Posts Categorized: Retour en images

Soirée de Bienvenue 2025

LU

Soirée de Bienvenue

De 4. Februar 2025 huet de Schäfferot déi nei Schëfflenger Bierger·innen, déi tëscht dem 1. Oktober 2023 an dem 31. Dezember 2024 ukomm sinn, op d’„Soirée de Bienvenue“ agelueden.

De Buergermeeschter Paul Weimerskirch huet a Presenz vu Memberen aus dem Schäffen- a Gemengerot sou wéi der Kommissioun fir interkulturellt Zesummeliewen an der Biergerkommissioun d’Leit häerzlech begréisst an hinne wichteg Informatiounen an Erklärungen iwwert eis Gemeng ginn. Dozou krut all Famill och nach e flotte “Kit de Bienvenue”. Bei de sëllegen Info-Stänn (Servicer aus der Gemeng, Zesummeliewen MiFa, Agence interculturelle ASTI, Syndicat d’Initiative et de Tourisme, Ecrivain Public, Pompjeeën, Geschäftsverband, Teranga, Club Haus beim Kiosk, Schëfflenger Konschthaus, Schëfflenger Jugendhaus, Office Social) konnten d’Leit sech iwwert verschidden Thematike renseignéieren.

Fir den Owend gemittlech auslafen ze loossen, huet de Buergermeeschter op e Patt invitéiert an d‘ Leit haten d‘Méiglechkeet hir Froen ze stellen an hir Uleiesse lasszeginn.

Fotogalerie

 

FR

Soirée de bienvenue

Le 4 février 2025, le collège échevinal a invité les nouveaux·lles résident·e·s schifflangeois·es arrivé·e·s entre le 1er octobre 2023 et le 31 décembre 2024 à sa traditionnelle « Soirée de bienvenue » à l’Hôtel de Ville.

Le bourgmestre Paul Weimerskirch avec des membres du conseil communal ainsi que des commissions du vivre-ensemble interculturel et des citoyen·ne·s a accueilli chaleureusement les nouveaux·lles résident·e·s et leur a donné d’importantes explications intéressantes sur Schifflange. Tous les ménages ont également reçu un kit de bienvenue et ont pu se renseigner auprès des divers stands d’information (les services communaux, MiFa pacte communal du vivre-ensemble interculturel, Agence interculturelle ASTI, Syndicat d’Initiative et de Tourisme, Écrivain public, CIS Schifflange, ACAS, Teranga, Club Haus beim Kiosk, Schëfflenger Konschthaus, Maison des jeunes de Schifflange, Office Social).

La soirée a été clôturée par un vin de l’amitié pendant lequel les participant·e·s ont eu l’occasion de poser leurs questions ainsi que de faire connaissance avec les autres résident·e·s.

Galerie Photo

 

DE

Willkommensabend

Am 4. Februar 2025 hat der Gemeinderat die neuen Schifflinger*innen, die zwischen dem 1. Oktober 2023 und dem 31. Dezember 2024 angekommen sind, zu seinem traditionellen „Willkommensabend“ ins Gemeindehaus eingeladen.

Der Bürgermeister Paul Weimerskirch begrüßte zusammen mit den Mitgliedern des Gemeinderats sowie der Kommission für interkulturelles Zusammenleben und der Bürgerkommission, die Gäste herzlich und gab ihnen wichtige und interessante Informationen über Schifflingen. Alle Haushalte erhielten auch ein Willkommenspaket und konnten sich an verschiedenen Informationsständen (Anlaufsstellen der Gemeinde, Gemeindepakt für interkulturelles Zusammenleben, Agence interculturelle ASTI, Syndicat d’Initiative et de Tourisme, Ecrivain Public, CIS Schifflingen, ACAS, Teranga, Club Haus beim Kiosk, Kunstgalerie, Schifflinger Jugendhaus, Office Social) informieren.

Der Abend wurde mit einem Freundschaftswein abgeschlossen, währenddessen die Teilnehmer*innen die Gelegenheit hatten, ihre Fragen zu stellen und andere Bewohner*innen kennenzulernen.

Fotogalerie

Fotoen · Photos · Fotos: © Black Magic Tea

 

Kuck & Klick

LU

D’Gemeng Schëffleng zesumme mam Centre de Formation pour conducteurs huet och dëst Joer nees d’Schoulklassen op de « Kuck & Klick » invitéiert.

D’Schoulkanner aus dem Cycle 2.1 hu gutt opgepasst wéi d’Madamm Dammé an den Här Meder hinnen d’Welt vum Stroosseverkéier, duerch flott Aktivitéiten a Spiller, méi no bruecht hunn. Insgesamt hu wärend deenen 3 Deeg, 7 Klassen aus 3 verschiddene Schoulen (Nelly Stein, Lydie Schmit an Albert Wingert) um Event Deel geholl. D’Kanner sinn op d’Gefore vum Stroosseverkéier opmierksam gemaach ginn, an dëst net nëmmen aus der Siicht vum Foussgänger·in, mee och als Bäifuerer·in am Auto.

De 5. Februar 2025 huet de Schäfferot zesumme mat de Memberen aus dem Gemengerot all de Leit, déi un dësem Projet bedeelegt waren, Merci gesot a sech e Bild vun dem flotte Parcours gemaach, deen opgestallt ginn ass fir Situatiounen am Verkéier nozestellen.

FR

Le projet « Kuck & Klick », organisé par la Commune de Schifflange en collaboration avec le Centre de Formation pour Conducteurs, était de retour. Les élèves du cycle 2.1 ont été particulièrement attentifs lors des explications de Madame Dammé et Monsieur Meder, qui ont abordé le monde de la circulation à travers diverses activités et jeux ludiques. Au total, 7 classes des écoles schifflangeoises (Nelly Stein, Lydie Schmit et Albert Wingert), ont participé à ce projet sur une période de trois jours.

L’objectif principal est de sensibiliser les enfants aux dangers de la circulation routière, tant du point de vue des piéton·ne·s que de celui des passagers·ères d’un véhicule.

Le 5 février 2025, le collège des bourgmestre et échevins, ainsi que les membres du conseil communal, ont exprimé leur gratitude envers tous·tes les intervenant·e·s de ce projet important.

DE

Das Projekt „Kuck & Klick“, organisiert von der Gemeinde Schifflingen in Zusammenarbeit mit dem Centre de Formation pour Conducteurs, hat auch dieses Jahr wieder stattgefunden. Die Schüler·innen der Klassenstufe 2.1 waren besonders aufmerksam bei den Erklärungen von Frau Dammé und Herrn Meder, die die Welt des Verkehrs durch verschiedene Aktivitäten und spielerische Spiele behandelten. Insgesamt nahmen 7 Klassen der Schifflinger Schulen (Nelly Stein, Lydie Schmit und Albert Wingert) an diesem Projekt über einen Zeitraum von drei Tagen teil.

Das Hauptziel ist es, die Kinder für die Gefahren des Straßenverkehrs zu sensibilisieren, sowohl aus der Sicht von Fußgänger*innen als auch von Fahrzeuginsassen.

Am 5. Februar 2025 drückten der Bürgermeister und die Schöffen sowie die Mitglieder des Gemeinderats ihre Dankbarkeit gegenüber allen Beteiligten dieses wichtigen Projekts aus.

 

David Goldrake – 25 years of Magic

LU

E grousse Merci u jiddereen deen den 2. Februar 2025 um David Goldrake senger Show am Hall Polyvalent deelgeholl huet! Är iwwerrascht Aen hunn de Raum beliicht an hunn dës Show nach méi magesch gemaach wéi se scho war. E grousse Merci un den David Goldrake fir seng aussergewéinlech Show déi eis all an eng Welt vun Illusiounen an Iwwerraschungen transportéiert huet.

Fotoe vun der Show fannt Dir an eiser Galerie.

FR

Un grand merci à tous·tes ceux·celles qui ont assisté au spectacle de David Goldrake au Hall polyvalent de Schifflange le 2 février 2025 ! Vos yeux émerveillés ont illuminé la salle et ont rendu ce show encore plus magique. Un immense merci à David Goldrake pour son spectacle exceptionnel qui nous a tous transportés dans un monde d’illusions et de surprises.

Revivez le spectacle à travers nos photos dans la galerie.

DE

Ein großes Dankeschön an alle, die am 2. Februar 2025 die Show von David Goldrake im Hall polyvalent in Schifflingen besucht haben! Eure begeisterten Augen haben den Saal erleuchtet und die Show noch magischer gemacht. Ein riesiges Dankeschön an David Goldrake für seine außergewöhnliche Vorstellung, die uns alle in eine Welt voller Illusionen und Überraschungen entführt hat. Erlebt die Show noch einmal durch unsere Fotos in der Galerie.

