Hobbymoart 2022

Den 19. an 20. November 2022 ass am Hall Polyvalent nees « Hobbymoart » ugesot. Hei kënnt Dir dëst Joer erëm eng Hellewull u Stänn kucke kommen, déi Alles ronderëm d’Festlechkeeten vun Enn des Joers ubidden.

D’Diere sinn op samschdes a sonndes vun 12.00 – 18.00 Auer.

Baussen um Parking ass e Food-Village, dee fir Iessen a Gedrénks suergt.