Posts Categorized: Actualités

Fir een Europa mat oppene Grenzen

Haut de 9 Mee 2020 um Europadag hunn d’Lëtzebuerger Gemengen op Initiativ vun de Gemengen aus de Grenzregiounen a mat Ënnerstëtzung vum Daachverband vun de Lëtzebuerger Gemengen a Stied, dem Syvicol, eng Solidaritéitsaktioun an d’Liewe geruff.

Um Europadag soll gewise ginn, datt an Europa d’Mënsche matenee liewen a schaffe wëllen, ouni Grenzen, ouni Barrièren … An dofir setzen sech d’Gemenge fir dat an, wat zanter Joren de Fall ass: Fir een Europa mat oppene Grenzen.

An alle Gemengen, déi matmaachen, hänken dofir als Zeechen vun der Solidaritéit an als Appel un een Oppent Europa: d’Europafändelen. Och zu Schëffleng ass dat de Fall.

De Schäfferot huet op d’Fräiheetsplaz geruff fir am klenge Krees – present woren e.a. de Schäffen- an de Gemengerot – hir Solidaritéit mat de Gemengen aus der Grenzregioun ze weisen, déi momentan duerch zoue Grenzen eng schwiereg Situatioun matmaachen. Dëst ënnert dem Motto: Zesumme liewen an Europa. Ouni Grenzen. Am Fridde mateneen.

An enger Interventioun huet de Buergermeeschter Paul Weimerskirch op de Stellewäert vun Europa, op d’Gebuertsstonn vun Europa an op d’Roll vun der Europäescher Unioun higewisen. Uschléissend ass déi an alle Gemenge virgedroen Deklaratioun virgelies ginn.

Hei fannt Dir déi kleng Ried vum Buergermeeschter Paul Weimerskirch an d’Deklaratioun.

 

Vivre en Europe

Declaration

Op desem Site https://www.syvicol.lu/dossiers-thematiques/journee-de-l-europe fannt Dir e Pressecommuniqué an den Ofschlossvideo a 4 Sprooche vun eiser gemeinsamer Aktioun fir d’Ouverture vun de Grenzen am Kader vum Europadag.

Vël’Ok-Système ass erëm a Betrib.

Ab e Méinde 4. Mee geet de Vël’Ok-Système erëm a Betrib.

Dir fannt d’Vëloen op dënne gewinnte Platzen.

Blëtzschutz fir d’Gemeng

Am Kader vun der Renovatioun an dem Reamenagement vun de Baussenanlage vum Gemengenhaus, gëtt d’Gemeng elo och mat engem Bletzschutz equipéiert. Dës Aarbechte gi mat enger imposanter Aarbechtsbühn duerchgefouert, déi d’Bild ronderëm d’Gemeng an nächster Zäit präge wäert. D’Ziel ass et d’Gebai viru Blëtzaschléi ze schützen.

D’Käschte vun den Aarbechten, déi vun enger spezialiséierter Firma ausgefouert ginn, belafen sech op ronn 17.000  €.

Opgepasst – Changementer vum Schülertransport

 

Oppasse fir eis Schüler déi mam Bus (TICE) an d’Schoul fueren.

Vun e Samschden den 09. Mee bis de Méinden, de 25. Mee um 6.00 Auer, ass Strooss rue du Moulin Richtung Esch/Lalleng an Esch/Lalleng Richtung Schëffleng fir de Verkéier gespaart. (Chantier bei der Bréck, bei de Weieren)

D’Busarrête Cité um Benn, Cité Emile Mayrisch (béidsäiteg) an Ecole Nelly Stein (béidsäiteg) sinn gespaart.

Schülerbusse fueren duerch rue Denis Netgen (Arrêt Paerchen beim Fussballterrain), rue de Drusenheim, avenue de Libération (Arrêt Huelewee) an den Arrêt Millchen an der Escherstrooss iwwert Esch/Neiduerf an d’Schoulen.

De Retour ass Esch Neiduerf iwwert d’Escherstross (Arrêt Milchen), avenue de la Libération arrêt Huelewee, arrêt Stadthaus a rue Denis Netgen arrêt Paerchen.

Ligne 314 Esch/Schëffleng/Féitz/Monnerech (an de Retour) vum RGTR fiert déi Zäit vum Chantier guer net duerch Schëffleng.

