LU
De 17. Oktober 2022 huet de Schäfferot all déi Leit op en Iessen invitéiert, déi maassgeeblech zum Erfolleg vun der 30. Editioun vum “European Peoples’ Festival” an insgesamt déi 3. Editioun zu Schëffleng bäigedroen hunn. D’Oplag vun 2022 stoung ganz am Zeeche vun der europäescher Kulturhaaptstad Esch2022 an huet honnerte vu Leit op Schëffleng bruet, déi do vill Kultur an eng immens Ambiance erlieft hunn.
Bei dëser Geleeënheet hunn net nëmmen de Buergermeeschter Paul Weimerskirch, mee och de Präsident vun der Eurofestival asbl, Tim Holbach an natierlech de Präsident vum Organisatiounscomité, Roland Schreiner, alle Memberen an och Benevolle Merci gesot fir hir Aarbecht.
Hei fannt Där e puer Impressioune vun dësem flotten Ofschloss vun der Editioun 2022.
FR
Le 17 octobre 2022, le Collège des bourgmestre et échevins avait invité à un dîner de remerciement, qui s’adressait à toutes les personnes ayant contribué au succès de la 30e édition du “European Peoples’ Festival”. L’édition de 2022 s’est déroulée sous le signe de la Capitale européenne de la Culture Esch2202 et avait attiré des centaines de personnes à Schifflange.
Le bourgmestre a profité de l’occasion pour remercier tous les membres du comité d’organisation, les membres de l’association Eurofestival et toutes les personnes bénévoles. Le président du comité d’organisation, Roland Schreiner et le président de l’association Eurofestival, Tim Holbach, ont confirmé le message de remerciement du bourgmestre et ont souligné la bonne collaboration entre tous les acteurs.
Veuillez trouver les impressions de cette soirée ci-dessous.