Posts Categorized: Actualités

Concert vum « The Random Trio »

„Eine Reise mit origineller Musik durch unsere verschiedenen Kulturen“ sou war de Concert vum „Le RANDOM Trio“ iwwerschriwwen an de Concert huet och daat versprach wat den Titel ausgedréckt huet.

Daliah Scholl, Flütt, Judith Lecuit, Cello a Romain Hoffmann um Piano hunn net enttäuscht an hunn mat hiren ausgewielte Stécker voll den Nerv vun de Leit getraff.

             

Soirées de discussion (Plan Communal à l’Intégration)

Soirée thématique «L’intégration par l’éducation, la participation sociale et politique, Le logement, le travail »

Mesdames, Messieurs,

La Commune de Schifflange en collaboration avec Le Ministère de la Famille, de l’intégration et à la Grande Région et le CEFIS (Centre d’étude et de formation interculturelles et sociales) a décidé en 2019 de réaliser un diagnostic de l’intégration en vue d’établir un Plan Communal d’intégration.

L’objectif est de dresser un état des lieux de la politique d’intégration de notre Commune, de sa diversité culturelle et des différentes nationalités afin de développer des actions cohérentes qui répondent à des besoins réels pour favoriser le vivre ensemble à Schifflange. Cela permettra également d’élaborer une approche globale de l’intégration couvrant de nombreux domaines tels que Le bien-être, l’éducation, La mobilité, Le logement et la culture.

Afin de pouvoir échanger en profondeur avec vous sur la diversité culturelle et le vivre ensemble dans notre Commune, nous avons l’honneur de vous inviter à une deuxième soirée thématique d’échange « L’intégration par l’éducation, la participation sociale et politique, le logement et Le travail», animée par le CEFIS et qui aura lieu

le jeudi, 5 décembre 2019 à 19.30 heures dans la salle Grand-Duc Jean à l’Hôtel de Ville de Schifflange.

Votre participation est essentielle pour garantir une qualité de vie élevée ainsi que le bien commun à tous les citoyens à Schifflange.

En cas d’intérêt, vous voudrez bien confirmer votre participation en envoyant un mail à .

Dans l’espoir de vous accueillir, nous vous prions d’agréer, Mesdames, Messieurs, l’expression de nos sentiments distingués.

Concert « Luxembourg Tuba Consortium »

E Samschden de 16. November 2019 huet en aussergewéinlechen an androcksvolle Concert vum « Luxembourg Tuba Consortium » an der Gemeng stattfonnt. Op deem villsäitege Programm stounge Klassesch Stécker vum Mozart a vum Liszt, mee och Ënnerhale Musek, wéi déi ABBA. Et war fir jiddereen eppes dobäi.

Mer soen dem „Luxembourg Tuba Consortium“ villmools Merci an hoffen, dass si an Zukunft nach vill Concerten an eiser Gemeng spille wäerten!

Soirée des lauréats 2019

Och 2019 ginn nees d’Laureaten, déi zwëschen der Zäitspan vum 1. Juli 2018 bis den 1. Juli 2019 Grousses geleescht hunn, geéiert. Eisen Owend, wou all Schëfflenger häerzlech invitéiert ass fir zesummen déi lokal Lauréaten ze feieren, fënnt de Mëttwoch, 20. November 2019 ab 19.00 Auer am Hall polyvalent statt.

Fir eng ofwiesslungsräich Ënnerhalung wäert och ee « special guest » suergen, deen mer extra fir dësen Owend afléie loossen!

Hei e puer Impressiounen vun 2018…

         

Fermeture de la piscine

Nous vous informons que la piscine sera exceptionnellement fermée

les 23 et 30 novembre 2019

MERCI pour votre compréhension

De Kleeschen kënnt op Besuch

Am Kader vum Niklosmoart

Den 30. November an 1. Dezember 2019

virum Hall Polyvalent, huet sech

héije Besuch ugekënnegt.

Den 1. Dezember kënnt de Kleeschen op Besuch.