Ausstellungen – Natura 2000 & Michel André

LU

A Präsenz vun de Membere vum Schäffen- a Gemengerot wéi och der Ëmweltkommissioun huet de Paul Weimerskirch, Buergermeeschter vu Schëffleng, gëschter, d’Vertrieder vun der Naturverwaltung op zwee Vernissagen agelueden.

Hutt Dir d’Ausstellungen nach net gesinn? Kommt bis den 31. Januar vun 8:00 bis 12:00 Auer a vu 14:00 bis 17:00 Auer an d’Gemengenhaus a bewonnert:

  • D’Wierker vum Zeechner Michel André
  • D’Fotoe vun de Fotografe Guy Conrady, Mario Cordella, Roland Felten, Jan Herr a Marc Weis am Kader vun Natura 2000 – Minetter Dagebaugebidder

Loosst Iech dës Ausstellungen net entgoen.

FR

En présence des membres du collège échevinal et du conseil communal ainsi que de la commission de l’environnement, Paul Weimerskirch, bourgmestre de Schifflange, a reçu hier des représentants de l’administration de la nature et des forêts au vernissage de deux expositions se trouvant actuellement au sein de l’Hôtel de Ville.

Vous n’avez pas encore vu les expositions? Alors rendez-vous jusqu’au 31 janvier, de 8:00 à 12:00 et de 14:00 à 17:00 heures à l’Hôtel de Ville :

  • Les œuvres du dessinateur Michel André
  • Les photos des photographes Guy Conrady, Mario Cordella, Roland Felten, Jan Herr et Marc Weis dans le cadre de Natura 2000 – Zones minières à ciel ouvert Minetter

Ne manquez pas ces expositions.

DE

In Anwesenheit der Mitglieder des Schöffen- und Gemeinderates und der Umweltschutzkommission hat Paul Weimerskirch, Bürgermeister von Schifflingen, gestern Vertreter der Naturverwaltung zur Vernissage von zwei Ausstellungen eingeladen.

Sie haben die Ausstellungen bisher nicht gesehen? Dann kommen Sie noch bis zum 31. Januar, von 8:00 bis 12:00 und von 14:00 bis 17:00 Uhr bei uns im Rathaus vorbei und bewundern Sie:

  • Die Werke des Zeichners Michel André
  • Die Fotos der Fotografen Guy Conrady, Mario Cordella, Roland Felten, Jan Herr und Marc Weis im Rahmen von Natura 2000 – Tagebaugebiete der Minette.

Verpassen Sie nicht diese Ausstellungen.

 

Seniorefeier 2024

LU

Och dëst Joer huet nees eng Seniorefeier an der Gemeng Schëffleng stattfonnt. De Schäfferot zesumme mat der Seniorekommissioun huet all d’Senioren aus der Gemeng op eng charmant Feier mat gudder Ambiance an natierlech engem leckere Maufel invitéiert.

All Fotoen fannt Dir an eiser Galerie.
Video-Reportage vun der AMCIS.

FR

Cette année encore, la commune de Schifflange a une fois de plus mis les petits plats dans les grands pour célébrer ses seniors. Le conseil communal et la Commission des seniors ont chaleureusement convié tous les seniors de la commune à une fête conviviale, rythmée par une ambiance joyeuse et, bien sûr, un banquet savoureux qui a ravi les papilles des invité·e·s.

Plus de photos dans notre galerie.
Reportage vidéo de l’AMCIS.

DE

In diesem Jahr hat die Gemeinde Schifflingen erneut alles gegeben, um ihre Senioren zu feiern. Der Gemeinderat und die Seniorenkommission haben alle Senioren der Gemeinde herzlich zu einem geselligen Fest eingeladen, das von einer fröhlichen Atmosphäre geprägt war und natürlich ein köstliches Bankett bat.

Weitere Fotos in unserer Galerie.
Videobericht von der AMCIS.

EN

This year, the municipality of Schifflange has once again gone all out to celebrate its seniors. The municipal council and the senior citizens’ commission have warmly invited all seniors of the municipality to a cosy festival, characterised by a joyful atmosphere and, of course, a delicious banquet that delighted the taste buds.

More photos in our gallery.
Video report from AMCIS.

