22.03.2024

Trommele fir de Fridden!

FR

Malheureusement, en 2024, il y a encore trop de guerre, de violence et de terreur dans le monde. COLUPA (Coalition luxembourgeoise pour la paix / Province de Luxembourg / Wallonie) a appelé les écoles, les enfants et les jeunes à battre le tambour pour la paix le 21 mars 2024. Chaque école était invitée à mettre en place sa propre idée. L’important étant de respecter un moment précis de la journée. C’est dans cet esprit que tous les enfants de l’école Albert Wingert se sont réunis le 21 mars 2024 à 11.00 heures dans la cour de l’école et ont applaudi ensemble pour la paix.

Les thèmes de la guerre et de la terreur sont également régulièrement abordés dans la poésie. Il est donc également important de mentionner que cette initiative s’inscrit dans le cadre de la Journée mondiale de la poésie. En outre, l’initiative est soutenue par l’UNESCO et l’UNICEF et mise en œuvre dans plus de 60 pays.

LU

Och am Joer 2024 herrscht an eiser Welt leider ëmmer nach ze vill Krich, Gewalt an Terror. COLUPA (Coalition luxembourgeoise pour la paix / Province de Luxembourg / Wallonie) huet am Zeeche vum Fridden den 21. Mäerz 2024 Schoulen, Kanner a Jugendlecher dozou opgeruff zesumme fir de Fridden ze trommelen. All Schoul ka sech eng eegen Initiativ iwwerleeën, wéi se hir Iddi gestalten an ëmsetze wëllen, et ass just wichteg, dass sech hei un eng gewëssen Auerzäit gehale gëtt. An dësem Sënn hunn all d’Kanner vun der Albert Wingert Schoul sech um 11.00 Auer am Schoulhaff vun hirer Schoul getraff an all zesumme fir de Fridde geklappt.

Och d’Poesie setzt sech ëmmer erëm mat den Theme vum Krich an Terror auserneen. Dofir ass et och wichteg ze erwänen, dass des Initiativ am Kader vum Weltdag vun der Poesie leeft. Ausserdeem gëtt dës Initiativ vun der UNESCO an der UNICEF ënnerstëtzt an an iwwer 60 Länner duerchgefouert.