Posts Tagged: don

Äre Bluttdrock gett gemooss

Vum 29.01.2019 bis den 28.02.2019 kritt Dir bei der Pharmacie du Soleil, 2 A, rue Denis Netgen L-3858 Schëffleng,

géint eng Participatioun, äre Bluttdrock gemooss.

Déi Participatioun gëtt integral un den Télévie gespent. 

Wanterprojet vum Schëfflenger Jugendhaus

D’Schëfflenger Jugendhaus geet mat den Jonken Leit op Wenns am Pitztal Éisträich.

Hei kënnt Dir Snowboarden, Wanderen, Klammen an nach aner Sportaarten maachen.

Si Dir am Alter tëschent 12 an 26 Joer an intresséiert an engem flotten a frëndschaftlechem Kader är Sportaktivitéiten ze maachen, an hu Dir d’Woch vum 16.02.2019 bis den 23.02.2019 Zäit, dann mellt Iech um Telefon 26 53 08 50 vum Schëfflenger Jugendhaus, 10, av. de la Libération, L-3850 Schifflange. Hei kritt Dir all Detailer déi Dir braucht.

Participatiounskäschten vun 200 Euros ginn integral un den Télévie.

Soirée Espagnole fir den Télévie

Organisateur: Tennis Club Schifflange

Wou: Restaurant Legend’s

Den Tennis Club vu Schëffleng invitéiert op eng flott « Soirée Espagnole »
den 26. Januar 2019. Ufank 19:00 Auer.

Menü 3 plats fir de Präis vun 39 Euro pro Persoun.
Tapas, Paêlla a Kuch Télévie – Apero inclus.

Reservatioun um Nr: 28 99 17 87 (Restaurant Legend’s/rue D. Netgen)

Den Erléis vum Iessen geet integral un den Télévie

Aktioun Télévie

Vum 14.01 – 19.01 heescht et:

secretariat@schifflange goes Télévie

Vun mueres 07:00 Auer bis owes 18:00 Auer servéiert d’Equipe vum Sekretariat vun der Schëfflenger Gemeng Iech

Kaffi, Kuch, Glühwäin a Schampes

                

op der Fräiheetsplaz virun der Gemeng

En Erléis vun dëser flotter Aktioun geet integral un den Télévie.

Mär soen elo schon MERCI fir är Ennerstëtzung.

Schëffleng – Centre de promesses fir den Télévie 2019

Lancement vum Télévie

Den 2. Dezember huet de Kleeschen der Coordinatrice Diane Wunsch vun RTL d’Häerz vum Télévie iwwerreecht. Elo kann et lass goen. Wann Dir wëllt matmaachen, da mellt Iech ënnert der Nummer 54 50 61 214.

Mär soe MERCI am viraus.

Offizielle Lancement vum Télévie 2019

Den 2. Dezember 2018 ass hei zu Schëffleng a Präsenz vun RTL

den offiziellen LANCEMENT vum Télévie Editioun 2019

Fir dësem flotten Evenement déi néideg Opmierksamkeet ze schenken, invitéieren de Schäffen- a Gemengerot all Schëfflenger Leit den

2. Dezember 2018 ëm 15.30 Auer an den Hall Polyvalent wou am Kader vun der Visite vum Kleeschen den offiziellen  Lancement vum Télévie

ofgehale gëtt. Op dem Télévie-Stand kritt Dir weider Informatiounen.

Kriibs kann am Laf vum Liewe jiddereen treffen. Bei eis am Land erkranke méi ewéi 2.000 Erwuessener a Kanner all Joer u Kriibs. Eng Persoun vu véier stierft u Kriibs.

Och wann d’Fuerschung hei zu Lëtzebuerg ewéi och am Ausland an deene leschte Joere vill Fortschrëtter gemaach huet (dräi vu fënnef Kriibserkrankungen kënnen haut geheelt ginn), et stierwen allerdéngs nach ëmmer ze vill Leit un dëser onbaarmhäerzeger Krankheet.

