Offall richteg trennen – Trier correctement – Müll richtig trennen

LU

Den 12. Februar huet d’Gemeng Schëffleng seng Matbierger·innen op eng Infoversammlung am Hall polyvalent invitéiert. Hei kruten déi interesséiert Leit erkläert wat déi korrekt Aart a Weis ass fir den Tri vun der Biopoubelle ze maachen.

Mir soen all de Leit Merci déi do waren an sech fir eng gréng an nohalteg Zukunft asetzen.

 

FR

Le 12 février, la commune de Schifflange a invité ses concitoyen·ne·s à une réunion d’information. L’objectif était d’informer et de rappeler aux personnes présentes comment trier correctement leurs déchets dans leur poubelle bio.

Nous tenons à remercier toutes les personnes qui étaient présentes et qui s’engagent pour un avenir plus vert et plus durable.

 

DE

Am 12. Februar lud die Gemeinde Schifflingen ihre Mitbürger*innen zu einer Informationsveranstaltung ein. Ziel war es, den Anwesenden die richtige Mülltrennung in der Biotonne aufzuzeigen.

Wir bedanken uns bei allen, die dabei waren und sich für eine grünere und nachhaltigere Zukunft einsetzen.

 

Schëfflenger CityApp

FR

Connaissez-vous notre CityApp?

Non ? Alors il est grand temps de la télécharger. Vous y trouverez plein d’informations utiles comme les dernières news, notre agenda, le calendrier des déchets, des sondages, tout sur les stations Vël’OK et beaucoup plus.

La CityApp, c’est avoir la Commune dans sa main.

Vous pouvez la télécharger ici : Apple App Store / Google Play

 

LU

Kennt Dir eis CityApp?

Nee? Dann ass et héich Zäit se erofzelueden. Hei fannt Dir vill nëtzlech Informatioune wéi déi lescht Neiegkeeten, eisen Agenda, den Offallkalenner, Ëmfroen, alles zu de Vël’OK Statiounen a villes méi.

Mat der Schëfflenger CityApp hutt Dir d’Gemeng an Ärer Hand.

Hei kënnt Dir d’CityApp hei eroflueden: Apple App Store / Google Play

Poubelles : Congé de Noël du CIGL

FR

Attention !

La Commune de Schifflange vous informe que le CIGL sera de nouveau en congé collectif pendant les vacances de Noël cette année.

La collecte des bacs à 40 litres pour le verre et le papier seront annulées.

En 2024, la première collecte des bacs à 40 litres est prévue le 3 janvier pour le verre et le 5 janvier pour le papier.

Merci pour votre compréhension !

 

LU

Opgepasst!

D’Gemeng Schëffleng deelt mat, datt de CIGL dëst Joer nees e Congé collectif tëschent de Feierdeeg mécht.

D’Kollekt vun de 40-Liter Backen (Glas a Pabeier) falen also aus.

Am neie Joer ass d’Kollekt vun de 40-Liter Backe fir Glas den 03.01 a fir Pabeier de 05.01 virgesinn.

Merci fir Äert Versteesdemech!

 

De Projet 1001Tonnen geet an d’Schëfflenger Schoulen

FR

Dans le cadre d’Esch2022, la Commune de Schifflange a soutenu le projet 1001Tonnen de Jessica Theis. Ce projet « anti-littering » ne met pas seulement en évidence le talent de la jeune photographe, mais suit son objectif principal : la sensibilisation. La pollution de la nature est malheureusement toujours un sujet d’actualité et il est important de se rendre compte des quantités de déchets « sauvages » se trouvant dans la nature luxembourgeoise.

En plus, de cette exposition de photographie, la responsable, Jessica Theis, a élaboré une activité pédagogique et participative avec ses partenaires de l’initiative « Ëmweltberodung » (avec Michel Wilwert) et l’animatrice de lecture Charlotte Reuter, soit Potty Lotty.

Vous trouverez plus d’informations sur son site (www.1001tonnen.lu) et quelques impressions sont déjà visibles dans les photos ci-dessous.

LU

Am Kader vun Esch2022 huet d’Gemeng Schëffleng de Projet 1001Tonnen vum Jessica Theis ënnerstëtzt. Dëse kloren anti-littering Projet setzt net nëmmen dem Jessica säi fotografescht Kënnen ënner Beweis, mee sollt virun allem d’Leit sensibiliséieren. D’Thema « Naturverschmotzung » ass leider nach ëmmer ganz aktuell an et ass wichteg, datt ee sech bewosst gëtt wéivill « wëllen » Offall et pro Awunner zu Lëtzebuerg gëtt.

