Posts Categorized: Actualités

Ënnerstëtzt d’Roud Kräiz mat engem Don

De Mount Abrëll steet ganz am Zeechen vun der Spend beim Roude Kräiz.
D’Schëfflenger Sektioun vum Roude Kräiz seet Iech villmools merci, datt Dir dës Aktioun ënnerstëtzt.

Le Mois du Don, traditionnellement en avril, est l’activité de collecte de fonds la plus importante de la Croix-Rouge luxembourgeoise.
La section locale de la Croix-Rouge à Schifflange vous remercie chaleureusement de soutenir cette action.

 

E Piano fir Schëffleng

LU
Op der Gemengeplaz war gëschter eppes méi lass! Am Kader vun Esch2022 an an Zesummenaarbecht mat dem Muséker David Ianni huet d’Schëfflenger Gemeng een Piano geliwwert kritt. Dësen soll all d’Bierger a Biergerinnen ronderem d’Musék zesummekomme loossen an den ëffentlechen Raum beräicheren. De Piano vun der Firma Cadenza ass wiederbestänneg a kann egal op Reen, Sonn oder Schnéi gespillt ginn. Et ass deen éischten Piano an deem Genre zu Lëtzebuerg an am westlechen Deel vun Europa.

Freet Iech op vill flott Aktiounen mat a rondërem de neien Piano, deen esoubal d’Wieder et zouléisst vum Kënschtler Raphael Gindt e neien Look wäert kréien!

 

FR
Hier, il y avait un peu plus d’activité sur la place de la Liberté à Schifflange. Dans le cadre d’Esch2022 et en collaboration avec le musicien David Ianni, la Commune de Schifflange a reçu un nouveau piano dont l’objectif principal est d’encourager la rencontre des citoyens et citoyennes autour de la musique et d’enrichir l’espace public. Le piano de la marque Cadenza est résistant aux intempéries et peut être joué sous la pluie, le soleil ou la neige. C’est le premier piano de ce genre au Luxembourg et dans la partie occidentale de l’Europe.

Réjouissez-vous des nombreuses activités autour du nouveau piano, qui fera peau neuve avec l’aide de l’artiste Raphael Gindt dès que le temps le permettra !

 

 

Wiener heurigen Spektakel

Den 22. Abrëll invitéiert de Schäfferot op e flotten Owend ënnert dem Motto:

« WIENER HEURIGEN SPEKTAKEL »

mat den beschtbekannten Sänger Carlo Hartmann a Yannchen Hoffmann

 

Wou?: an der « Salle Grand-Duc Jean »

Auerzait?: 19:30 Auer

Entrée?: 10€ – den Erléis geet un « Schëffleng Hëlleft » fir d’Affer vun der Ukrain

 

 

Weltautismusdag 2022

Wéi gewinnt weist d’Gemeng Schëffleng sech solidaresch zum Weltautismusdag a mécht drop opmierksam, dass och hei zu Lëtzebuerg vill Persoune dovu betraff sinn.

Méi Infoen zu der Aktioun « Light It Up Blue » fannt Dir hei.

20 Joer am Déngscht vun der Gemeng Schëffleng

En Donneschden, den 31. Mäerz 2022, hat de Schäfferot d’Éier 13 Mataarbechter op déi traditionell Auereverdeelung z’invitéieren.

Wärend enger klenger Feier konnten net manner wéi aacht Leit vum Gemengepersonal, véier Leit aus dem Enseignement an eng Persoun vum CGDIS, déi all zanter 20 Joer am Déngscht vun der Gemeng a fir d’Allgemengheet schaffen, ausgezeechent ginn.

A Präsens vum Schäffen- a Gemengerot konnt de Schäffen Albert Kalmes folgende Leit eng Auer iwwerreechen:

 

Vum Gemengepersonal:

José Felitti, Joao Gonçalves Rodrigues, Carine Sand, Sandra Thimmesch

Schoulpersonal:

Nadine Holbach, Jerry Kohnen, Dominique Steichen

 

Leider war et net all de Geéierte méiglech perséinlech un der Feier deelzehuelen.

Dës Leit hate sech beim Schäffen- a Gemengerot entschëllegen gelooss:

 

Gemengepersonal:

Sandro Braun, Claire De Jager, Gilles Parisot an Taiba Vereget

Schoulpersonal:

Claudine Dahm

CGDIS:

Henri Daleiden

 

Eng ganz besonnesch Éier ass awer der Mme Michèle Wieland-Kleeblatt zoukomm. D’Mme Wieland ass scho säit ganze 50 Joer Member vum CGDIS (fréier Protection Civile). 1970/71 huet si hir “Carrière” mat engem Éischt-Hëllef Cours ugefaangen an huet ëmmer nees Weiderbildunge gemaach:

1975 huet si hiren Diplom als Ambulancière gemaach

1985 gouf si diploméierte Sauveteur

Zanter 2000 ass si Member vun der “Unité Groupe support psychologique”

2001 gouf si “Instructeur en premier secours”

AG vun der Asbl Schëffleng Hëlleft

E Mëttwoch, den 30. Mäerz 2022, hat d’Asbl « Schëffleng Hëlleft » op hir Generalversammlung invitéiert.

