Cérémonie de la grève générale du 31 août 1942

FR

Le 31 août 2024, le collège des bourgmestre et échevins, en collaboration avec le conseil communal de la Commune de Schifflange, ont commémoré le 82e anniversaire de la grève générale de 1942. Des représentants de la Ligue Luxembourgeoise des Prisonniers et Déportés Politiques (LPPD), des Enrôlés de Force, du Syndicat d’Initiatives et de Tourisme (S.I.T), des syndicats, des associations, ainsi que du Musée de la Sidérurgie ont pris part aux festivités, en présence du Ministre Mischo, ancien bourgmestre de la ville d’Esch-sur-Alzette.

La cérémonie a débuté par un dépôt de gerbes à Esch-sur-Alzette (portail de Lallange), en partenariat avec la Ville d’Esch et sous le patronage de l’Amicale Fondeurs-Musée, présidée par Alain Günther.

Les festivités se sont poursuivies sous un soleil radieux devant le monument au parc Léonie Koullen à Schifflange, avec le déclenchement de la sirène à 18:00 heures. Le bourgmestre Paul Weimerskirch a insisté, dans son discours, sur l’importance de ne jamais oublier le passé et d’honorer ceux qui se sont battus pour la paix et la justice. Il a rappelé que rien n’est acquis dans ce monde, surtout pas la paix et la justice.

 

LU

Den 31. August 2024 huet de Schäffen- a Gemengerot vun der Gemeng Schëffleng op den 82. Gebuertsdag vun der Streikgedenkfeier invitéiert fir den Affer vum Generalstreik vun 1942 ze gedenken. D’Feierlechkeeten hunn a Presenz vum Minister Mischo, ancien Buergermeeschter vun der Staat Esch,  Vertrieder vun der Ligue Luxembourgeoise des Prisonniers et Déportés politiques (LPPD), den Enrôlés de force, dem Syndicat d’Initiatives et de Tourisme (S.I.T), de Gewerkschaften a Veräiner, esou wéi dem Musée de la Sidérurgie « De Schmelzaarbechter » stattfonnt.

Mat der Kranznidderleeung zu Esch/Uelzecht(Portal Lalleng) hunn d’Festivitéiten zesumme mat der Staat Esch an ënnert der Regie vun der Amicale Schmelzaarbechter-Musée ronderëm de Präsident Alain Günther den Ufank gemaach.

Dono ass et bei beschtem Wieder virum Monument am Park Léonie Koullen zu Schëffleng weidergaangen, a genau ewéi virun 82 Joer, wou d’Aarbechter zum Streik opgeruff gi sinn, ass um Punkt 18:00 Auer d’Sireen gaangen. A senger Usprooch betount de Buergermeeschter Paul Weimerskirch dat ni soll vergiess gi wat geschitt ass an dat een déi Leit éiere sollen déi sech fir Fridden a Gerechtegkeet staark gemaach hunn. Näischt op dëser Welt ass selbstverständlech, scho guer net de Fridden an d’Gerechtegkeet.

 

Zukunftsrot Metzeschmelz

LU_Opruff: Zukunftsrot Metzeschmelz

Eise Passé mat der Stolindustrie interesséiert Äerch? Där frot Äerch wat aus der Metzeschmelz wäert ginn a wéi de Quartier mam selwechten Numm sech wäert entwéckelen?

Dann dierft de neien « Zukunftsrot Metzeschmelz » Äerch interesséieren. Wéi Där Äerch kéint abréngen an dëse spannende Prozess a wat Där dofir musst maachen, kënnt Där hei liesen…

——————————————————————————————

FR_Appel: Zukunfstrot Metzeschmelz

Notre passée sidérurgique vous intéresse? Vous vous demandez ce qui se passera le site Metzeschmelz et comment le quartier du même nom se développera?

Dans ce cas, le « Zukunftsrot Metzeschmelz » pourrait vous intéresser. Comment vous pourriez participer dans ce processus passionnant et ce que vous devriez faire, vous sera expliqué ici… 

Fréijoersforum op der Metzeschmelz

De Samschden 22. Abrëll 2023 huet d’AGORA zesumme mat der Stad Esch an der Gemeng Schëffleng op de Fréijoersforum invitéiert. « Informatioun » a « Participatioun » gi bekanntlech beim Plangen an Ausschaffe vun dësem urbanistesch iwweraus wichtege Projet fir béid Gemenge grouss geschriwwen.