Fir de Kriibs nach mei resolut ze bekämpfen, muss d’Fuerschung aktiv vu jidderengem ënnerstëtzt ginn. De Sënn an Zweck vum Télévie Lëtzebuerg ass et, fir d’Recherche géint de Kriibs a speziell d’Leukämie virun ze bréngen.

Säit dem Joer 2002 konnte bis elo hei zu Lëtzebuerg iwwer 21 Milliounen Euro an d’Kriibsfuerschung investéiert ginn, dëst dank dausende vu Leit, déi sech fir den Télévie engagéieren.

Macht och Dir mat – Merci!

Wann Dir den Télévie duerch eng Aktivitéit wëllt ënnerstëtzen, dann mellt Iech bei der Gemeng 54 50 61 214 oder schreift e Mail op

Maacht matt! – Aktioun Télévie

Am Kader vum Télévie 2019 wäert d’Gemeng Schëffleng ee vun de fënnef “Centre de promesses nationaux” sinn. An dësem Kontext hunn d’Auteuren an d’Kënschtler Carine Cahen an Nico Bouché der Gemeng proposéiert ronn 20 Tableauen zur Verfügung ze stëllen, fir dës am Kader vum Télévie ze versteeën. Bei dësen Tableauen handelt et sech em Biller aus dem Kannerbuch “Chester a Flecki”. Dëst Buch hunn déi zwee Kënschtler gemeinsam publizéiert. Den Erléis vun dëser Stee fléisst integral un Télévie.

De Verlaf vun der Stee

D’Tableaue mam “Chester a Flecki” ginn de Moment an der Gemeng ausgestallt. Mir invitéieren Iech also häerzlech op d’Gemeng laanscht luussen ze kommen an dës flott d’Tableauen ze entdecken. Wann dir fir een, oder souguer méi vun dësen Tableaue wëllt eng Offer of ginn, da kënnt dir dës sur Place op der Gemeng maachen. Heifir leien Ziedelen bereet, déi Dir an eng Urn, um 1. Stack vun der Gemeng kënnt ageheien.

De minimal Präis fir déi kleng Tableaue läit bei 50€, fir déi grouss Tableaue bei 100€. Den Tableau gëtt un déi Persoun verkaf, déi am meeschte bitt. Am Fall, dass ob een Tableau méi Persounen de selwechte Präis bidden, mécht d’Gemeng en “tirage au sort”, dëst natierlech ënnert der Opsiicht vun engem Huissier de justice.

Déi definitiv Keefer gi beim offizielle Lancement vum Télévie, den 1. Dezember 2018, annoncéiert.

Kommt also laanscht a maacht mat, fir de gudden Zweck. Mir géingen eis freeën!

D’Buch vum “Chester a Flecki” kritt Dir op der “Bicherwoch” an der Gemeng Schëffleng (Salle Grand-Duc Jean) ze kaafen.

             

Den Owend vun der Présentatioun vum Buch « Chester a Flecki »

                                                                                                                                                           

TÉLÉVIE 2019: Schëffleng ass Centre de promesse

D’Gemeng Schëffleng ass offiziell Centre de promesse fir den TÉLÉVIE 2019. Fir dëser grousser Verantwortung gerecht ze ginn huet d’Gemeng Schëffleng op eng éischt Reunioun mat de lokale Veräiner an natierlech der Equipe vum TÉLÉVIE invitéiert. Bei dëser Geleeënheet gouf och de Nico Rehlinger als President vum neien Organisatiounscomité virgestallt.

