Dir fannt d’Mee-Editioun N°267 vun eisem Newsmag an de Publikatiounen.
Vill Spaass beim Liesen!
Dir fannt d’Mee-Editioun N°267 vun eisem Newsmag an de Publikatiounen.
Vill Spaass beim Liesen!
LU
Gëschter war den “International Day Against Homophobia, Biphobia and Transphobia”, kuerz IDAHOBIT-Dag. D’Jugendhaus zesumme mat der Gemeng Schëffleng hu sech solidaresch mat der LGBTQ+ Kommunautéit gewisen. Ganz nom Motto vun dësem Joer: “Our Bodies, Our Lives, Our Rights”, konnten d’Visiteure sech op verschiddene Stänn informéieren, un engem Quiz an engem interaktive Konschtprojet deelhuelen oder bei engem Kleedertausch a Flashmob mat maachen.
D’Gemeng Schëffleng opposéiert sech géint all Form vun Diskriminatioun vun sexueller Identitéit.
FR
Hier, à l’occasion de la journée internationale contre l’homo-, la bi- et la transphobie (IDAHOBIT), la Maison des jeunes, ensemble avec la Commune de Schifflange se sont montrés solidaires face aux communautés LGBTIQ+. En accord avec le thème de cette année « Our Bodies, Our Lives, Our Rights », les visiteurs ont eux l’occasion de s’informer sur les différents stands, de participer à un quiz, ainsi qu’à un projet artistique et un échange de vêtements. L’événement s’est terminé par un flashmob.
La Commune de Schifflange s’oppose à toute forme de discrimination contre l’identité sexuelle.
Vom 15. Mai bis zum 31. Juli 2022 findet die 14. Auflage der nationalen Aktion “Mam Vëlo op d’Schaff oder an d’Schoul” statt
MVOS (Mam Vëlo op d’Schaff) ist ein vom Ministerium für Mobilität und öffentliche Arbeiten organisierter Wettbewerb zur Förderung des Fahrrads als Transportmittel.
Die Sensibilisierungskampagne stellt die Teilnahme und nicht die Leistung an erster Stelle, getreu nach dem Motto: mehr Fahrrad, mehr multimodale Mobilität, weniger Individualverkehr. Um längere Strecken zu bewältigen, können Sie während der Aktion also verschiedene Verkehrsmittel kombinieren, und so nur einen Teil der Strecke mit dem Fahrrad zurücklegen.
Weitere Informationen sowie die Teilnahmebedingungen findet sie auf mvos.lu
Den 12. Mee 2022 huet d’Gemeng Schëffleng agelueden op d’Virstellung vun enger Hellewull kulturelle Projeten déi zum Deel och zum Programm vun Esch2022 gehéieren. De Buergermeeschter Paul Weimerskirch an de Schëfflenger Koordinator fir Esch2022 hunn hei déi zwee Projete vun der Gemeng Schëffleng, wéi och aacht aner Projeten, déi d’Gemeng materiell oder finanziell ënnerstëtzt, virgestallt.
An dësem Kontext ass och a Presenz vum Museker David Ianni an dem Kënschtler Raphael Gindt de Schëfflenger Piano ageweit ginn. Hei fannt Dir de Videoclip zum Lidd, dat de Pianist extra fir Schëffleng geschriwwen huet. Méi zu der Kompositioun an dem neien Urban Piano gitt Dir hei am Making-Of-Video gewuer.
Sidd also gespaant op déi nei Broschür, déi jiddweree virun Enn Mee wäert a senger Boîte hunn. Natierlech wäert déi digital Kommunikatioun net ze kuerz kommen an dofir wäerte mer via eis nei Rubrik Esch2022 an natierlech op INSTAGRAM a Facebook eis Follower informéieren.
Méi Fotoe fann Dir an eiser Galerie.
Am Kader vum internationalen Dag géint Homo- , Bi-, Inter- & Transphobie organiséiert d’Jugendhaus mat der Ënnerstëtzung vun der Gemeng Schëffleng en Event mat Infostänn, engem Quiz, engem interaktive Konschtprojet, Kleedertausch, engem Flashmob an Erfarungsberichter.
