Posts By: schifflange

Summer am Jugendhaus

LU

Wéi all Joers hunn och dëse Summer, an Zesummenaarbecht mam Schëfflenger Jugendhaus, d’Vakanzenaktivitéite fir Jonk (12-17 Joer) stattfonnt. Ob Dagesaktivitéiten oder Weekendtrips, et war vun allem a fir jiddereen eppes dobäi.

Wien aktiv an abenteuerlech ass, konnt een sech bei Aktivitéiten ewéi dem Wakeboarden, dem Kloterpark oder souguer enger Woch Adventure Days am Frankräich richteg austoben. Wien sech fir Kultur interesséiert an et éischter gemitterlech wollt ugoe loossen, war mat bis op Köln oder ass mam Train 1900 matgefuer. An déi kreativ Jonk konnten am Keramikatelier an dem Graffiti-Workshop weise, wat se kennen.

Bei dësen a villen aneren Aktivitéite konnten onvergiesslech Erënnerunge geschaaft ginn, déi d’Participanten, hier Elteren an d’Equippe aus dem Jugendhaus de vergaangene Freiden op der traditioneller Ofschlossfeier vun de Vakanzenaktivitéiten nach emol Revue passéiere gelooss hunn.

De ganzen Erfarungsbericht vum Jugendhaus wäert Dir am nächsten Newsmag kënne noliesen. An eiser Galerie fannt Dir awer elo schonn eng Rei Impressioune vun deem flotte Summer.

Informatiounen iwwert den Alldag am Jugendhaus an hier geplangten Aktivitéite fannt Dir op hirem Internetsite.

 

FR

Comme chaque année, les activités de vacances pour les jeunes (12-17 ans) ont eu lieu cet été en collaboration avec la Maison des jeunes de Schifflange. Qu’il s’agisse d’activités d’une journée ou d’excursions d’un week-end, il y en avait pour tous les goûts.

Les actifs et aventureux peuvent se défouler lors des activités comme le wakeboarding, au parc d’escalade ou même pendant une semaine en France et beaucoup plus. Les jeunes créatifs ont pu montrer ce dont ils étaient capables dans l’atelier de céramique et l’atelier de graffiti.

Ces activités et bien d’autres ont permis de créer des souvenirs inoubliables, que les participants, leurs parents et l’équipe de la maison des jeunes ont célébrés vendredi dernier lors de la traditionnelle fête de clôture des activités de vacances.

Vous trouverez des informations sur le quotidien du centre de jeunes et les activités prévues sur le site web.

Sk8ing Girls 2023

Den 30. September ass et erëm esou wäit! De Sk8ing Girls ass zeréck a bitt ewéi gewinnt nees vill sportlech a kënschtleresch Aktivitéiten:
Skateboarding, Longboarding, Gender Game, Yoga, Upcycling, Sérigraphie, Kleedertausch, asw.

Wann Dir also e flotten Nomëtteg mat Musek, Demonstratiounen a gudder Laun verbrénge wëllt, da kommt laanscht a maacht mat:
Den 30.09.2023 vun 12.00 bis 18.00 Auer am Schëfflenger Skatepark (Biergemer Wee).

D’Aktivitéite sinn op fir jiddereen, Meedercher a Jongen, jonk oder jonk-bliwwen, vun Ufänger bis Profi.
Fir Iessen a Gedrénks ass gesuergt.

« Sk8ing Girls » gëtt am Kader vum Internationale Meederchersdag (11. Oktober) organiséiert an et geet an éischter Linn drëms fir de Skateboard, e Sport dee vun de Männer a Jongen dominéiert gëtt, och bei de Meedercher méi bekannt ze maachen.

Video Sk8ing Girls 2021

Kommt laanscht an traut Iech matzemaachen!

 

 

Rentrée Scolaire 2023/2024

LU

Opgepasst, d’Rentrée steet un! Muer, de 15. September fänkt d’Schoul erëm un a vill Kanner wäerten nees ënnerwee sinn. Dofir léif Automobiliste passt w.e.g. op a maacht lues op de Stroossen. Mir wënsche jidderengem e gudde Schoulufank!

Hei eng offiziell Matdeelung vun der Police wat d’Sécherheet op de Stroosse ubelaangt.

Déi ugepassten Tier vum PEDIBUS fannt Dir op eisem Site op der Säit vum Schoulservice.

 

FR

Attention, la rentrée scolaire aura lieu demain 15 septembre ! Avec le début des cours, beaucoup d’enfants circuleront de nouveau. Chers automobilistes soyez prudents sur la route. Bonne rentrée à toutes et tous !

Voici un message officiel de la police concernant la sécurité routière.