Dofir ginn mär all den Elteren mat hire Kanner Rendezvous um 15:30 Auer beim Hall Polyvalent,

wou den hellegen Mann vum Schäffen– a Gemengerot begréisst gëtt.

Duerno verdeelt hien zesummen mat den Leit vum Geschäftsverband un d’Kanner eng flott Tiitchen mat dem Buch « Liddereg wéi Mëscht », wou et nees ëm Transfair-Thematik geet an ëm Kanneraarbecht.

St. Nicolas en visite à Schifflange

Rendez-vous le 1er décembre 2019 à 15.30 heures au Hall Polyvalent

Flott Ausstellung vun Modelleisebunnszich

De Schäfferot zesummen mat den « Stammdechfrënn Blechzuch Spur 0 » invitéieren op hir Ausstellung vun Modelleisebunnszich ënnert dem Motto

« Modell- Spielzeugeisenbahnen von gestern und heute »

am Hall Polyvalent.

D’Ausstellung ass zu folgenden Zäiten op:

Freides, den 29.11. vun 14:00-19:00 Auer

Samsdes, den 30.11. vun 10:00-19.00 Auer

Sonndes, den 01.12. vun 10:00-17.00 Auer

Stammdechfrënn fréen sech op äre Besuch a ginn gären weider Informatiounen!

                                                                 

31. Editioun vun der Hobbyausstellung

D’ Gemeng Schëffleng an hir Kultur-, Sport- a Fräizäitkommissioun, zesumme mat enger Rei Hobbykënschtler invitéieren op déi

31. Editioun vun der Hobbyausstellung

e Samschden, den 23. an e Sonnden de 24. November 2019

vun 14.00 bis 18.00 Auer

am Hall Polyvalent

Folgend Hobbykënschtler maache mat a freeën sech op Äre Besuch:

Atelier Kléiblat, Bertrang Nadine, Biver Elisabeth «Jeunes pour un monde uni », Boentges Carine, Brachmann Patricia, Courtoy Jérôme «Fairtrade Schifflange », Disiviscour Ingrid, Dondlinger Gaby, Drulang Jill, Enders Brigitte, Engelberg Marthy, Even-Ries Eliane, Fancelli-Kongs Nicole, Feyereisen Jeanny, Fiedler Elfie, Fiedler Christine, Fonzi-Zwank Chantal, Frings Chantal & Steffen Sonja, Girsch-Peffer Marcelle, Goergen Mireille, Gross Cathy, Heitz Andrée, Karp Patrick, Klein Marie-Louise, Kremer Violette, Lickes Anny, Liesenbein Marie-France, Long-Feller Carine, Mathieu Nadine, Meyer Christiane, Picco Tania, Reiffer Marcel, Sagramola Manon, Schenten-Reckinger Paulette, Scheuren Marie-Paule, Scheuren Nathalie, Schwarz Sonja, Schweickart-Stein Anne, Tralcio Vittoria, Volz-Müller Nicole « Un coeur à tout moment« , Walch Justine & Werynska Anya, Wegner Isabelle & Wegner – Michels Monique, Wegner René, Weimerskirch Maryse & Goldmann Nathalie & Menster Manuela, Weis-Faber Sylvie, Zwally Nathalie

De ganzen Weekend ginn Bastelaktivitéiten fir eis méi kleng Visiteuren ugebueden!

Fir Iessen a Gedrénks ass natierlech och gesuergt.

         

Nationalen Dag vum Bam

Den 9. November 2019 huet d’Gemeng Schëffleng am Kader vum « Nationalen Dag vum Bam » 99 Beem ugeplanzt.

    

All Bam steet stellvertriedend fir eng vun deenen 99 Nationalitéiten aus där sech déi Schëfflenger Populatioun zesummensetzt.

        

Dëse « Natiounewee » symboliséiert an ënnersträicht daat friddleccht Zesummenliewen vun alle Schëfflenger, onofhängeg vun hirer Kultur, Relioun oder Nationalitéit