Kommt de 17. Mee vu 16.00 bis 19.00 Auer op d’Gemengeplaz.
LU
Eise Guide “Bienvenue à Schifflange” gouf nei gemaach an ass elo hei fir Iech online ze fannen.
E soll eng Hëllef fir all neie Bierger (an doriwwer eraus natierlech) sinn fir d’Gemeng Schëffleng an all hir Servicer besser kennenzeléieren.
Vill Freed beim Liesen!
FR
La Commune de Schifflange vient de publier son nouveau guide “Bienvenue à Schifflange” qui est maintenant consultable ici en ligne.
Il s’adresse à tous les nouveaux citoyens (et à d’autres personnes bien évidemment) et permet une meilleure orientation et compréhension des services de la commune.
Bonne lecture !
U
Gëff Deel vun eiser Equipe! D’Gemeng Schëffleng sicht en Ingénieur Industriel (m/f) fir de Service des travaux neufs et de l’infrastructure. All d’Informatiounen an d’Méiglechkeet, Är Demande direkt online anzeschécke, fannt Dir hei. Dir kënnt Iech nach bis den 31. Mee mellen.
FR
Vous souhaitez mettre vos compétences au service de la Commune de Schifflange ? L’Administration Communale de Schifflange se propose d’engager, à plein temps et à durée indéterminée Un ingénieur industriel (m/f) pour son Service des travaux neufs et de l’infrastructure. Vous trouverez ici de plus amples informations, ainsi que la possibilité d’envoyer votre candidature en ligne jusqu’au 31 mai.
Dëse Weekend goufen an der Gemeng Schëffleng nees fläisseg Beem geplanzt.
Déi traditionell Bamplanzaktioun fir déi Neigebueren konnt déi lescht Joer COVID-bedéngt leider net stattfannen dowéinst huet d’Gemeng Schëffleng dëst Joer, symbolësch fir d’Joergäng 2019, 2020 an 2021 jeeweils een Ahornbam geplanzt. D’Aktioun huet bei schéinstem Wieder op der Spillplaz um Schëfflengerbierg stattfonnt an de Gemengerot ass gudd an d’Schweessen geroden wéi si mat vollem Asaz d’Schëpp geschwongen hunn. Als klengen Kado fir selwer doheem ze planzen kruten déi Neigebuere vum Service de l’Urbanisme et du Développement durable en Uebststrauch, esou wéi e Vullenhaischen geschenkt. Hei kënnen d’Kanner spéiderhin hiert eegent Uebst plécke goen.
Weider Andréck fannt Dir an eiser Galerie.
DE
Aktion “Faire Kaffi”
Die Organisatoren – das Fairtrade Team Schifflingen und der Schöffenrat – sind mir der diesjährigen Ausgabe der Aktion “Faire Kaffi” mehr als zufrieden. Die vielen freiwilligen Helfer bemühten sich am Samstag, 7. Mai 2022 in den frühen Morgenstunde um den Gästen ein feines Frühstück mit Kaffee, Hörnchen, Brötchen, Schokoladenbutter, Marmelade, Obst und Orangensaft zu servieren. Fast 200 Bürger – jung und alt, groß und klein – fanden den Weg ins Zelt auf dem Gemeindeplatz.
Großen Applaus gab es für Marc Zimmer, der das Publikum musikalisch am “Schëfflenger Piano” begleitete. Infomieren konnten sich die Besucher bei den Freiwilligen über den Fairen Handel und natürlich konnte man auch manche Produkte vor Ort kaufen.
Alle Fotos finden Sie in der Galerie!
FR
Action “café fair”
L’édition 2022 de notre action “Faire Kaffi” était une bonne réussite : le Collège échevinal, mais surtout l’équipe de bénévoles du Fairtrade Team Schifflange a bien travaillé. Presque 200 visiteurs sont venus aux stands d’information pour se renseigner sur les produits équitables. Le point culminant était bien évidemment le petit déjeuner offert par la Commune de Schifflange. Au menu étaient café, jus, croissants, petits pains, confiture, chocolat, fruits, …
Bien apprécié était aussi l’accompagnement musical au piano par Marc Zimmer.
Retrouvez toutes les photos dans la galerie !