Posts Tagged: don

Schweesse fir de gudden Zweck

D’Personal vun der Piscine Sauna vu Schëffleng invitéieren Iech vum 13.03.2019 bis den 30.03.2019 op Kuch, Taart a Burek, déi Dir bei hinnen ze kafe kritt.

Nom Schweessen an der Sauna kënnt Dir Iech den Dessert gutt schmaache loossen.

Den Erléiss vun dëser Aktioun geet un den Télévie.

Dir kënnt awer och, pro Opgoss beim Saunagang, eng kleng Spent maachen, déi dann integral un den Télévie iwwerwise gëtt.

Benefizmatch

De « Match amical entre les anciens joueurs de football, ayant joué lors de la fusion des deux clubs de football de Schifflange en 1995 » gëtt organiséiert vum FC SCHIFFLANGE 95, den 13. Abrëll 2019 um 17h um Terrain 2, rue du Parc L-3872 Schëffleng.

En Deel vum Erléiss vun der Organisatioun gëtt un Télévie gespent.

Méi Infoe fannt Dir hei!

Bëschcrèche mat Häerz

D’Personal vun der Schëfflenger Bëschcrèche, 38, rue du Parc L-3872 Schëffleng, invitéiert de 26.03.2019 vun 12:00 Auer bis 14:00 Auer, op hiert Zoppefest, um Kiosk am Bësch.
En Deel vum Erléis vum Fest geet un den Télévie.

Déi kleng Bëschzwergen hunn och, mat Hëllef vun deene grousse Bëschzwergen, Häerzer gebitzt an Zündien fir de Kamäin gemaach, déi si an der Bëschcrèche verkafen.
Den Erléis vun dëser Aktioun geet integral un den Télévie.

Schwamme fir de gudden Zweck

Vum 06.03.2019 bis den 30.03.2019 kënnt Dir fir den Télévie an der Schëfflenger Piscine, Centre Sportif, 12, rue du Parc L-3872 Schëffleng schwammen.

All Mëttwoch an all Freide vu 16:00 Auer bis 18:00 Auer, a samschdes de ganzen Dag, ass e « Couloir de Natation » fir dës Aktioun reservéiert.

Fir all Längt, déi an dësem Couloir geschwomme gëtt, engagéiert de Schwëmmer sech mat 0,20€ un der Spendenaktioun fir den Télévie.

Merci am Viraus fir Äert Engagement.

Audition Conservatoire Esch

De Comité vum Télévie invitéiert all Bierger ganz häerzlech op d’Auditioun vun de Schüler aus dem Conservatoire vun Esch/Uelzecht en Donneschden, de 7. Mäerz um 18:00 Auer am Sall Grand-Duc Jean vun der Schëfflenger Gemeng.

Kommt laanscht a lauschtert déi jonk Talenter, déi hei optrieden.

LASEP: Semaine de la Solidarité

D’Schëfflenger Sektioun vun der LASEP organiséiert wärend der Woch vum 25.03.2019 bis den 29.03.2019 d’Semaine de la Solidarité pour le Télévie.

D’Kanner kënnen déi Woch an hire Sektiounen en « Don » fir den Télévie maachen.

Konferenz zum Thema « Kriibsfuerschung »

Sensibiliséierungs- an Informatiounskonferenz zum Thema « Kriibsfuerschung » mat der Dr. Simone Niclou.

Si fuerscht um „Luxembourg Institute of Health“ (www.lih.lu) am ‘Département d’Oncologie‘ an ass spezialiséiert op Gehirkriibs. Si erkläert woufir d’Sue vum Télévie agesat ginn a wat et mat deene neisten Entwécklungen an der Kriibsfuerschung op sech huet.

D’Konferenz ass mëttwochs, de 6. Mäerz ëm 19.00 Auer an der Salle Grand-Duc Jean vun der Gemeng.

Den Entrée ass fräi.

Concert mam David Ianni

De Comité vum Télévie huet déi grouss Freed Iech op e

Concert mam David Ianni

z’invitéieren

De Pianist a Kompositeur David Ianni komponéiert extra een Stéck fir den Centre de Promesses Télévie vun Schëffleng. Als Schëfflenger wëllt hien heimadder senger aler Heemecht gedenken awer och d’Kriibsfuerschung ënnerstëtzen.

D‘Première vun dësem Stéck gëtt Sonndes den 3. Mäerz ëm 17.00 Auer an der Salle Grand-Duc Jean vun der Gemeng Schëffleng opgefouert. Den Entrée ass 12.- € fir déi Erwuessen an 7.- € fir Schüler an Studenten, déi integral un den Télévie ginn.

Concert mat de Krunnemécken

De Schëfflenger Geschäftsverband invitéiert op de Concert mat de Krunnemécken, den 02.03.2019

an der Millen, dem Restaurant El Molino, 1, rue du Moulin L3857 Schëffleng.

D’Entrée vu 5€ gëtt integral un Télévie iwwerwisen. Bei flotter Lëtzebuerger Musek kritt Dir Chilli Con Carne servéiert (12,50€).

Reservéiere kënnt Dir bis de 26.02.2019 am Restaurant « El Molino » beim Julia um tél. 26 53 25 85 oder iwwer mail :

   

Hierkefest

D’Club Haus beim Kiosk organiséiert den 28.02.2019 en « Hierkefest ».

Um Menü stinn, Zopp, Hierken oder Brot, Kaffie an Taart.

De Menü kascht 29,00 Euro pro Persoun, wouvunner 3,00 Euro un den Télévie gespent ginn.Den Erléiss vun der Tombola geet och integral un Télévie.

Ufank um 12:00 Auer

Umellen kënnt Dir Iech am Club Haus beim Kiosk, bei der Mme Marie-Anne Maroldt um Telefon 26 54 04 92.

Fir dat Ganzt an entspaanter a gudder Ambiance ze verbréngen, suecht den Jeannot Conter mat flotter Musek.