 

Conférence du 9.12.2024 – Naissance respectée

LU

Gëschter, den 9. Dezember 2024 war d’Konferenz « Respektéiert Gebuert – Luucht op Gebuertsgewalt » an der Schëfflenger Gemeng. Organiséiert vun der Gemeng Schëffleng, dem Aude Gastauer, dem Mathilde Elind an dem Dr Bénédicte Simon, huet dësen Owend de richtege Public zesumme bruecht, dee méi iwwert d’Gebuertsgewalt, besonnesch bei Keeserschnëtter, wollt léieren. No der Begréissung vum Här Carlo Lecuit, President vun der Chancëgläichheetskommissioun, koum eng Aféierung an d’Thema duerch déi dräi Spriecherinnen.

En emotionalen Dokumentarfilm, deen am Kenia am Juli 2024 gedréint gouf, gouf gewisen, a weist wéi d’Spriecher de Klinicken d‘FAUCS Method bäibruecht hunn. Dës Approche erlaabt et de Fraen aktiv bei der Gebuert matzemaachen, wat eng Erfarung änlech wéi déi vun enger traditioneller Gebuert bitt. D’Konferenz war en entscheedende Schrëtt fir d‘Ëffentlechkeet an d’Gesondheetspersonal ze sensibiliséieren, a Gebuerten ze promouvéieren, déi d’Rechter an d’Wiel vun de Frae respektéieren.

Kuckt Iech en Extrait aus dem Documentaire hei un.

 

FR

Hier, le 9 décembre 2024, la conférence « Naissance respectée – Lumière sur les violences obstétricales » s’est tenue à l’Hôtel de Ville de Schifflange. Organisée par la Commune de Schifflange, Aude Gastauer, Mathilde Elind et le Dr Bénédicte Simon, cette soirée a réuni un public engagé sur les violences obstétricales, en particulier lors des césariennes. La soirée a débuté par un mot de bienvenue de M. Carlo Lecuit, président de la Commission à l’égalité des chances et conseiller communal, suivi d’une introduction au sujet et aux intervenantes.

Un documentaire poignant, réalisé au Kenya en juillet 2024, a été projeté, montrant comment les intervenantes ont formé des cliniques à la méthode FAUCS. Cette approche permet aux femmes de participer activement à la naissance, procurant une expérience proche de celle d’un accouchement par voie basse. Cette conférence a été une étape cruciale pour sensibiliser le public et le personnel de santé et promouvoir un accouchement respectueux des droits et des choix des femmes.

Regarder un extrait du documentaire ici.

 

DE

Gestern, am 9. Dezember 2024, fand die Konferenz „Respektierte Geburt – Licht auf geburtshilfliche Gewalt“ im Gemeindehaus von Schifflingen statt. Organisiert von der Gemeinde Schifflingen, Aude Gastauer, Mathilde Elind und Dr. Bénédicte Simon, versammelte dieser Abend ein engagiertes Publikum zum Thema geburtshilfliche Gewalt, insbesondere bei Kaiserschnitten. Der Abend begann mit einer Begrüßungsrede von Herrn Carlo Lecuit, Präsident der Kommission für Chancengleichheit, gefolgt von einer Einführung in das Thema und den Referentinnen.

Ein bewegender Dokumentarfilm, der im Juli 2024 in Kenia gedreht wurde, wurde gezeigt und verdeutlicht, wie die Referentinnen Kliniken in der FAUCS-Methode ausgebildet haben. Dieser Ansatz ermöglicht es Frauen, aktiv an der Geburt teilzunehmen und bietet ein Erlebnis, das dem einer traditionellen Geburt ähnelt. Diese Konferenz war ein entscheidender Schritt, um das Publikum und das Gesundheitspersonal zu sensibilisieren und eine Geburt respektvoll gegenüber den Rechten und Entscheidungen der Frauen zu fördern.

Sehen Sie sich einen Ausschnitt aus dem Dokumentar an.

Orange Week – Marche de Solidarité

LU

E Samschdeg, den 30. November hunn sech vill Leit virun der Schëfflenger Gemeng versammelt fir un engem Solidaritéitsmarsch am Kader vun der Orange Week deelzehuelen. Dëst Evenement hat als Zil zum Thema Cat-Calling ze sensibiliséieren, en inakzeptabelt Verhalen dat vill Leit beaflosst, besonnesch d‘Fraen.