Zousätzlech zu dëser fotografescher Wanderausstellung huet d’Jessica Theis zesumme mat Partner wéi der Ëmweltberodung (Michel Wilwert) an der Liesanimatrice Charlotte Reuter, alias Potty Lotty, eng pedagogesch a partizipativ Aktivitéit ausgeschafft, déi sech spezifesch u Schoulkanner adresséiert.

Méi Infoen heizou fannt Där op sengem Site (www.1001tonnen.lu) an e puer Impressioune kritt Där schonn iwwert eis Fotoen heidrënner.

Neit Offallgesetz fir Veräiner

Eewee-Artikele sinn op allen ëffentleche Manifestatioune ab 2023 per Gesetz progressiv verbueden.

E Flyer, dee vun der EBL erschafft gouf, weist iech als Veräin kloer wat geet, a wat net.

Dëse Flyer kann hei erofgeluede ginn :

Weider Informatioune ginn et op www.nulloffall.lu

Calendrier des déchets 2023

LU

Den neien Offallkalenner ass do! Dir kënnt Iech dësen elo schonns hei online ukucken an fannt e geschwënn an Ärer Boite!

Net nëmmen e Kalenner, mee och en ökologesche Guide an deem Dir praktesch Informatiounen a Rotschléi iwwer Offallreduktioun a Kompostéierung noliese kënnt.

 

FR

Le nouveau calendrier des déchets est arrivé! La version digitale peut être consultée ici et sera bientôt distribuée dans votre boîte aux lettres.

A la fois guide éco-responsable et calendrier, vous y trouvez des informations et conseils pratiques en matière de réduction des déchets et de compostage.

Škoda Tour LuXembourg – infos utiles

LU

E Mëttwoch, de 14. September 2022 ass tëschent 15.00 an 16.00 Auer an der Haaptstrooss virun der Gemeng d’Arrivée vun der 2. Etapp vum “Škoda Tour LuXembourg” ugekënnegt. Kommt Iech dëst Event ukucken!

Opgepasst:

  • Stroosse gespaart
  • Ruffbus annuléiert deen Dag
  • Collecte vun der groer Dreckskëscht ass op freides verluecht
  • Accès zum Hôtel de Ville ass hannert dem Gebai

E groussen Deel vun der Haaptstrooss am Zentrum ass dowéinst ganz gespaart a fir ganz Schëffleng besteet « Passage difficile » tëschent 7.30 an 20.00 Auer.

Den Dag selwer fiert dann och kee Ruffbus.

Wéinst den Ännerungen am Verkéier gëtt d’Collecte vun den déchets ménagers (gro Poubelle) vum 14.09.2022 op de Freiden 16.09.2022 verluet.

D’Büroe vun der Gemeng bleiwe fir de Public op. Allerdéngs ass just d’Entrée hannert dem Gebai an der Aloyse Kayser Strooss op.

 

Merci fir Äert Versteesdemech!

Méi Infoen zum Tour fannt Dir op skodatour.lu

All d’Informatiounen zum Verkéier fannt Dir an eisem Reglement

Ännerungen fir d’Buslinnen 221, 235, 607, 608, 609, 612, 741, 822, 823, 831, 904

 

FR

Le 14 septembre 2022, l’arrivée de la 2ème étape du « Škoda Tour LuXembourg » est annoncée entre 15.00 et 16.00 heures dans la rue principale devant la Commune de Schifflange. Venez voir le spectacle !

Attention:

Passage difficile sur tout le territoire de Schifflange entre 7.30 et 20.00 heures. Une grande partie de la rue principale au centre sera fermée complètement à la circulation.

Il n’y aura pas de bus sur commande (« Ruffbus») ce jour-là.

En raison des changements au niveau du trafic, la collecte des déchets ménagers (poubelle grise) du 14.09.2022 sera remportée au vendredi 16.09.2022.

Les bureaux de la Commune de Schifflange restent ouvertes au public. L’accès au bâtiment se fait par l’entrée secondaire derrière la commune.

 

Merci de votre compréhension.

Plus d’informations sur la tour:  skodatour.lu

Les détails concernant le trafic sur le territoire de Schifflange peuvent être consultés dans le règlement en question.

Changement dans les lignes de bus 221, 235, 607, 608, 609, 612, 741, 822, 823, 831, 904