No der Introduktioun vum Vize-President Albert Kalmes, huet d’Sekretärin Jessica Scala den Aktivitéiterapport vum Joer 2021 an d’Caissière Heike Donkols-Breuer de Budget presentéiert. Virun allem d’Kulturfest an d’Cactus-Grillen waren e groussen Erfolleg. E grousse Merci geet natierlech un d’Gemeng Schëffleng fir de generéise Subside vu 15.000 Euro, deen d’ASBL all Joer op hire Kont iwwerwise kritt.

Nieft all eenzele Geste fir deen d’ASH dankbar ass, ginn 3 speziell MERCIen un:

-d’Schëfflenger Majoretten, déi hire Veräin leider opléise mussen, an der ASH hir Keessereschter uvertrauen;
-der ASBL « Apo Island » fir hiren Don;
-an dem Gemengepersonal vu Schëffleng fir hir Sammelaktioun « E Kaffi fir d’Ukrain »

Op der AG huet « Handicap International », déi virun enger Zäitchen e Scheck vun der ASH iwwerreecht kruten, och hir Projetë virgestallt.

Hei e puer Impressioune vum Owend:

 

Grondsteeleeung vun der neier Albert Wingert Schoul

De Grondsteen vun der neier Albert Wingert Schoul gouf en Dënschdeg, den 29. Mäerz 2022 am Schoulhaff vun der Albert Wingert Schoul geluecht.

De grousse Projet “Bildungslandschaft Schëffleng” ass alt nees an déi nächst Ronn gaangen: D’Albert Wingert Schoul gëtt aus- an ëmgebaut an de Fussballsterrain ass elo fäerdeg. Dëst war eng gutt Geleeënheet fir de Schäfferot passend zum grousse Chantiersufank zesumme mam Gemengerot, mat der Press, dem Schoulwiesen an de Projetsbedeelegten de symboleschen 1. Steen ze leeën.

No der offizieller Ufanksried huet den Här Bonsch, Geschäftsführer vum Generalunternehmer ERNE (Sëtz Däitschland), déi technesch Erklärungen zum Bau geliwwert. De Buergermeeschter war krankheetshalber entschëllegt, deemno hat den 1. Schäffen Albert Kalmes déi grouss Éier de Concert vun de Kanner aus der Maison Relais unzesoen. Déi kleng Sänger hu sech ganz dem Fussball verschriwwen. Och d’Presidentin vun der Albert Wingert Schoul, Madame Christiane Schmit-Biewer, hat sech mat hire Schüler eppes ganz Spezielles afale gelooss: Si hunn hir individuell Wënsch un hir schoulesch Zukunft an enger Zäitkapsel veréiwegt, déi dunn zesummen mat der Dageszeitung an e Schacht verbetonnéiert gouf. Op dem Beton hunn d’Kanner hir Hännofdréck hannerlooss a soumat war den « 1. Steen » fir eng nei modern Infrastruktur geluecht.

Dono gouf de Fussballsterrain offiziell ageweit a wéi kinnt een dat besser man wéi mat enger Partie Eelefmeter-Schéissen. Den Ofschloss-Patt am Schoulhaff haten de Schäffen- a Gemengerot an d’Kanner sech ëmsou méi verdéngt. E grousse Merci ass un all Bedeelegter gaangen aus dem Bausecteur, de Gemengeservicer an un d’Schoulresponsabel.

De Pressedossier zum Bauprojet fannt Dir hei.

D’Fotoe vum Dag kënnt Dir Iech hei an der Galerie ukucken.

Déi nei Editioun vum NEWSMAG ass do!

Dir fannt d’Abrëll-Editioun N°266 vun eisem Newsmag an de Publikatiounen.

Vill Spaass beim Liesen!

Infoversammlung iwwert d’Bauaarbechten am Zentrum vu Schëffleng

Den 29. Mäerz 2022 huet de Schäfferot op eng Informatiounsversammlung iwwert d’Aarbechten am Zentrum vu Schëffleng  an dem Bau vun engem ënnerierdeschen Parkhaus invitéiert.

Ronn 150 Leit hunn de Wee an d’Hall Polyvalent fonnt, wou Si Expikatiounen zu der Ëmstrukturéierung vun den Haiser « A Kassen », « Entenich » an « Mettler », esouwéi dem Bau vun engem neien ënnerierdeschen Parking kruten. Eng Fro an Äntwert Ronn huet den Owend ofgeschloss.

Hei fannt Dir déi komplett Presentatioun.

Infoversammlung iwwert d’Lydie Schmit Schoul

Den 23. a 24. Mäerz 2022 huet de Schäfferot am Kader vum Dossier “Bildungslandschaft Schëffleng” d’Eltere vun de Kanner aus der Lydie Schmit Schoul op eng Informatiounsversammlung an den Hall Polyvalent invitéiert.

Op 5 Sproochen (LU, FR, EN, PT, BCMS) krute ronn 150 Leit, déi op zwee Owender verdeelt waren, Expikatiounen zum Ausbau vun der Schoul an zum temporären Transfer (Bus a Pedibus) an déi verschidde provisoresch Strukturen ab der Rentrée 2022/2023.

Méi Detailer an de genaue Busplang kréien d’Elteren nach mat Zäiten.

Hei fannt Dir nach eemol d’Presentatioun. Dee leschte Slide faasst déi wichtegst Punkten nach eemol zesummen.