De Carlo Feiereisen, 1. Schäffen aus der Gemeng Schëffleng huet d’Participanten·innen begréisst an erënnert dodrunner fir wat d’Orange Week wichteg ass. Hien huet och deene Leit déi do waren ee kloren a staarke Message mat op de Wee ginn: Gewalt huet keng Plaz a keng Berechtegung an eiser Gesellschaft, an och net an eiser Gemeng.

E grousse Merci geet un d’Chancëgläichheetskommissioun an hire Präsident Carlo Lecuit fir hiren Asaz fir Gläichheet an d’Organisatioun vun dëser Initiativ. Och der Madamm Claudine Speltz, Präsidentin vum CNFL e besonnesche Merci dat si de Wee op Schëffleng fonnt huet. Hiert Engagement am Nationale Fraerot ass eng Inspiratioun, fir d’Rechter an d’Wuelergoe vun de Fraen hei am Land ze stäerken.

De Marsch war e staarke Moment vu Solidaritéit an Engagement, wou Memberen aus der Gemeng, lokal Associatiounen an Aktivist·inn·en zesumme bruecht huet. D’Fotoen, déi wärend dem Event gemaach goufen, weisen d’Energie an d’Entschlossenheet vun de Participante·innen fir hir Stëmme géint Stroossebelästegung gehéier ze ginn. Dëst Evenement huet d’Iddi verstäerkt datt jiddereen eng Roll ze spillen huet am Kampf géint all Form vu Gewalt a Belästegung.

FR

Le samedi 30 novembre, de nombreuses personnes se sont rassemblées devant la Commune de Schifflange pour participer à une marche de solidarité dans le cadre de la Orange Week. Cet événement avait pour objectif de dénoncer le cat-calling, un comportement inacceptable qui affecte de nombreuses personnes, en particulier les femmes. Les participants ont montré leur soutien en portant des vêtements orange, symbole de la lutte contre la violence à l’égard des femmes, et ont scandé des slogans pour sensibiliser la communauté à cette problématique.

De Carlo Feiereisen, 1er Échevin de la commune de Schifflange, a accueilli les participant·e·s et a rappelé l’importance de l’Orange Week. Il a également délivré un message clair et fort aux personnes présentes : la violence n’a pas sa place dans nos communautés, ni dans notre Société, ni dans notre commune.

Un grand merci va à la Commission pour l’égalité des chances et à son président Carlo Lecuit pour leur engagement en faveur de l’égalité et l’organisation de cette initiative. Un remerciement particulier à Madame Claudine Speltz, présidente du CNFL, pour s’être déplacé jusqu’ à Schifflange. Son engagement au sein du Conseil national des femmes est une inspiration pour renforcer les droits et le bien-être des femmes dans notre pays.

La marche a été un moment fort de solidarité et d’engagement, rassemblant des membres de la communauté, des associations locales et des militants. Les photos prises lors de l’événement témoignent de l’énergie et de la détermination des participants à faire entendre leur voix contre le harcèlement de rue. Cet événement a non seulement sensibilisé le public, mais a également renforcé l’idée que chacun a un rôle à jouer dans la lutte contre toutes les formes de violence et de harcèlement.

DE

Am Samstag, dem 30. November, versammelten sich viele Menschen vor der Schifflinger Gemeinde, um an einem Solidaritätsmarsch im Rahmen der Orange Week teilzunehmen. Dieses Ziel war es zum Thema Cat-Calling zu sensibilisieren, ein inakzeptables Verhalten, das viele Menschen, insbesondere Frauen, betrifft. Die Teilnehmer·innen zeigten ihre Unterstützung, indem sie orange Kleidung trugen, ein Symbol im Kampf gegen Gewalt gegen Frauen.

Carlo Feiereisen, 1. Schöffen der Gemeinde Schifflingen begrüßte die Teilnehmer·innen und erinnerte an die Bedeutung der Orange Week. Er übermittelte auch eine klare und starke Botschaft an die Anwesenden: Gewalt hat keinen Platz in unseren Gemeinschaften, weder in unserer Gesellschaft noch in unserer Gemeinde.

Ein großer Dank geht an die Chancengleichheitskommission und ihren Präsidenten Carlo Lecuit für ihr Engagement für Gleichheit und die Organisation dieser Initiative. Ein besonderer Dank geht auch an Frau Claudine Speltz, Präsidentin des CNFL. Ihr Engagement im Nationalen Frauenrat ist eine Inspiration, um die Rechte und das Wohlergehen der Frauen in unserem Land zu stärken.

