux de débroussaillage au Brucherbierg à Schifflange

FR

A partir du 16 octobre l’ANF va mettre en œuvre des travaux de débroussaillage sur l’ancienne piste de motocross au Brucherbierg. Le but du chantier est de restaurer les pelouses sèches. Une multitude d’animaux et de plantes, y compris l’alouette lulu, les papillons et les orchidées, en profitera.

Le chantier, qui durera deux semaines, se fera à l’aide de tronçonneuses, de minipelle et autres engins forestiers. Nous demandons au promeneurs et VTTistes de faire attention s’ils y passent dans le coin et le cas échéant respecter des fermetures de sentiers. Même si les travaux donnent l’impression d’une grande destruction, le site s’y remettra vite et dans deux ans on ne remarquera plus rien de l’intervention.

LU

Ab dem 16. Oktober wäert d’Naturverwaltung zu Schëffleng um Brucherbierg op der aler Motocrosspiste Entbuschungsaarbechten ëmsetzen. D’Ziel ass et déi dréche Wisen ze erhalen an ze förderen. Dovu profitéieren dann och vill seelen Déieren a Planzen, wéi z.B. d’Bëschléierchen, Päiperleken an Orchideeën.

Während dem Chantier, dee ronn zwou Wochen dauere wäert, gëtt mat Motorsee, Bagger an anere Maschinne geschafft. Mir bieden d’Spazéiergänger an d’Mountainbiker opzepassen wann se do ënnerwee sinn an sech gegebenefalls u Weespärungen ze halen. Och wann et no den Aarbechten e bësse wüst kann ausgesinn, sou erkritt de Site sech schnell an an zwee Joer gesäit ee schonn näischt méi vum Agrëff.