23.04.2018

Télévie 2018

Den 20. Abrëll hat de Schäfferot an Zesummenaarbecht mat der lokaler Jugendkommissioun op en Gala Dinner zu Gonschte vun der Aktioun „Télévie 2018“ agelueden a konnt e grousse Succès vermellen. Schnell war dësen Owend ausverkaaf.

De Schëfflenger Kach, Guy Kohnen, deen schonn des Ëfteren  um Fernseh seng Kachkonscht bewisen huet, war fir de kulinaresche Genoss zoustänneg a konnt mat sengem Menü iwwerzeegen.

Eng 80 Leit hunn e flotten Owend zesumme verbruet an d’Membere vun der Jugendkommissioun, déi fir de Service zoustänneg waren, haten all Hänn voll ze dinn.

D’Gemeng Schëffleng stellt domat op e Neits hir Solidaritéit vis-à-vis vun de kriibskranke Leit ënner Beweis an ënnerstëtzt Kriibsfuerschung hei zu Lëtzebuerg.

D’Gemeng Schëffleng gëtt der Hoffnung eng Chance!

D’Gemeng Schëffleng wëll och vun dëser Geleeënheet profitéieren fir dem Marie-Anne Maroldt a senger ganzer Equipe aus dem Club Haus „Beim Kiosk“ Merci ze soen fir hir Ënnerstëtzung an Hëllef wärend dem ganzen Owend.

D’Gemeng Schëffleng bleift dem Télévie trei. Dat nächst Joer soll zu Schëffleng e „Centre de Promesse“ installéiert ginn an eng Hellewull vun Aktivitéiten oflafen, dat an Zesummenaarbecht mat den kommunalen Kommissiounen an de lokalen Veräiner.