Der Marsch war ein starkes Zeichen der Solidarität und des Engagements, das Mitglieder der Gemeinschaft, lokale Verbände und Aktivist·inn·en vereinte. Die während der Veranstaltung aufgenommenen Fotos zeugen von der Energie und der Entschlossenheit der Teilnehmer, Gehör zu finden.

Kleesche, Kleesche, léiwen Zinniklos…

LU

Den 1. Dezember 2024 hat de Kleeschen sech mat sengen Engelcher an Houseker op de Wee bei d’Schëfflenger Kanner gemaach.

Voller Virfreed sinn d’Kanner mat hiren Elteren a Grousselteren an den Hall Polyvalent komm an hu mat engem schéine Laachen a groussen Aen de Kleesche begréisst. Ënnert der Begleedung vun der Schëfflenger Musek ass dat bekannte Lidd „Léiwe Kleeschen, gudde Kleeschen“ voller Elan ugestëmmt ginn.

Éier de Kleeschen op sengem schéine grousse Stull Plaz geholl huet fir all Kand eenzel ze begréissen an him seng Titchen ze ginn, huet hien de Gemengeresponsabelen MERCI gesot, dass hien och dëst Joer nees konnt op Schëffleng kommen.

D’Fotoe vun der Visite vum Kleesche fannt dir an eiser Galerie.
Video-Reportage vun der AMCIS

 

FR

Le 1 décembre 2024, Saint-Nicolas a visité les enfants schifflangeois accompagné de ses anges et du père Fouettard.

Les enfants, avec les yeux qui brillent et pleins d’impatiences, ainsi que leurs parents et grands-parents, lui ont souhaité la bienvenue au Hall Polyvalent. Encadré musicalement par la Schëfflenger Musek, le public a chanté d’une voix ferme la chanson la plus connue “Léiwe Kleeschen, gudde Kleeschen”.

Avant de prendre place sur son grand fauteuil pour saluer individuellement chaque enfant et lui remettre sa « Titchen », Saint-Nicolas a remercié les responsables communaux de lui avoir permis de venir une nouvelle fois à Schifflange.

Retrouvez les photos de la visite de Saint-Nicolas dans notre galerie.
Reportage vidéo de l’AMCIS

 

DE

Am 1. Dezember 2024 besuchte der heilige Nikolaus die Kinder von Schifflingen, begleitet von seinen Engeln und dem Knecht Ruprecht.

Die Kinder sowie ihre Eltern und Großeltern empfingen den Nikolaus mit leuchtenden Augen und voller Ungeduld im Hall Polyvalent. Musikalisch umrahmt von der Schëfflenger Musek sang das Publikum mit fester Stimme das bekannteste Lied „Léiwe Kleeschen, gudde Kleeschen“.

Daraufhin nahm der heilige Nikolaus auf seinem großen Stuhl Platz, um jedes Kind einzeln zu begrüßen und ihm seine „Titchen“ zu schenken. Er dankte auch den Gemeindeverantwortlichen, dass sie ihm erneut erlaubt hatten, nach Schifflingen zu kommen.

Sehen Sie sich die Fotos vom Besuch des heiligen Nikolaus in unserer Galerie an.
Videobericht von der AMCIS

Hobbymoart 2024

LU

Fir wanterlech Stëmmung huet den traditionellen Hobbymoart zu Schëffleng de Weekend vum 30. November an 1. Dezember 2024 gesuergt.

Hobbykënschtler·innen hunn hir schéinste Wierker an Aarbechten ausgestallt an d’Leit konnte schonn deen een oder anere Chrëschtdagskaddo fir hir Léifst hei fannen. Vu faarwege Bijouen iwwert selwer gebitzte Kleeder bis hin zu metalle Skulpturen a Konterbontes zur Wanterzäit, war alles dobäi.

Solidaritéit war wéi ëmmer grouss geschriwwe beim Hobbymoart an esou waren och eng Hand voll Infostänn zu deene verschiddensten Theme vertrueden an e groussen Deel vun de Suen, déi era komm sinn, goufe fir karitativ Zwecker gespent.

E Merci geet un eis Veräiner, déi sech um Food Village bedeelegt hunn a wärend dem ganze Weekend fir richteg leckert Iessen a Gedrénks gesuergt hunn.

D’Fotoe vum Hobbymoart fannt dir an eiser Galerie.
Video-Reportage vun der AMCIS

 

FR

Le traditionnel Hobbymoart de Schifflange a créé une ambiance hivernale le weekend du 30 novembre au 1er décembre 2024 au Hall Polyvalent.

Plusieur·e·s artistes et amateur·ice·s créatifs·tives ont exposé leurs plus belles œuvres et réalisations. Les visiteurs ont pu en profiter et trouver l’un ou l’autre cadeau de Noël pour leurs proches.

Comme d’habitude, la solidarité a été un aspect important du Hobbymoart. C’est pour cela que des stands d’information sur les sujets les plus divers ont été mis en place. Les visiteurs ont eu l’opportunité de s’informer et de s’impliquer activement pour la bonne cause.

Merci aux associations qui ont participé au Food Village et qui avaient préparé de délicieux plats salés et sucrés et des boissons chaudes pendant tout le weekend.

Retrouvez les photos de Hobbymoart dans notre galerie.
Reportage vidéo de l’AMCIS

 

DE

Der traditionelle Hobbymoart in Schifflingen hat am Wochenende vom 30. November bis 1. Dezember 2024 eine winterliche Atmosphäre im Hall Polyvalent geschaffen.

Mehrere Künstler·innen und kreative Hobbybastler·innen haben ihre schönsten Werke und Kreationen ausgestellt. Die Besucher konnten die winterliche Atmosphäre genießen und das eine oder andere Weihnachtsgeschenk für ihre Liebsten finden.

Wie gewohnt war die Solidarität ein wichtiger Aspekt des Hobbymoart. Deswegen wurden Informationsstände zu den unterschiedlichsten Themen eingerichtet. Die Besucher hatten die Möglichkeit, sich zu informieren und sich aktiv für einen guten Zweck zu engagieren.

Danke an die Verbände, die am Food Village teilgenommen haben und während des gesamten Wochenendes köstliche, herzhafte und süße Gerichte sowie heiße Getränke zubereitet haben.

Sehen Sie sich die Hobbymarktfotos in Galerie an.
Videobericht von der AMCIS

 

Soirée des Lauréat·e·s 2024

LU

Den 19. November goufen am Hall Polyvalent déi sportlech a kulturell Laureate geéiert. En ofwiesslungsräichen Owend mat richteg gudder Musek vun All Reitz Reserved, spektakulären Opféierunge vun de Sweet Devils Cheerleaders a vum Bboy Haiper – Youcef Mechari a flotter Animatioun, op deen all d’Schëfflenger häerzlech invitéiert ware fir zesumme mat der Gemeng, der Kulturkommissioun an der Sport- a Fräizäitkommissioun déi Schëfflenger Laureaten ze zelebréieren.

D’Fotoe fannt dir an eiser Galerie.
Video-Reportage vun der AMCIS

FR

Le 19 novembre, les lauréats sportifs et culturels ont été honorés au Hall Polyvalent à Schifflange. Une soirée variée avec de la bonne musique de ALL Reitz Reserved, des shows spectaculaires des Sweet Devils Cheerleaders et de Bboy Haiper – Youcef Mechari et une animation exceptionnelle. Un événement auquel tous les habitant·e·s de Schifflange ont été cordialement invité·e·s pour célébrer, ensemble avec la Commune de Schifflange et la Commission de la culture et la Commission des sports et des loisirs, les exploits de nos lauréat·e·s.

Les photos sont disponibles dans notre galerie.
Reportage vidéo de l’AMCIS

 

DE

Am 19. November wurden die sportlichen und kulturellen Preisträger·innen im Hall Polyvalent in Schifflingen geehrt. Ein abwechslungsreicher Abend mit guter Musik von ALL Reitz Reserved, spektakulären Shows der Sweet Devils Cheerleaders und Bboy Haiper – Youcef Mechari sowie einer außergewöhnlichen Animation. Eine Veranstaltung, zu der alle Einwohner·innen von Schifflingen herzlich eingeladen waren, um gemeinsam mit der Gemeinde, der Kulturkommission und der Sport- und Freizeitkommission die Leistungen unserer Preisträger·innen zu feiern.

Die Fotos sind in unserer Galerie verfügbar.
Videobericht vom AMCIS