26.11.2021

32. Editioun vum Hobbymoart

Dëse Weekend fënnt am Hall Polyvalent déi 32. Editioun vum Schëfflenger Hobbymoart statt. Organiséiert gëtt dëse Moart, deen haaptsächlech am Zeeche vun de Feierlechkeeten Enn des Joers steet, vum Schäfferot an Zesummenoarbecht mat der Kultur-, Sport- a Fräizäitkommissioun. Parallel zum Moart kënnt Där och nees eng flott Zuchausstellung an der Hal vum Dëschtennis besichen.

Niewend 35 Stänn vun den Hobbyaussteller suergen och fënnef Veräiner fir ee gudde Maufel an eppes ze drénken.

 

Wou? Hall Polyvalent an der rue Denis Netgen.

Wéini? Samschden, 27. November an de Sonnden 28.November 2021 jeeweils vun 12.00 bis 18.00 Auer.

 

Dëst ass ee CovidCheck Event.