20.11.2022

En Uebstbam fir d’Schëfflenger – Dag vum Bam 2022

LU
Niewend dem Hobbymoart gouf e Samschdeg, den 19. November 2022 och den Dag vum Bam um Parking vum Hall Polyvalent ofgehalen.

Natur an Ëmwelt ass een Thema, dat Schëffleng ganz besonnesch um Häerz läit an dowéinst huet d‘Gemeng dëst Joer, genee wéi déi Joeren virdrun, all Stot en Uebstbam offréiert. Dëse kënnen d’Awunner bei sech doheem ronderëm d’Haus planzen a sech aktiv um Naturschutz bedeelegen.

D’Gemeng Schëffleng setzt sech awer net nëmme lokal fir d’Erhale vun der Natur an, mee ënnerstëtzt och op internationalem Niveau, zesumme mat Rainforest.lu, d’Restauratioun vum Ökosystem an den tropesche Bëscher.

Weider Informatiounen zu dëser lëtzebuergescher Initiativ fannt Dir op rainforest.lu.

Hei de Reportage vun der AMCIS.

 

FR
Outre le Hobbymoart, il y a avait également la Journée de l’arbre qui s’est déroulée samedi, le 19. novembre sur le parking du Hall Polyvalent.

La nature et l’environnement sont des sujets qui nous tiennent particulièrement à coeur, c’est pourquoi la Commune de Schifflange offre cette année, comme l’année dernière, un arbre fruitier à chaque foyer. Les habitants peuvent les planter autour de leur maison et ainsi participer activement à la conservation de la nature.

La Commune de Schiffleng s’engage non seulement pour la préservation de la nature au niveau local, mais soutient également la restauration de l’écosystème dans les forêts tropicales au niveau international, en collaboration avec l’asbl Rainforest.

De plus amples informations sur cette initiative luxembourgeoise sont disponibles sur rainforest.lu.

Voici le reportage de l’AMCIS.