Les chemins adaptés du PEDIBUS se trouvent sur le site du Service scolaire.

Eng sécher Rentrée 2023: Matdeelung vun der Police

LU

Den Ufank vun der Schoul am September ass en Héichpunkt am Schouljoer an an der Schoulcarrière vun all Kand. Traditionell ass dat och d’Zäit, wou d’Police besonnesch an der Ëmgéigend vun de Schoule present ass an am Kader vun engem allgemenge Verkéierssécherheetskonzept d’Kanner op d’Geforen um Schoulwee sensibiliséiert. Iwwerdeems d’Stroossesécherheet all Stroossebenotzer beaflosst, sinn d’Foussgänger a Vëlosfuerer ouni Zweiwel déi vulnerabelste Stroossebenotzer. D’Kanner sinn engem nach méi grousse Risiko ausgesat wéi Erwuessener wéinst hirer Onerfahrung am Verkéier. Ausserdeem fënnt de Wee an d’Schoul zimmlech dacks fréi moies an den däischterste Stonne vum Dag statt.

Dofir gëtt d’Lëtzebuerger Police an Zesummenaarbecht mam Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend all Kand aus dem Cycle 2.1. Grondschoul eng Sécherheetswest fir d’Schouljoer 2023/2024. Am September ginn iwwer 8.000 Sécherheetswesten an de Schoulen am Land verdeelt, zesumme mat engem Erklärungsbréif un d’Elteren, enger Zeechnung fir faarweg ze molen an engem Flyer mat den eelef Verkéiersreegelen.

 

FR

La rentrée présente un moment fort dans l’année et le parcours scolaire de chaque enfant. Traditionnellement, c’est aussi le moment où la Police est particulièrement présente dans les alentours des écoles et sensibilise les enfants quant aux dangers sur le chemin de l’école dans une approche de sécurité routière générale.

Si celle-ci concerne tous les usagers de la route, il est certain que les piétons et cyclistes comptent parmi les usagers les plus vulnérables sur la voie publique ; et les enfants encore davantage que les adultes à cause de leur silhouette plus fine et leur taille plus réduite, leur inexpérience sur la route et, parfois, leur inattention voire distraction sur le chemin de l’école. S’y ajoute le fait que le chemin de l’école est emprunté assez souvent pendant les moments les plus sombres de la journée, c’est-à-dire tôt le matin ou en fin d’après-midi. Autant de raisons pour sensibiliser davantage les jeunes à la problématique, et pour augmenter leur visibilité.

Voilà pourquoi, dans le cadre de cette rentrée scolaire 2023/2024, la Police luxembourgeoise, en coopération avec le ministère de l’Éducation nationale, de l’Enfance et de la Jeunesse, offre un gilet de sécurité à chaque enfant du cycle 2.1. de l’enseignement fondamental. Ainsi, plus de 8.000 gilets de sécurité sont distribués en septembre à travers les écoles du pays, accompagnés d’une lettre explicative adressée aux parents, d’un dessin à colorier et d’un flyer avec les règles de la circulation élémentaires destinés aux enfants.

Pour une meilleure visibilité de l’enfant, la Police encourage le port du gilet de sécurité spécialement aux moments les plus sombres de la journée, par exemple tôt le matin sur le chemin de l’école.

Flyer Rentrée-Police

Moritz Ney – Oeuvres Récentes

Moritz Ney est un artiste peintre- sculpteur luxembourgeois. Il est né le 26 juillet 1947 à Pétange. Il a commencé par exercer le métier de douanier.

 

En 1967, sa décision de devenir artiste le conduit chez le sculpteur Aurelio Sabbatini à Esch-sur-Alzette. C’est dans l’atelier de Sabbatini que Monsieur Ney fera ses premières expériences de sculpture.

En 1968, il fréquente la « Staatliche Werkhochschule » de Trèves en Allemagne  pour suivre des cours de dessin et de sculpture durant un semestre.

La même année, alors que cette école ferme ses portes, Moritz Ney rejoint le peintre, sculpteur et céramiste Albrecht Klauer-Simonis à Höhr-Grenzhausen toujours en Allemagne. Là, il prépare un dossier d’admission pour l’« Akademie der Bildenden Künste » à Karlsruhe.

De 1969 à 1972, il suit des cours de peinture avec les professeurs Herbert Kitzel et Horst-Egon Kalinovski, ainsi que des cours de sculpture avec le professeur Hans Kindermann.

De 1972 à 1980, Moritz Ney vit et travaille à Bruxelles.

En 1980, il retourne au Luxembourg, où il commence à travailler comme artiste indépendant.

Depuis 2019, l’artiste vit et travaille en Belgique.

