Gaming Day 2023

Déi zweet Editioun vum Gaming Day fënnt dëst Joer de 15. Abrëll 2023 am Hall Polyvalent zu Schëffleng statt.
Sidd vun 11 bis 20 Auer bereet fir een Dag voller Aktivitéiten.
Niewent Retro Games a Freeplay Statiounen erwaarden Iech Board Games, eng Virtual Reality Zone ewéi och ee Mario Kart 8 Deluxe, ee FIFA 23 an een Teamfight Tactics Turnéier mat Präisgelder an Héicht vu jeweils 175€ an nach villes méi!

 

 

Kick-Off « Zukunftsdiplom » 2023

D’Schëfflenger Jugendhaus a Kollaboratioun mat der Schëfflenger Gemeng freeë sech Iech op de Kick-Off vum Zukunftsdiplom z’invitéieren.

Den Zukunftsdiplom ass e Bildungsprojet vum Schëfflenger Jugendhaus. Eng Zertifizéierung vu Kompetenzen, déi di Jonk a sozialen, kulturellen oder kreative Projete léieren a weiderentwéckelen.

De Kick-Off ass den offizielle Start vum Zukunftsdiplom fir d’Joer 2023 a fënnt de 24. Mäerz 2023 um 18h00 op der Gemengeplaz vu Schëffleng statt.
No enger Begréissung vum Buergermeeschter stellt d’Jugendhaus Iech de Programm vum Zukunftsdiplom fir d’Joer 2023 vir.

Mir géifen eis freeën Iech op dësem Event ze begréissen.

 

Méi Infoe fannt Dir hei.

Infoevent am Kader vum IDAHOBIT Day

Internationalen Dag géint Homo- , Bi-, Inter- & Transphobie

 

 

Babysitterformatioun / Formation Babysitting

Babysitterformatiounen 2021

Déi nei Datumer fir d’Babysitterformatioune sinn eraus. Schreift Iech an:

04.12.2021 / 09.00 – 17.00 / Formation Babysitting (FR)
11.12.2021 / 09.00 – 17.00 / Babysitterformatioun (LU)

Zilgrupp / groupe cible: 15-30 joer / ans

Präis / Prix:
10€ Schüler a Studenten / étudiants
20€ aner Interesséierter / autres intéressés

Inscription en ligne jusqu’au 28 novembre (FR).
Onlineaschreiwung bis de 5. Dezember (LU).

Kontakt / contact:

Service des citoyens et de la communication
Madame Nickie LIPPERT
+352 54 50 61 – 316

Wieviel Ackerfläche braucht ein Hamburger mit Pommes Frites?

Im neuen Projekt „Flächenbuffet“ geben Schifflinger Schüler und Jugendliche  dazu Antworten.

Unter der Leitung des Klima-Bündnis und unterstützt vom SUDD und der Umweltkommission von Schifflingen werden zurzeit in Zusammenarbeit mit Co-Labor und IBLA an zwei Standorten  – Hochbeete beim Jugendhaus und Albert-Wingert-Schule – sogenannte „Flächenbuffets“ angelegt: In verschiedenen Hochbeeten wachsen z. Z. die erforderlichen „Zutaten“, die zur Realisierung eines ausgewählten Menüs benötigt werden. Beispielsweise werden bei einem Hamburger neben dem Getreide für die Herstellung des Brötchens und Tomaten für Ketchup auch die Nutzpflanzen, die als Futtermittel an die Tiere verfüttert werden, angebaut. Auf diese Weise kann in dem Sensibilisierungsprojekt auch die notwendige Ackerfläche für Fleisch dargestellt werden. Diesem Flächenbedarf wird jeweils auch der Bedarf für die vegetarische oder vegane Variante des Menüs gegenübergestellt, der um ein Vielfaches geringer ist. Damit wird anschaulich sichtbar gemacht, wieviel Ackerfläche für eine Mahlzeit benötigt wird. Das Flächenbuffet ist ein Projekt, das im Rahmen des „Weltackers“ der Zukunftsstiftung Landwirtschaft Berlin entwickelt wurde und den Umgang mit der begrenzten globalen Ackerfläche thematisiert: Die Zahl der Menschen wächst stetig, die Erde aber nicht. Ob die Erde uns weiterhin versorgen kann, hängt also entscheidend davon ab, wie wir uns künftig ernähren. Statistisch gesehen steht heute jedem Erdbewohner die zu seiner Ernährung notwendige Agrarfläche zur Verfügung. Bei der weiteren Zunahme der Erdbevölkerung wird ein Umdenken im Ernährungsverhalten sicherlich notwendig.

