01.09.2021

Streikgedenkfeier – Aussergewéinlechen Dag an aussergewéinlechen Zäiten

Den 31. August 2021 huet de Schäffen- a Gemengerot am klenge Krees den Affer vum Generalstreik vun 1942 geduecht, dëst a Presenz vu Vertrieder vun der Ligue Luxembourgeoise des Prisonniers et Déportés politiques (LPPD), den Enrôlés de force, dem Syndicat d’Initiative et de Tourisme (S.I.T), de Gewerkschaften a FerroForum. Mat der Kranznidderleeung zu Esch/Schëfflenger Schmelz (Portal Lalleng) hunn d’Festivitéiten ënnert der Regie vun der Amicale Schmelzaarbechter-Musée a ronderëm de Präsident Alain Günther den Ufank gemaach. Dono ass et beim Monument op der Fräiheetsplaz zu Schëffleng weidergaangen, a genau ewéi virun 79 Joer, wou d’Aarbechter zum Streik opgeruff gi sinn, ass um Punkt 18:00 Auer d’Sireen gaangen.

A senger Usprooch betount de Buergermeeschter Paul Weimerskirch, datt mir d’nächst Joer d’Commermoratioun vun den 80 Joer nom Generalstreik feieren an datt mir zesumme mat de Resistenzorganisatiounen, mat de Kolleege vun der Amicale Schmelzaarbechter a mat FerroForum dowéinst eng würdeg Festivitéit op d’Been stelle wäerten.

Zum Schluss geet den Här Buergermeeschter drop an, datt mir ni vergiesse sollen, wat geschitt ass, déi Leit éiere wëllen, déi sech fir Fridden a Gerechtegkeet staark gemaach hunn a sech virun An halen, datt Näischt op dëser Welt selbstverständlech ass, scho guer net de Fridden an d’Gerechtegkeet.

Ried vum Buergermeeschter Paul Weimerskirch
(Et gëllt dat geschwate Wuert!)

an hei e flotten Filmreportage vun den Feierlechkeeten an eiser Gemeng

an zu Lalléng