Vill Leit wuaren do a konnten Deel si vum REMIX Opening. Fir déi eng ass dëst ee Réckbléck op ee flotten Owend, fir anerer e puer Impressioune vun deem wat si verpasst hunn… Kuckt ärch den After-movie hei un!
Vill Leit wuaren do a konnten Deel si vum REMIX Opening. Fir déi eng ass dëst ee Réckbléck op ee flotten Owend, fir anerer e puer Impressioune vun deem wat si verpasst hunn… Kuckt ärch den After-movie hei un!
An der Ukrain huet de Krich ugefaangen. Eng Noricht, déi kee wollt héieren, mee déi de 24. Februar 2022 leider zur Realitéit ginn ass…
D’Gemeng Schëffleng, déi och Member vu Mayors for Peace ass, bedauert wéi bal de Rescht vun der Welt, déi dramatesch Situatioun an der Russland-Ukrain-Kris a wëll dofir mat Iech e Statement vum Oberbürgermeister vun Hannover Belit Onay deelen: Hei de Statement. Mir weisen och haut an an deenen nächste Wochen a Méint eis Solidaritéit mat dem ukrainesche Vollek.
Mayors for Peace ass eng international Organisatioun vu Stied, déi sech der Friddensaarbecht an haapsächlech der atomarer Ofrüstung verschriwwen huet. Mayors for Peace ass 1982 op Initiativ vum deemolege Buergermeeschter vun Hiroshima, Takeshi Araki, gegrënnt ginn.
DE:
Keine Probleme mehr mit den Problemprodukten:
Ab 2022 Haus-zu-Haus-Sammlung der Superdreckskëscht in Schifflingen!
Wie dem kommunalen Umweltkalender und der SDK-Broschüre zu entnehmen war, findet am 2. März, am 7. Juni, am 13. September und am 8. Dezember 2022 ab 7:00 Uhr eine Haus-zu-Haus Sammlung für Schadstoffe statt. Die Einwohner können sich im Vorfeld im Recycling-Zenter SIVEC (in der Hedinger Straße) kostenlos Eimer (für Fette und Öle) und SDK-Kisten besorgen. Andere Behälter werden jedoch ebenfalls entsorgt. Untenstehend einige Information über die angenommenen Schadstoffe.
FR:
Plus de problèmes avec les produits à problèmes :
A partir de 2022, des collectes en porte-à-porte de la « Superdreckskëscht » à Schifflange !
Comme il a été indiqué dans le calendrier des déchets communal et dans la brochure de la SDK, une collecte de produits nocifs en porte-à-porte aura lieu le 2 mars, le 7 juin, le 13 septembre et le 8 décembre 2022 à partir de 7h00. Les habitants peuvent se procurer gratuitement au préalable des seaux (pour les graisses et les huiles) et des caisses SDK au centre de recyclage SIVEC (rue de Hédange). Toutefois, les autres récipients seront également valables. Ci-dessous, quelques informations sur les substances nocives acceptées.
EXPOSITION AU SCHËFFLENGER KONSCHTHAUS du 26/02/2022 au 26/03/2022
de Patricia Lippert – Pascale Behrens et Florence Hoffmann
MIT FEUER, DER ERDE AUF SCHICHT
dans le cadre d’Esch2022 (Capitale européenne de la Culture)
Le duo d‘artistes Lippert & Behrens a été invité par le collectif d‘artistes CUEVA à exposer dans les vestiges de l’ancienne Usine de Schifflange.
Une exposition avec des installations „in situ“.
Les œuvres exposées à la galerie « Schëfflenger Konschthaus » sont le reflet de cette expérience. Tout comme l‘installation dans l‘Usine, elles parlent du passé et de l‘histoire du lieu.
En partant d‘objets trouvés comme des plans de construction pour machines, de restes de photos de Pin-Ups vieillies sur les murs, d’accessoires d‘ouvriers tels que gamelles et tenues de travail, de photos du site.
Toutes ces sources d‘inspiration se transforment en de nouveaux artefacts.
Leurs présences sont les témoins silencieux d‘une ère en déclin.
Une ère de „FEU
DE TERRE
ET TRAVAIL POSTÉ“
Un Hommage à nos aïeux, nos pères, qui y ont passé la meilleure partie de leur vie.
Un tour de force.
