02.11.2020

A Bléck op d’Campagne ‘Sk8ing girls extended’

Den 11. Oktober hunn mir di digitale Versioun vum Sk8ing girls extended lancéiert, vun där d’Schëfflenger Gemeng Partner ass. Mir publizéiere reegelméisseg flott Informatioun an Aktiounen op der Facebook– an der Instagramsäit vum Projet a ginn Iech op dëser Plaz geleeëntlech e klengen Abléck an dëse flotte Projet.

Haut wëlle mir Iech d’Sky Brown virstellen, hat ass déi jéngste professionell Skateboarderin weltwäit. Obwuel hat nach ganz jonk ass, huet hat schonn immens vill drop.

Loosst Iech verzaubere vun deenen akrobatesche Figuren a kuckt Iech dëse Vidéo un hei.