11.11.2021

Grousse Wiessel an der Recette

Den 11.11. ass an der Gemeng Schëffleng net den Dag, op deem d’Fuesend lass geet… nee, fir d’Administratioun geet haut eng Ära op en Enn. Et ass neemlech den Dag, op deem eise laangjärege Receveur Camille Weiland offiziell de Keesseschlëssel vun der Gemeng an d’Hänn vun deem zukünfteg neie Receveur Laurent Letsch gëtt.

Wat geschitt genau bei enger Remise de caisse? No 30 Joer geet de Camille Weiland geschwënn a seng wuelverdéngte Pensioun. Als Kapitän vun de Gemengefinanze gëtt hien elo ofgeléist. No laanger Virbereedung gëtt eng « Foto » (eng Momentopnam) vun der aktueller Finanzsituatioun gemaach – all Beweegunge gi quasi agefruer. Op Basis vun de Chifferen, déi da presentéiert sinn an no anstännegem Audit, Opstelle vun engem Procès-verbal, weidere Kontrollen an der Signature gëtt d’Handhabung vun de Konten dann op de Laurent Letsch iwwerdroen. Vun deem Moment un ass dann nees alles operationell.

Méi Detailler iwwert dësen historesche Moment gitt Dir an eisem nächsten Newsmag gewuer.

Hei de symboleschen Transfer: