02.05.2022

Offiziell Aweiung vu FerroForum 29.04.2022

De Projet FerroForum gouf Enn Abrëll offiziell ageweit. Wann Där de Startschoss mat der éischter Coulée de fonte villäicht verpasst hutt, kritt Där awer sécher nach genuch Geleeënheeten op de Site vun der Metzeschmelz Esch-Schëffleng ze kommen an Äerch unzekucken wat d’asbl FerroForum déi lescht zwee Joer do opgebaut huet.

D’Gemeng Schëffleng ënnerstëtzt dëse Projet, deen am Kader vun Esch2022 op d’Been gestallt ginn ass, op der ganzer Linn. D’Iddi ass och dass en no 2022 soll weider erhale bleiwen.

FerroForum setzt sech an fir d’Erhalen vum Knowhow vun de Schmelzaarbechter a erméiglecht eis haut nees e liewegen Abléck an déi aktiv Zäit vun der Stolindustrie ze kréien.

D’Fotoen vun der Aweiung fann Där an eiser Fotosgalerie.

Méi Informatiounen zum Projet fann där op ferroforum.lu