29.11.2021

Flotte Weekend mat den Hobbybastler

De 27. an 28. November 2021 konnt endlech erëm en Hobbymoart zu Schëffleng stattfannen. Hei hunn insgesamt 32 Fräizäitkënschtler hir schéinste Wierker ausgestallt a bei 2 Informatiounsstänn vu SOS Faim a Fairtade Lëtzebuerg konnten d’Visiteure sech informéieren, a wa si wollten, sech fir e gudden Zweck engagéieren.

Am Kader vun der gewinnter ‘Ronde officielle’ hunn de Buergermeeschter Paul Weimerskirch an de President vun der Kultur-, Sport- a Fräizäitkommissioun Yves Marchi de ville Leit, déi do ware Merci gesot. Zesumme mam Schäffen- a Gemengerot hu si sech doropshin e Bild vun deene ville Konschtwierker gemaach.

Niewend den Hobbybastler waren och eng ganz Partie Experte vun de « Stammdëschfrënn Spur 0 » zum Thema Modelleisebunn um Wierk an hunn de Leit hir beschte Maschinne gewisen.

Eng Rei Schëfflenger Veräiner hu wärend dësem Weekend fir d’Iessen an d’Gedrénks gesuergt.