19.03.2024

Réckbléck: Schëfflenger Poetry Slam

FR

En l’honneur de la Journée internationale des femmes, les responsables politique avaient tenté un nouveau concept.

En plus d’une manifestation plutôt classique le 8 mars, une représentation un peu plus exceptionnelle a eu lieu le 16 mars : un Poetry Slam par excellence ! Cela a été organisé en collaboration avec le Géisskan Kollektiv et le Schëfflenger Konschthaus. Tout à fait dans l’esprit du thème, le cadre classique de la galerie a également été un peu modifié pour cette soirée créative. Il en résultait une atmosphère conviviale qui invitait à s’asseoir et à écouter les exploits créatifs des slameurs.

Les 6 slameurs talentueux se sont tous penchés de près sur le thème de l’égalité dans leur style personnel. Parmi les 6 candidats, la moitié a été sélectionnée par le public pour la finale. Deux dames ont réussi à s’imposer en fin de compte : Franziska Peschel et Vongai Monica Mujakachi étaient les gagnantes de la soirée. Bien que leurs interprétations étaient totalement différentes, elles ont chacune su convaincre le public par leurs performances. La soirée s’est terminée par un moment de plaisir culinaire. Dans la cour « Schëfflenger Haff », les visiteurs ont eu l’occasion de déguster un repas SPEKTAKULAR de Babas Fudtrak. Le repas ainsi que les boissons ont été offerts par la commune.

Un grand merci à tous ceux qui ont contribué d’une manière ou d’une autre à faire de cette soirée quelque chose de spécial.

 

LU

Am Kader vum internationale Fraendag haten d’Gemengeresponsabel dëst Joer eng ganz besonnesch Iddi.

Nieft engem méi konventionellen Event den 8. Mäerz gouf et dunn de 16. Mäerz eng méi aussergewéinlech Virstellung: e Poetry Slam vom Feinsten! Dëse gouf an Zesummenaarbecht mam Géisskan Kollektiv an dem Schëfflenger Konschthaus organiséiert. Passend zum Thema gouf dann och de méi klassesche Kader vun der Galerie fir dëse literareschen Owend e bësse verännert. Sou ass eng cozy Atmosphär kreéiert ginn, bei där een invitéiert gouf sech gemittlech Plaz ze huelen an de kreativen Exploit vun de Slamer*inne konzentréiert no ze lauschteren.

Déi 6 talentéiert Slammer*innen hunn sech all intensiv mam Thema vun der Gläichberechtegung auserneegesat an dëst an hirem perséinlechen an aussergewéinleche Stil erëm ginn. No enger 1. Ronn sinn 3 Slammer*innen an d’Finall gewielt ginn. Hei konnte sech zum Schluss d’Franziska Peschel an d’Vongai Monica Mujakachi zesummen duerchsetzen. Obwuel béid Interpretatiounen zum Thema komplett ënnerschiddlech waren, konnte si mat hire staarken Optrëtter d’Spectateure gläichermoossen iwwerzeegen. No spannenden an deels emotionale Slams vun den Artisten, konnt een den Owend nach mat enger kulinarescher Freed ofronnen. Sou hat ee virum Konschtaus am Schëfflenger Haff nach d’Chance SPEKTAKULAART Iesse vum Babas Fudtrak ze genéissen. D’Iessen an d’Gedrénks gouf de Visiteure vun der Gemeng offréiert.

E grousse Merci u jiddereen, deen u dësem aussergewéinlechen Owend bedeelegt war – egal ënnert wéi enger Form.