16.10.2023

Feierlechkeeten fir « Commémoration nationale »

FR

Le 14 octobre 2023, le collège des bourgmestre et échevins a invité à la cérémonie de commémoration nationale consacrée au souvenir de la lutte menée par le peuple luxembourgeois durant l’occupation de 1940 à 1945.

Quelques superbes chansons de nos trois clubs de chant ont ouvert les festivités au parc Léonie Koullen. Après la « Sonnerie aux morts », le conseil communal, accompagné du citoyen d’honneur Jean Spautz, s’est rendu au monument pour exprimer leur respect aux victimes de la Seconde Guerre mondiale. Ce fut ensuite au tour des représentants des « Enrôlés de Force », de la « LPPD », du « Syndicat d’Initiative » et des autres syndicats de rendre hommage devant le monument.

Le chant de l’hymne national « Ons Heemecht » a clôturé dignement les festivités avant que le bourgmestre ait invité à une réception dans la l’Hôtel de Ville. À cette occasion, Monsieur Weimerskirch a souligné dans son discours qu’il ne fallait jamais oublier ce qui s’était passé il y a 80 ans. Les allemands ont envahi le pays mais les Luxembourgeois s’y sont opposés avec véhémence. Le 16 octobre 1941, les premiers concitoyens juifs ont été transportés en train du Luxembourg vers « Litzmannstadt » (Pologne). Malheureusement, la plupart d’entre eux ne sont jamais revenus.

Le discours de Frank Schroeder, directeur du « Musée National de la Résistance et des Droits Humains » d’Esch/Alzette, était centré autour du mot « mémoire ». Chaque génération a un souvenir différent de ce qui s’est passé, mais la mémoire doit rester vivante.

Le dimanche matin, une « promenade » a été organisée à Schifflange, au cours de laquelle l’historien Jérôme Courtoy a donné des explications sur la « période d’occupation » allemande entre 1940 et 1945 et ceci sur 8 stations différentes.

 

LU

De 14. Oktober 2023 hat de Schäfferot op d’Feierlechkeete fir den nationale Commemoratiounsdag bei d’Monument am Parc “Léonie Koullen” invitéiert.

E puer flott Lidder vun eisen dräi Gesangsveräiner hunn d’Feierlechkeeten agelaut. No der “Sonnerie aux morts” ass de Schäfferot zesumme mat dem Éierebierger Jean Spautz virun d’Gedenkmonument getruede fir sech no enger kuerzer Gedenkminutt ze verneigen. Duerno war et un de Reie vun de Vertrieder vun den „Enrôlés de Force“, der „LPPD“, dem “Syndicat d’Initiative” an de Gewerkschafte fir hir Éier virum Monument ze erweisen.

Mam Sange vun der Heemecht hunn d’Feierlechkeeten e würdegen Ofschloss fonnt éier de Buergermeeschter nach op eng Receptioun an d’Salle Grand-Duc Jean vun der Gemeng invitéiert huet. Hei huet de Buergermeeschter a senger Ried ënnerstrach, datt ni däerf vergiess gi wat geschitt ass. Virun 80 Joer wollten d’Nazien d’Lëtzebuerger “eindeutschen”. Dogéint hunn d’Lëtzebuerger sech awer vehement gewiert. De 16. Oktober 1941 sinn déi éischt jiddesch Matbierger mam Zuch vu Lëtzebuerg op “Litzmannstadt” (Polen) verschleeft ginn. Déi meescht vun hinne si leider ni méi Heem komm.

Am Frank Schroeder, Direkter vum Escher « Musée National de la Résistance et des Droits Humains » senger Interventioun huet sech alles em d’Wuert “Erënnerung” gedréint. All Generatioun huet eng aner Erënnerung un dat, wat virun 80 Joer geschitt ass, mee d’Erënnerung däerf nët verluer goen.

E Sonnden de Mueren war nach en “Trëppeltour” duerch Schëffleng organiséiert ginn, bei deem den Historiker Jérôme Courtoy op 8 verschidde Statiounen zu der däitscher “Besatzungszeit” tëschent 1940-1945 Erklärunge ginn huet.