An dësem Zeeche stoung och de Fréijoersforum, deen am Bâtiment 5, der « Maison Metzeschmelz », stattfonnt huet. Am Viraus haten sech eng 150 Persounen ageschriwwe fir an 3 verschiddenen Oarbechtsgruppe matzeschaffen. Hei goung et em d’Mobilitéit um Site, déi tëschenzäitlech Notzung vum Site an em den ëffentleche Raum respektiv déi ëffentlech Plazen.

Informatiounen zu der Metzeschmelz:

– 63 ha

– 91% gehéieren zu der Stad Esch

– 9% gehéieren zu der Gemeng Schëffleng

– 8.000-10.000 Leit solle spéider heihinner wunne kommen

– weider Charakteristike vun dësem zukünftege Quartier: autoarm, klimaneutral, klimaresistent, nohalteg, mënschefrëndlech.

 

Méi Informatiounen op metzeschmelz.lu

 

« Metzeschmelz » ass den Numm

LU

De 27. Juni gouf no engem ëffentleche Concours den Numm vum zukünftege Wunnvéierel op de Frichen Esch/Schëffleng bekannt. Niewent de politesche Verantwortlechen aus béide Gemengen an de Vertrieder aus dem Nohaltegkeetsministère an der AGORA waren och déi dräi Lauréate vum Concours dobäi, wou d’Schëld mam Numm: METZESCHMELZ devoiléiert ginn ass.

Op de fréiere Frichen, och nach “ARBED Esch-Schëffleng” genannt, wäerten an Zukunft ëm déi 10.000 Awunner liewen. Dësen Terrain vu ronn 63 Hektar läit zu plusminus 90% op Escher Säit an deemno 10% zu Schëffleng. Wéi de Buergermeeschter Paul Weimerskirch betount huet, freet sech d’Gemeng Schëffleng besonnesch fir de Waassertuerm an d’Pompelhaus an de Projet vun engem zukünftege Musée anzebannen, deen de Patrimoine vun der Stolindustrie an d’Handwierk vum Schmelzaarbechter behandele wäert.

 

FR

Après un concours public, le nom du futur quartier résidentiel sur les friches Esch/Schifflange a été annoncé le 27 juin. En plus des dirigeants politiques des deux communes et des représentants du Ministère du Développement durable et de l’AGORA, les trois lauréats du concours ont également été présents pour ensemble dévoiler le nouveau panneau portant le nom : METZESCHMELZ.

L’ancien site sidérurgique, également appelé « ARBED Esch-Schifflange », comptera à l’avenir environ 10 000 habitants. Ce terrain d’environ 63 hectares est situé au moins à 90% côté Esch et donc à 10% à Schifflange. Comme l’a souligné le bourgmestre Paul Weimerskirch, la Commune de Schifflange se réjouit particulièrement d’intégrer le château d’eau et la station à pompe dans le projet d’un futur musée, qui traitera du patrimoine de la sidérurgie.

 

Metzeschmelz

Déi dräi Lauréaten heeschen / Voici les trois lauréats :

  1. Metzeschmelz: Liliane Bimmermann
  2. Feierstëppler: Paul Büchler
  3. Stolwierk: Kevin Gilbert Fausto Putz

 

Offiziell Aweiung vu FerroForum 29.04.2022

De Projet FerroForum gouf Enn Abrëll offiziell ageweit. Wann Där de Startschoss mat der éischter Coulée de fonte villäicht verpasst hutt, kritt Där awer sécher nach genuch Geleeënheeten op de Site vun der Metzeschmelz Esch-Schëffleng ze kommen an Äerch unzekucken wat d’asbl FerroForum déi lescht zwee Joer do opgebaut huet.

D’Gemeng Schëffleng ënnerstëtzt dëse Projet, deen am Kader vun Esch2022 op d’Been gestallt ginn ass, op der ganzer Linn. D’Iddi ass och dass en no 2022 soll weider erhale bleiwen.

FerroForum setzt sech an fir d’Erhalen vum Knowhow vun de Schmelzaarbechter a erméiglecht eis haut nees e liewegen Abléck an déi aktiv Zäit vun der Stolindustrie ze kréien.

D’Fotoen vun der Aweiung fann Där an eiser Fotosgalerie.

Méi Informatiounen zum Projet fann där op ferroforum.lu