Duerno hunn d’Diane Wunsch an de Patrick Greis an enger flotter Presentatioun de Leit den Oflaf erkläert an hier Erfarungen aus de vergaangenen Joren gedeelt. D’Coordinatrice vum TÉLÉVIE huet och präziséiert, dass entretemps déi gesammelt Suen net méi nëmmen an d’Fuerschung géint de Kriibs bei de Kanner geet, mee insgesamt an d’Fuerschung géint de Kriibs. An dësem Zesummenhang wäert och zu engem spéideren Zäitpunkt eng Informatiounsversammlung stattfannen, wou d’Madame Wunsch zesummen mat engem Dokter den interesséierten Leit Detailer erkläert wou d’Suen vum TÉLÉVIE 2019 wäerten hifléissen.

Insgesamt wuar déi Schëfflenger Veräinswelt gutt vertrueden an se hunn och scho hier Ënnerstëtzung zougeséchert.

    

Télévie 2018

Den 20. Abrëll hat de Schäfferot an Zesummenaarbecht mat der lokaler Jugendkommissioun op en Gala Dinner zu Gonschte vun der Aktioun „Télévie 2018“ agelueden a konnt e grousse Succès vermellen. Schnell war dësen Owend ausverkaaf.

De Schëfflenger Kach, Guy Kohnen, deen schonn des Ëfteren  um Fernseh seng Kachkonscht bewisen huet, war fir de kulinaresche Genoss zoustänneg a konnt mat sengem Menü iwwerzeegen.

Eng 80 Leit hunn e flotten Owend zesumme verbruet an d’Membere vun der Jugendkommissioun, déi fir de Service zoustänneg waren, haten all Hänn voll ze dinn.

D’Gemeng Schëffleng stellt domat op e Neits hir Solidaritéit vis-à-vis vun de kriibskranke Leit ënner Beweis an ënnerstëtzt Kriibsfuerschung hei zu Lëtzebuerg.

D’Gemeng Schëffleng gëtt der Hoffnung eng Chance!

D’Gemeng Schëffleng wëll och vun dëser Geleeënheet profitéieren fir dem Marie-Anne Maroldt a senger ganzer Equipe aus dem Club Haus „Beim Kiosk“ Merci ze soen fir hir Ënnerstëtzung an Hëllef wärend dem ganzen Owend.

D’Gemeng Schëffleng bleift dem Télévie trei. Dat nächst Joer soll zu Schëffleng e „Centre de Promesse“ installéiert ginn an eng Hellewull vun Aktivitéiten oflafen, dat an Zesummenaarbecht mat den kommunalen Kommissiounen an de lokalen Veräiner.

                                        

Scheckiwwerreechung zu Gonschte vun TELEVIE

Vum 1. bis den 9. Abrëll 2017 hat de Schäfferot, op Initiativ vun der Kënschtlerin Mireille Fischer op eng Konschtausstellung an d’Galerie d’Art vum Syndicat d’Initiative invitéiert.

Die stolz Zomm vun 3.865.- Euro,  die duerch Verkafe vun de Biller a Bastelaarbechten zesumme komm war, war vun de Kënschtler integral un d’Aktioun TELEVIE gespent ginn.

An der Sitzung vum 8. Mee 2017 huet de Gemengerot festgehalen sech der luewenswäerter Initiative vun de Kënschtler unzeschléissen an huet eestëmmeg en Don vu 5.000.- Euro fir d’Aktioun Télévie gestëmmt.

De 15.06.2017 hat de Schäfferot Coordinatrice vun der Aktioun Télévie, Madame Diane Wunsch,  invitéiert fir hir a Präsenz vun all de Kënschtler die bei der Ausstellung matgemaach haten e Schëck vu 5.000.- Euro ze iwwerreechen.

Folgend Kënschtler haten ausgestallt:

Art Libre, Atelier Kléiblat, Club Haus beim Kiosk, Dany Jacoby-Bausch, Elsa Gengler,  d’Associatioun Fläisseg Hänn, Joëlle Calisti, Kanner vum Kur « Art à l’école », Marcel Bombardella, Mireille Fischer, Nadine Bertrang-Thinnes, Robert Kieffer, Schëfflenger Kannerheemer