28.06.2022

« Metzeschmelz » ass den Numm

LU

De 27. Juni gouf no engem ëffentleche Concours den Numm vum zukünftege Wunnvéierel op de Frichen Esch/Schëffleng bekannt. Niewent de politesche Verantwortlechen aus béide Gemengen an de Vertrieder aus dem Nohaltegkeetsministère an der AGORA waren och déi dräi Lauréate vum Concours dobäi, wou d’Schëld mam Numm: METZESCHMELZ devoiléiert ginn ass.

Op de fréiere Frichen, och nach “ARBED Esch-Schëffleng” genannt, wäerten an Zukunft ëm déi 10.000 Awunner liewen. Dësen Terrain vu ronn 63 Hektar läit zu plusminus 90% op Escher Säit an deemno 10% zu Schëffleng. Wéi de Buergermeeschter Paul Weimerskirch betount huet, freet sech d’Gemeng Schëffleng besonnesch fir de Waassertuerm an d’Pompelhaus an de Projet vun engem zukünftege Musée anzebannen, deen de Patrimoine vun der Stolindustrie an d’Handwierk vum Schmelzaarbechter behandele wäert.

 

FR

Après un concours public, le nom du futur quartier résidentiel sur les friches Esch/Schifflange a été annoncé le 27 juin. En plus des dirigeants politiques des deux communes et des représentants du Ministère du Développement durable et de l’AGORA, les trois lauréats du concours ont également été présents pour ensemble dévoiler le nouveau panneau portant le nom : METZESCHMELZ.

L’ancien site sidérurgique, également appelé « ARBED Esch-Schifflange », comptera à l’avenir environ 10 000 habitants. Ce terrain d’environ 63 hectares est situé au moins à 90% côté Esch et donc à 10% à Schifflange. Comme l’a souligné le bourgmestre Paul Weimerskirch, la Commune de Schifflange se réjouit particulièrement d’intégrer le château d’eau et la station à pompe dans le projet d’un futur musée, qui traitera du patrimoine de la sidérurgie.

 

Metzeschmelz

Déi dräi Lauréaten heeschen / Voici les trois lauréats :

  1. Metzeschmelz: Liliane Bimmermann
  2. Feierstëppler: Paul Büchler
  3. Stolwierk: Kevin Gilbert Fausto Putz