 

Bleift gesond

30. Abrëll 2020 – traditionell 1. Mee-Virfeier

Dëst Joer war déi traditionell 1. Mee-Virfeier e bëssi anescht wei déi Jore virdrun! Et konnten sech wéinst der Corona-Kris net vill Leit virum Denkmal vun de Schmelzaarbechter afannen. A senger Ried ass den Alain Guenther, Präsident vun der Amicale Schmelzaarbechter op déi  aussergewéinlech Situatioun agaange, huet drun erënnert, dass och Aarbechter a schwéieren Zäiten hunn missen duerhalen, sech missen een op deen anere verloosse kennen.

De Buergermeeschter Paul Weimerskirch huet a senger Usproch all Schmelzaarbechter geéiert, si déi um Ufank vun eisem ekonomesche Wuelstand stoungen. Duerch déi sanitär Kris déi eis Alldagsgewunnechte geännert hunn, keime mir och zum Nodenken iwwer eis Gesellschaft, iwwer dat, wat eis verbënnt, iwwer dat, wat eis eent, iwwer dat, wat verbessert a nei orientéiert muss ginn, fir méi Gerechtegkeet, méi Fridden a méi Liewensqualitéit ze erméiglechen, reflektéiert weiderhin de Buergermeeschter.

Hei déi komplett Riede vum Buergermeeschter Paul Weimerskirch a vum President vun de Schmelzaarbechter Alain Guenther:

 

                   

Nid de guêpes / Wespennest

Si des guêpes sont en train de s’installer dans ou autour de votre maison, veuillez-vous adresser au garde champêtre de la commune ; numéros de téléphone : 54 50 61 335 ou 621 195 208

Falls sich Wespen am oder um Ihr Haus angesiedelt haben, wenden Sie sich bitte an unseren Bannhüter, zu erreichen unter folgenden Nummern: 54 50 61 335 oder 621 195 208

(photo : natur&ëmwelt a.s.b.l.)

www.naturemwelt.lu

 

Kleng Schëfflenger Kënschtler

An eisem leschten Informatiounsblat hate mär en Opruff un eis Kanner gemaach eis eng flott Bastelaarbecht eranzeschécken déi si an deene leschten Deeg doheem realiséiert gin.

De Pit Faber Durbach, 11 Joer, a FC Bayern-Fan huet eis seng Kreatioun gemailt a mär soen him VILLMOOLS MERCI fir säi super flotten a kreative Modell vun der Allianz-Arena gebastelt aus Kartong a Pabeier mat LED Luuchten.

De Yannick Thorn Erpelding (8Joer) huet eis de COVIE (Anti CoronaRoboter) gemailt. Tip Top, gutt hues du daat gemach Yannick!

Un desen Beispiller gesait een dass d’Kanner hirer Fantasie fraie Laaf loosen an dass mär wirklech kleng Kënschtler hei zu Schëffleng wunnen hun.

 

Maach och du mat a schéck eis däi Bild oder deng Bastelaarbecht op die mär da kënne publizéieren

A lo lass! Mär si gespaant.

   

Verteilung von Gesichtsmasken / Distribution de masques

INFORMATIONEN AN DIE ÖFFENTLICHKEIT BEZÜGLICH DER VERTEILUNG VON GESICHTSMASKEN ZUM SCHUTZ VON COVID-19

Die Verteilung von Schutzmasken an die Bevölkerung wurde am Donnerstag, den 23.04.2020 abgeschlossen.

Bürger, die zu Hause nicht angetroffen wurden, sowie diejenigen, die auch an den vier Verteilerstellen ihre Masken nicht abgeholt haben, können sich bei der Gemeinde unter der Nummer
54 50 61 – 251 (von 7.00 Uhr bis 11.00 Uhr) melden. Wir bringen Ihnen die Masken dann nach Hause.

 

INFORMATIONS AU PUBLIC CONCERNANT LA DISTRIBUTION DE MASQUES DE PROTECTION CONTRE LE COVID-19

La distribution de masques de protection à la population s’est achevée le jeudi 23 avril 2020.

Les citoyens qui n’ont pas été retrouvés à la maison ainsi que ceux qui n’ont pas récupéré leurs masques aux quatre points de distribution peuvent contacter la commune au numéro 54 50 61 – 251 (de 7 h à 11 h). Nous vous livrerons ensuite les masques à votre domicile.

 

Bëschbrand / Opgepasst: Brandgefor!!!

Gëschter gouf et an eisem Bësch e kléngt Feier. Police a Pompjee waren op der Plaz.

Mir rappelléieren, datt et strikt verbueden ass am Bësch Feier ze maachen! Och dierfe keng Zigarettekippen am Bësch entsuergt ginn.