 

Moritz Ney a fait avec succès plusieurs expositions collectives et personnelles à Luxembourg ainsi qu’à étranger.

 

En contemplant une sculpture ou une peinture de Moritz Ney, on comprend que chaque oeuvre est un poème où les proportions remplacent les rimes et sont à la fois sujets et âmes. Entre la figuration et l’abstraction, les œuvres de Moritz Ney sont faites d’une tendresse rude, d’une brutalité gentille.

 

Nous sommes donc très heureux de vous accueillir et de vous présenter l’exposition Oeuvres Récentes – Moritz Ney.

Visitt bei de Schëfflenger Pompjeeën

Mir hunn eis gefreet der Inneministesch, Madamm Taina Bofferding, op hirer « Summertour », eise Centre d’intervention (CIS) kënnen ze weisen.

Hei fannt Dir e puer Andréck vun der Visitt.

© SIP/ Julien Warnand

Gedenkfeier zum Generalstreik vum 31. August 1942

LU

Den 31. August 2023 huet de Schäffen- a Gemengerot vun der Gemeng Schëffleng op den 81. Gebuertsdag vun der Streikgedenkfeier invitéiert fir den Affer vum Generalstreik vun 1942 ze gedenken. D’Feierlechkeeten hunn a Presenz vu Vertrieder vun der Ligue Luxembourgeoise des Prisonniers et Déportés politiques (LPPD), den Enrôlés de force, dem Syndicat d’Initiatives et de Tourisme (S.I.T), de Gewerkschaften a Veräiner, esou wéi dem Musée de la Sidérurgie « De Schmelzaarbechter » stattfonnt.

Mat der Kranznidderleeung zu Esch/Uelzecht(Portal Lalleng) hunn d’Festivitéiten zesumme mat der Staat Esch an ënnert der Regie vun der Amicale Schmelzaarbechter-Musée ronderëm de Präsident Alain Günther den Ufank gemaach. Dono ass et beim Monument am Park Léonie Koullen zu Schëffleng weidergaangen, a genau ewéi virun 81 Joer, wou d’Aarbechter zum Streik opgeruff gi sinn, ass um Punkt 18.00 Auer d’Sireen gaangen. A senger Usprooch betount de Buergermeeschter Paul Weimerskirch dat ni soll vergiess ginn wat geschitt ass an dat een déi Leit éiere sollen déi sech fir Fridden a Gerechtegkeet staark gemaach hunn. Näischt op dëser Welt ass selbstverständlech, scho guer net de Fridden an d’Gerechtegkeet.

 

FR

Le 31 août 2023, le Collège des bourgmestre et échevins ensemble avec le Conseil communal de la Commune de Schifflange ont invité à commémorer le 81e anniversaire de la grève générale de 1942. Des représentants de la Ligue Luxembourgeoise des Prisonniers et Déportés politiques (LPPD), des Enrôlés de Force, du Syndicat d’Initiatives et de Tourisme (S.I.T), des syndicats et des associations ainsi que du Musée de la Sidérurgie ont participé aux festivités.

C’est par le dépôt des gerbes à Esch/Alzette (portail de Lallange) que la cérémonie a commencé, ensemble avec la Ville d’Esch et sous le patronage de l’Amicale Fondeurs-Musée, autour de son président Alain Günther. Les festivités se sont ensuite poursuivies devant le monument dans le parc Léonie Koullen à Schifflange avec le déclenchement de la sirène à 18.00 heures. Le Bourgmestre Paul Weimerskirch souligne dans son discours qu’il ne faut jamais oublier le passé et honorés les personnes qui se sont battues pour la paix et la justice. Rien n’est acquis dans ce monde, et surtout pas la paix et la justice .

Aarbechten an der Liberatiounsstrooss / travaux dans l’avenue de la Libération

LU
Mir informéieren Iech, dass am Kader vun den Aarbechte vun engem Multifunktiounsgebai an der Liberatiounsstrooss, d’Firma Pebat Liwwerungen an Dépôten vu Baumaterial op der Héicht vum Gebai Nr. 35 ofliwweren/deposéiere wäert.

Dowéinst musse folgend Moosname geholl ginn:

  • Fuerverbuet an der  Rue de Drusenheim tëschend der Kräizung Rue de Hédange bis bei d’Gebai N° 9
  • Einbahn vun der Jonctioun Rue de la Libération mat der Rue de Drusenheim a Richtung Rond-point Général Patton
  • 1 Spuer gespaart an der Rue de la Libération an Direktioun Esch/Alzette tëschend der Kräizung mat der Rue de Drusenheim an der Rue de la Paix
  • Foussgänger ginn op d’Stroossesäit mat de gerueden Hausnummeren ëmgeleet

Dëst an der Zäitspan vum 28.08.2023 bis den 08.09.2023 an dat ëmmer vun 09h00 bis 16h00 Auer.

