03.08.2021

Dräi nei Gefierer fir eis Gemengeservicer

Den 2. August 2021 huet de Schäfferot  offiziell dräi  nei Gefierer  iwwerreecht kritt:

Heibäi handelt et sech ëm:

  • Mercedes Unimog fir eise „Service transport“ .

Dëst Gefier kënnt haaptsächlech de Wanter an den Asaz  (285.000.-)

 

  • Toyota RAV4 Hybrid fir de „Service Regie“  (39.400.-)
  • Mercedes Sprinter fir de „Service circulation“ (114.000.-)

 

Dëst mécht en Investissement vu 438.400.- € déi am Budget 2020 an 2021 virgesi waren.

Nodeem de Buergermeeschter Paul Weimerskirch a Präsens vun de Schäffen Albert Kalmes, Marc Spautz a Carlo Lecuit  d’Schlëssele  vun de fonkelneie Gefierer kritt huet, huet hien des direkt un di dréi Chauffere weiderginn.