20.03.2024

Réckbléck: Grouss Fréijoersbotz 2024

FR

Le 16 mars 2024, la grande action de nettoyage a eu lieu à Schifflange !

En collaboration avec la Commission de l’environnement, la Commune de Schifflange avait lancé un appel qui a été suivi par de nombreuses bénévoles. Au total, 150 personnes se sont équipées – sous la pluie et le vent – sur le parking du Polyvalent de pioches, gants, gilets et sacs-poubelles avant de parcourir en petits groupes le village pour ramasser les déchets.

Les participants, dont de nombreux enfants, les jeunes pompiers, la Maison des Jeunes, mais aussi des membres du conseil communal et de diverses commissions, étaient au départ et ont nettoyé au mieux les trottoirs, la forêt et les pistes cyclables.

Au final, tous les déchets ramassés ont été collectés dans l’atelier communal, où l’on pouvait également se réchauffer avec une bonne soupe chaude.

Un grand merci à chaque petite et grande aide.

 

LU

De 16. Mäerz 2024 gouf zu Schëffleng nees drop lass gebotzt!

Zesumme mat der Ëmweltkommissioun huet d’Gemeng Schëffleng en Opruff gemaach, deem nawell vill Leit nokomm waren. Ganzer 150 Leit hu sech – bei Reen a Wand – um Parking vum Hall Polyvalent mat Picken, Händschen, Gileten an Tuten ekippéiert a sinn dunn a klenge Gruppen duerch d’Duerf Knascht oprafe gaangen.

D’Participanten, dorënner och vill Kanner, d’Jugendpompjeeën, d’Jugendhaus awer och Memberen aus dem Gemengerot an aus verschiddene Kommissiounen, waren um Start an hunn d’Trottoiren, d’Bësch- an d’Vëlosweeër sou gutt wéi méiglech propper gemaach.

Zum Schluss gouf de ganzen Offall am Gemengenatelier gesammelt, wou ee sech och mat enger gudder waarmer Zopp konnt opwiermen an ënnerhalen.

E grousse Merci un all kleng a grouss Hand fir d’Hëllef.

Hei nach den AMCIS-Reportage.

#mirsischëffleng

#schëfflengbotzt