Fir all weider Renseignementer, zéckt net eise Service des tavaux neufs et des infrastructures ze kontaktéieren.

Mir zielen op Äert Versteesdemech!

Verkéiersreglement

 

FR
Par la présente, nous vous informons qu’en vue des travaux de construction d’un immeuble mixte sis 35, avenue de la Libération, la société Pebat procédera à des livraisons et déchargements de matériaux de construction à la hauteur de l’immeuble n° 35, avenue de la Libération.

De ce fait,

  • Circulation interdite (C2) avec impasse : rue de Drusenheim à partir de la jonction avec la rue de Hédange jusqu’à la hauteur de l’immeuble n° 9.
  • Sens unique (Cla): rue de Drusenheim à partir de la jonction avec l’avenue de la Libération en direction du rond-point Général Patton.
  • Avenue de la Libération (tronçon entre la jonction avec la rue de Drusenheim jusqu’à la jonction avec la rue de la Paix) : circulation possible sur 1 voie à savoir dans le sens en venant de Esch/ Alzette en direction de Kayl
  • Déviation des piétons vers le côté pair de l’avenue de la Libération.
  • Les feux rouges au carrefour de la rue de Drusenheim et de l’avenue de la Libération seront mis hors service.
  • Déviations:
    Rue Denis Netgen / rue du Canal / rue Basse
    Rond-point Général Patton

Et ce durant la période du 28.08.2023 jusqu’au 08.09.2023 entre 09h00 et 16h00.

Pour tout renseignement supplémentaire, n’hésitez pas à appeler notre Service des tavaux neufs et des infrastructures 

Merci pour votre compréhension !

Règlement de la circulation

 

Wäisstorchen op der Duerchrees

Dëser Deeg konnt een enger grousser Unzuel u Wäissstorchen nokucke wéi se op de Wisen tëschent Schëffleng a Näerzeng eng Paus ageluet hunn wärend hirer Rees an de Süden.

Storchen si Wandervullen. Si bréien am héijen Norden an de Méint Abrëll bis Juni. Storchen halen hire Partner meeschtens laang, a jo, heiansdo ee liewe laang. Si erzéien och hir Jonk.

Spéitstens am Hierscht, mee heiansdo och schonn am August man sinn sech dann op de Wee an de Süden. Fréier, wou d’Wanteren nach méi kal woaren an duerch de Frascht d’Nahrung knapp ginn ass fir dës Vullen, sinn si nach bis an Afrika geflunn. Haut kënnt et och scho mol vir dass si am Süde vun Europa bleiwen, well si do genuch z’iesse fannen.

Insgesamt wäerten e puer dausend Storchen hire Wee all Joer duerch Lëtzebuerg untrieden. Si bleiwen allerdéngs meeschtens just 1-2 Deeg hei éih hir Rees weider geet.

Informatioune vum Här Ed Melchior, Ornitholog.

Photos: Copyright Jeannot Schartz

 

Check Politik du ZpB « Le Luxembourg élit son parlement »

FR

En vue des élections législatives du 8 octobre 2023, le Zentrum fir politesch Bildung (ZpB) a élaboré une brochure d’information qui s’adresse aux jeunes et aux adultes et qui propose des informations de base sur les élections parlementaires dans un langage simple.

La série Check Politik est publiée en coopération avec Klaro – Centre for Easy Language in Luxembourg.

Brochure – Le Luxembourg élit son parlement (FR)

Les instructions de vote  Elections nationales – Comment voter ? décrivent les différentes possibilités pour remplir le bulletin de vote de manière valide. Elles existentent en français, luxembourgeois et allemand et peuvent être consultées sur le site web du ZpB.

 

DE

Im Hinblick auf die Parlamentswahlen am 8. Oktober 2023 hat das Zentrum fir politesch Bildung (ZpB) eine Informationsbroschüre erstellt, die sich an Jugendliche und Erwachsene richtet und in einfacher Sprache grundlegende Informationen zu den Parlamentswahlen bietet.

Die Reihe Check Politik wird in Zusammenarbeit mit Klaro – Centre for Easy Language in Luxemburg herausgegeben.

Brochüre – Luxemburg wählt sein Parlament (PDF)

Die Wahlanleitung Nationale Wahlen – Wie wähle ich? beschreibt die verschiedenen Möglichkeiten, den Wahlzettel gültig auszufüllen. Sie existiert auf Französisch, Luxemburgisch und Deutsch und kann auf der Website des ZpB eingesehen werden.