Hobbymoart 2024

LU

Fir wanterlech Stëmmung huet den traditionellen Hobbymoart zu Schëffleng de Weekend vum 30. November an 1. Dezember 2024 gesuergt.

Hobbykënschtler·innen hunn hir schéinste Wierker an Aarbechten ausgestallt an d’Leit konnte schonn deen een oder anere Chrëschtdagskaddo fir hir Léifst hei fannen. Vu faarwege Bijouen iwwert selwer gebitzte Kleeder bis hin zu metalle Skulpturen a Konterbontes zur Wanterzäit, war alles dobäi.

Solidaritéit war wéi ëmmer grouss geschriwwe beim Hobbymoart an esou waren och eng Hand voll Infostänn zu deene verschiddensten Theme vertrueden an e groussen Deel vun de Suen, déi era komm sinn, goufe fir karitativ Zwecker gespent.

E Merci geet un eis Veräiner, déi sech um Food Village bedeelegt hunn a wärend dem ganze Weekend fir richteg leckert Iessen a Gedrénks gesuergt hunn.

D’Fotoe vum Hobbymoart fannt dir an eiser Galerie.
Video-Reportage vun der AMCIS

 

FR

Le traditionnel Hobbymoart de Schifflange a créé une ambiance hivernale le weekend du 30 novembre au 1er décembre 2024 au Hall Polyvalent.

Plusieur·e·s artistes et amateur·ice·s créatifs·tives ont exposé leurs plus belles œuvres et réalisations. Les visiteurs ont pu en profiter et trouver l’un ou l’autre cadeau de Noël pour leurs proches.

Comme d’habitude, la solidarité a été un aspect important du Hobbymoart. C’est pour cela que des stands d’information sur les sujets les plus divers ont été mis en place. Les visiteurs ont eu l’opportunité de s’informer et de s’impliquer activement pour la bonne cause.

Merci aux associations qui ont participé au Food Village et qui avaient préparé de délicieux plats salés et sucrés et des boissons chaudes pendant tout le weekend.

Retrouvez les photos de Hobbymoart dans notre galerie.
Reportage vidéo de l’AMCIS

 

DE

Der traditionelle Hobbymoart in Schifflingen hat am Wochenende vom 30. November bis 1. Dezember 2024 eine winterliche Atmosphäre im Hall Polyvalent geschaffen.

Mehrere Künstler·innen und kreative Hobbybastler·innen haben ihre schönsten Werke und Kreationen ausgestellt. Die Besucher konnten die winterliche Atmosphäre genießen und das eine oder andere Weihnachtsgeschenk für ihre Liebsten finden.

Wie gewohnt war die Solidarität ein wichtiger Aspekt des Hobbymoart. Deswegen wurden Informationsstände zu den unterschiedlichsten Themen eingerichtet. Die Besucher hatten die Möglichkeit, sich zu informieren und sich aktiv für einen guten Zweck zu engagieren.

Danke an die Verbände, die am Food Village teilgenommen haben und während des gesamten Wochenendes köstliche, herzhafte und süße Gerichte sowie heiße Getränke zubereitet haben.

Sehen Sie sich die Hobbymarktfotos in Galerie an.
Videobericht von der AMCIS

 

Hobbymoart 2024

Hobbymoart 2024 – Les inscriptions sont ouvertes

FR

Les 30 novembre et 1er décembre 2024, se tiendra notre traditionnel « Hobbymoart » au Hall Polyvalent. Cette année encore, nous souhaitons proposer aux visiteurs de nombreux stands créatifs. Comme d’habitude, le Hobbymoart ouvrira ses portes le samedi et le dimanche de 12:00 à 18:00 heures.

Il est donc temps de s’inscrire via notre formulaire en ligne en bas de page.

Informations importantes :

  • La priorité sera donnée aux citoyens(ennes) schifflangeois(es), puis un tirage au sort déterminera à quel exposant reviendront les stands restants.
  • La confirmation de votre participation vous parviendra pour le 15 octobre au plus tard.
  • La date limite d’inscription est le 30 septembre 2024.

Venez nombreux !

LU

Eisen traditionellen Hobbymoart fënnt den 30. November an den 1. Dezember 2024 am Hall Polyvalent statt. Mir wëllen och dëst Joer erëm eng Hellewull u kreative Stänn ubidden. Wéi gewinnt wäert den Hobbymoart Samschdes a Sonndes vun 12:00 bis 18:00 Auer seng Dieren opmaachen.

Et ass elo esou lues un der Zäit fir Iech via eisen Online-Formulaire ënnen op der Säit unzemellen.

Wichteg Informatiounen:

  • Prioritéit geet un d’Schëfflenger Bierger(innen) an déi reschtlech Stänn ginn ausgeloust
  • D’Bestätegung vun Ärer Participatioun gëtt Iech bis spéitstens de 15. Oktober geschéckt.
  • De leschten Umeldungdag ass den 30. September 2024.

Mir freeën eis op Iech!

 

Hobbymoart 2022

Den 19. an 20. November 2022 ass am Hall Polyvalent nees « Hobbymoart » ugesot. Hei kënnt Dir dëst Joer erëm eng Hellewull u Stänn kucke kommen, déi Alles ronderëm d’Festlechkeeten vun Enn des Joers ubidden.

D’Diere sinn op samschdes a sonndes vun 12.00 – 18.00 Auer.

Baussen um Parking ass e Food-Village, dee fir Iessen a Gedrénks suergt.

 

Flotte Weekend mat den Hobbybastler

De 27. an 28. November 2021 konnt endlech erëm en Hobbymoart zu Schëffleng stattfannen. Hei hunn insgesamt 32 Fräizäitkënschtler hir schéinste Wierker ausgestallt a bei 2 Informatiounsstänn vu SOS Faim a Fairtade Lëtzebuerg konnten d’Visiteure sech informéieren, a wa si wollten, sech fir e gudden Zweck engagéieren.

Am Kader vun der gewinnter ‘Ronde officielle’ hunn de Buergermeeschter Paul Weimerskirch an de President vun der Kultur-, Sport- a Fräizäitkommissioun Yves Marchi de ville Leit, déi do ware Merci gesot. Zesumme mam Schäffen- a Gemengerot hu si sech doropshin e Bild vun deene ville Konschtwierker gemaach.

Niewend den Hobbybastler waren och eng ganz Partie Experte vun de « Stammdëschfrënn Spur 0 » zum Thema Modelleisebunn um Wierk an hunn de Leit hir beschte Maschinne gewisen.

Eng Rei Schëfflenger Veräiner hu wärend dësem Weekend fir d’Iessen an d’Gedrénks gesuergt.

32. Editioun vum Hobbymoart

Dëse Weekend fënnt am Hall Polyvalent déi 32. Editioun vum Schëfflenger Hobbymoart statt. Organiséiert gëtt dëse Moart, deen haaptsächlech am Zeeche vun de Feierlechkeeten Enn des Joers steet, vum Schäfferot an Zesummenoarbecht mat der Kultur-, Sport- a Fräizäitkommissioun. Parallel zum Moart kënnt Där och nees eng flott Zuchausstellung an der Hal vum Dëschtennis besichen.

Niewend 35 Stänn vun den Hobbyaussteller suergen och fënnef Veräiner fir ee gudde Maufel an eppes ze drénken.

 

Wou? Hall Polyvalent an der rue Denis Netgen.

Wéini? Samschden, 27. November an de Sonnden 28.November 2021 jeeweils vun 12.00 bis 18.00 Auer.

 

Dëst ass ee CovidCheck Event.