Kick-Off « Zukunftsdiplom » 2023

D’Schëfflenger Jugendhaus a Kollaboratioun mat der Schëfflenger Gemeng freeë sech Iech op de Kick-Off vum Zukunftsdiplom z’invitéieren.

Den Zukunftsdiplom ass e Bildungsprojet vum Schëfflenger Jugendhaus. Eng Zertifizéierung vu Kompetenzen, déi di Jonk a sozialen, kulturellen oder kreative Projete léieren a weiderentwéckelen.

De Kick-Off ass den offizielle Start vum Zukunftsdiplom fir d’Joer 2023 a fënnt de 24. Mäerz 2023 um 18h00 op der Gemengeplaz vu Schëffleng statt.
No enger Begréissung vum Buergermeeschter stellt d’Jugendhaus Iech de Programm vum Zukunftsdiplom fir d’Joer 2023 vir.

Mir géifen eis freeën Iech op dësem Event ze begréissen.

 

Méi Infoe fannt Dir hei.