Am Kader vum Nationalfeierdag fënnt mëttwochs, den 21.06. eng akademesch Sëtzung an der “Salle Grand-Duc Jean” vun der Gemeng statt.
Där kënnt des ab 19.00 Auer via Livestream op eisem Site suivéieren
Mär wënschen Iech all elo schon e ganz schéinen Nationalfeierdag
VIVE DE GRAND-DUC, VIVE LËTZEBUERG A VIVE D’SCHËFFLENGER GEMENG
Programm vun der akademescher Sëtzung am Kader vum Nationalfeierdag 2023
- Musikaleschen Intermezzo: Blo Blimmchen gesongen vun eisen dräi Choralen
- Begréissung vum Buergermeeschter Paul Weimerskirch
- Musikaleschen Intermezzo: Mir si glécklech
- Interventioun vun zwee Jonker aus dem Jugendhaus –
dem Billy Lorang a Brian Parisot - Interventioun vun der Präsidentin vum Syndicat d’Initiative Esther Zwank
- Musikaleschen Intermezzo: Wat d’Heemecht ass
- Interventioun vun der Studentin aus dem Schëfflenger Konschthaus Pia Pistrino
- Éierung vun engem verdéngschtvolle Mataarbechter
- Ried vum Buergermeeschter
Europahymn (L.v Beethoven) a Nationalhymn (E.Zinnen)