La plasticienne Florence Hoffmann a créé la première sculpture de feu jamais réalisée au Luxembourg et dont l’embrasement est advenu à Fingig le 18 décembre 2021 dernier.
Cette œuvre monumentale éphémère fait office de préfiguration du Feierfestival-Festival du feu qu’elle coorganise avec l’historien Jean Reitz et la Commune de Käerjeng ; événement labellisé Esch2022 programmé au 5 et 6 mars 2022.
Le contexte de l’exposition et le dialogue avec ses deux amies artistes ont amené Florence à créer une série d’œuvres convergentes vers les concepts proposés par le duo Patricia-Pascale : œuvres à partir d’objets trouvés et surtout hommage à ces gueules noires, acteurs et témoins du passé industriel de la région, hommes de feu et de fer.
Ainsi, bois carbonisé – issu de cette première sculpture de feu -, fil de fer entre autres matériaux de récupération, constituent les bases des nouvelles œuvres de la plasticienne, où le ludique et le contemplatif se côtoient.
Matdeelung
vun der Gemeng Schëffleng am Kader vun den Artikelen 8 an 9 vum ofgeännerten Gesetz vum 4. Februar 2005 iwwert den nationale Referendum
De Schäfferot
Vu d’Demande vum Comité d’initiative vum 2. Februar 2022, déi de Premier- a Staatsminister de 4. Februar 2022 kritt huet, fir e Referendum iwwert d’Propositioun vun der Revisioun vun de Kapitel I, II, III, V, VII, VIII, IX, X, XI an XII vun der Verfassung ze organiséieren;
Vu d’Décisioun vum Premier- a Staatsminister vum 7. Februar 2022 iwwert d’Recevabilitéit vun där Demande;
Vu d’Kommunikatioun vum Premier- a Staatsminister am Journal officiel du Grand-Duché de Luxembourg, Memorial A – 56 vum 15. Februar 2022, an Ausféierung vum Artikel 5 vum ofgeännerten Gesetz vum 4. Februar 2005 iwwer den nationale Referendum;
informéiert
d’Wieler, déi d’Walrecht fir d’Chamberswalen hunn an déi an der Gemeng Schëffleng domiciliéiert sinn, datt si d’Demande iwwert d’Ofhale vun engem Referendum iwwert d’Propositioun vun der Revisioun vun de Kapitel I, II, III, V, VII, VIII, IX, X, XI an XII vun der Verfassung, déi an éischter Liesung den 25. Januar 2022 vun der Chamber ugeholl ginn ass, ënnerstëtze kënnen, andeem si sech an de Lëschten aschreiwen, déi an der Gemeng vum 2. März 2022 bis den 25. März 2022 abegraff, opleien.
Wärend dëser Period sinn d’Lëschten op folgende Plazen an zu folgenden Zäiten zougänglech:
Uert: Am Büro vum “Guichet unique” vu der Gemeng Schëffleng
Deeg an Zäiten: Méindes bis Freides vun 08.00 – 12.00 Auer a vun 14.00 – 17.00 Auer
Samschdes vun 10.00 – 12.00 Auer
Den Text vun der Propositioun vun der Revisioun vun de Kapitel I, II, III, V, VII, VIII, IX, X, XI an XII vun der Verfassung kann op den uewe genannte Plaatzen an zu den uewe genannten Zaiten agesi gin.
Fir d’Demande iwwert de Referendum z’ënnerstëtzen muss de Wieler sech perséinlech op senger Gemeng presentéieren. De Wieler muss säin Numm, seng Virnimm a seng Adress dem zoustännegen Agent matdeelen an eng gülteg Pièce d’identité virweise kënnen.
Nodeems den Agent kontrolléiert huet ob de Wieler op de Wielerlëschten agedroen ass, leet den Agent dem Wieler d’Aschreiwungslëschte vir an dréit dem Wieler säin Numm, seng Virnimm a säi Gebuertsdatum an.
Nodeems de Wieler dës Aschreiwunge kontrolléiert huet, ënnerschreift hien d’Lëscht.
De Wieler deen duerch e physeschen Handicap net ënnerschreiwe kann, däerf sech vun enger Persoun begleede loossen, déi a sengem Numm ënnerschreiwen däerf. Dës begleedend Persoun däerf kee kommunaalt, nationaalt oder europäescht Mandat bekleeden, si muss liesen a schreiwe kënnen an däerf net gemäß de Bestëmmungen vum Artikel 6 vum ofgeännerten Walgesetz vum 18. Februar 2003, vum d’Walrecht ausgeschloss sinn.
Et däerfen déi Wieler ënnerschreiwen déi den Dag virum Ufank vun der Ënnerschrëfte Sammlung op de Wielerlëschte fir d’Chamberwalen agedroe sinn.
Déi Wieler déi net op der Wielerlëscht vun der Gemeng stinn, mussen eng Décisioun vum Buergermeeschter vun hirem Wunnuert respektiv vun enger Geriichtsinstanz virweise kënnen déi bezeit datt si d’Walrecht an där Gemeng hunn.
Déi Wieler déi zwar op dëse Wielerlëschten agedroe sinn, mee déi hiert Walrecht duerch eng gesetzlech Bestëmmung oder duerch e Geriichtsbescheed oferkannt kritt hunn, däerfe sech net un der Ënnerschrëfte Sammlung bedeelegen.
All Wieler däerf nëmmen eemol d’Lëscht ënnerschreiwen. D’Ënnerschreiwen am Numm vun enger drëtter Persoun ass verbueden ausser am Fall wou eng Persoun eng handicapéiert Persoun begleet.
D’Ënnerschrëft vum Wieler op der Lëscht bedeit datt dëse Wieler d’Demande fir d’Ofhale vun engem Referendum ënnerstëtzt.
Dës Demande ass nëmmen dann ugeholl, wa 25.000 Wieler se ënnerstëtzen.
(s.) De Schäfferot
Matdeelung un d’Bierger:
Fir de Bau vum Parkhaus am Zentrum vu Schëffleng fänken haut d’Preparatiounsaarbechten un. De grousse Chantier ass awer eréischt fir de Summer geplangt. Laut dem Naturschutzgesetz, dat et verbidd Hecken oder Beem nom 1. Mäerz ze schneiden, dëst fir d’Villercher ze schützen, déi hir Näschter fir d’Fréijoer prett maachen, wäerten dës Woch awer schonns e puer Beem Plaz maache mussen oder déplacéiert ginn.
Avis aux habitants :
Les préparatifs pour la construction du parking souterrain au centre de Schifflange commencent aujourd’hui. Le grand chantier n’est cependant prévu que pour l’été de cette année. Selon la loi sur la protection de la nature, il est interdit de couper des haies ou des arbres après le 1er mars, ceci pour protéger les oiseaux qui préparent leurs nids pour le printemps. Par conséquent, certains arbres devront être dérainés ou déplacés encore cette semaine.
Clever fueren
LU
Den elektresche Vëlo ass eng praktesch Léisung fir Är alldeeglech Aktivitéiten! Bis den 31. Mäerz 2022 kënnt Dir eng Prime vu bis zu 600 € ufroen. Méi Informatiounen op cleverfueren.
FR
Le vélo électrique, une solution pratique pour vos activités quotidiennes ! Jusqu’au 31 mars 2022, faites valoir votre prime jusqu’à 600 €.
Plus d’information sur cleverfueren.
Clever wunnen
LU
Am Kader vun der Verlängerung vun der staatlecher finanzieller Hëllef ass de Maximalbetrag fir Energieberodungsservicer erhéicht ginn. All Informatiounen op clever wunnen.
FR
Dans le cadre de la prolongation de l’aide financière gouvernementale, le montant maximal pour les services de conseil en énergie a été augmenté. Toutes les informations sur clever wunnen.
Wéinst dem staarken Wand (Alarmstuf rout) fir haut Freideg, den 18. Februar tëschent 15.00 an 19.00 Auer, gëtt d’Bevëlkerung opgefuedert sech esou mann wéi méiglech ze déplacéieren, sech net a Bësch, Parken oder op aner Plazen wou Géigestänn kënnen eroffalen opzehalen an d’Uweisungen vun den Autoritéiten ze befollegen. Mir bieden Iech och all Géigestänn dobaussen wiederfest ze maachen a Noutfalls eran ze huelen.
D’Gemeng Schëffleng bleiwt haut ab 16.00 Auer och ausnahmsweis aus securitéits Grënn zou.
Merci fir Ärt Versteesdemech
LU
Gëff Deel vun eiser Equipe! D’Gemeng Schëffleng stellt an!
FR
Vous souhaitez mettre vos compétences au service de la Commune de Schifflange ? Nous recrutons !
Pour son service régie communal :