Das Projekt wurde am 19. Juni 2021 bei den Hochbeeten des Jugendhauses von Bürgermeister Paul Weimerskirch und in Anwesenheit vom Schöffen- und Gemeinderat vorgestellt. Interessierte Bürger können sich weiterhin über das Projekt anhand von Aushängen an den beiden Standorten informieren. Zusätzlich gibt es weitere Informationen auf den Internetseiten

Klimabuendnis.lu

2000m2.eu

play.rtl.lu

 

Inscription: JuKoWo

D’Gemeng Déifferdeng an Zesummenaarbecht mat der Jugendkommissioun an dem Jugendtreff Déifferdeng organiséiert vum 29. Mee bis de 6. Juni 2021 déi 19. Editioun vun der “Jugendkonschtwoch” am 1535 Creative Hub zu Déifferdeng.

Gesicht ginn nach jonk Artisten, déi beim Projet a bei der Expo wëlle matmaachen. D’Aschreiwung geet bis den 28. Mäerz 2021.

Hei fannt Dir all d’Infoen zu der JuKoWo.

An hei d’Facebook Event.

Schëfflenger Jugendhaus: nei Ëffnungszäiten!

Säit dem 1. Mäerz huet d’Schëfflenger Jugendhaus, op Ufro vun de Jonken, nei Ëffnungszäiten:

Dënschdes:        14.00 – 19.00
Mëttwochs:        14.00 – 19.00
Donneschdes:    14.00 – 19.00
Freides:               16.00 – 22.00
Samschdes:        14.00 – 19.00

All 1ten Samschde vum Mount maache mer schonn um 11h00 op an da gëtt zesumme gekacht a giess an dono fënnt eng Aktivitéit statt.

Den éischten Datum dofir ass den 3ten Abrëll 2021. Mell dech bis spéitstens Freides am Jugendhaus un wann s du wëlls dobäi sinn.

Jugendhaus: Aktivitéiten November / Dezember

D’Schëfflenger Jugendhaus deelt mat, dass si, esou laang d’Reegelunge vum Ministère et zouloossen, weiderhin ënnert hirer Responsabilitéit Aktivitéite fir eis Jonk Matbierger ubidden. Bei allen Aktivitéiten ginn déi Sanitär Consignen agehalen. Hei d’Aktivitéiten, déi nach bis Enn des Joers geplangt sinn:

Schlittschong fueren / Escape Room / Funny Mountain (kloteren) / Filmowend / Karting

All weider Informatiounen an Detailer kritt Dir direkt am Jugendhaus.

 

 

 

A Bléck op d’Campagne ‘Sk8ing girls extended’

Den 11. Oktober hunn mir di digitale Versioun vum Sk8ing girls extended lancéiert, vun där d’Schëfflenger Gemeng Partner ass. Mir publizéiere reegelméisseg flott Informatioun an Aktiounen op der Facebook– an der Instagramsäit vum Projet a ginn Iech op dëser Plaz geleeëntlech e klengen Abléck an dëse flotte Projet.

Haut wëlle mir Iech d’Sky Brown virstellen, hat ass déi jéngste professionell Skateboarderin weltwäit. Obwuel hat nach ganz jonk ass, huet hat schonn immens vill drop.

Loosst Iech verzaubere vun deenen akrobatesche Figuren a kuckt Iech dëse Vidéo un hei.