08.09.2021

Déplacement du monument

Eist Monument, dat den Affer vum 2. Weltkrich gedenkt, kritt eng nei Plaz.

Säit dem 7. September 2021 ass eng speziell Firma mat dem Ofbau amgaang. Stéck fir Stéck gëtt elo dat historescht Monument propper verpak a prett gemaach fir den Transport. Ab dem 20. September gëtt et dann e puer Meter weider – an deem fonkelneie Park « Léonie Koullen » (rue de Drusenheeim) – nees opgebaut.