25.11.2022

E22: Hidden Sessions – Marché d(h)ivers

De Weekend vum 3. a 4. Dezember 2022 kënnt et endlech zu eisem Projet „Hidden Sessions“ am Kader vum Kulturjoer Esch2022. Well de Festival am Summer leider net konnt organiséiert ginn, hu mir en op de Wanter verluecht. Dofir ass d’Gemeng Schëffleng immens frou fir Grouss a Kleng op dës speziell Editioun vun engem Hidden Sessions Festival z’invitéieren an zwar a Form vun engem Marché d(h)ivers mat Musek, Animatioun an diverse Stänn ronderëm d’Schëfflenger Konschthaus.

 

Save the date:

Samschdes, den 3. Dezember vun 18:00 bis 01:00 Auer

Sonndes, de 4. Dezember vu 14:00 bis 20:00 Auer

 

Déi offiziell Ouverture ass sonndes, de 4. Dezember géint 14:00 Auer an d’Arrivée vum Kleeschen op der Gare/Fräiheetsplaz ass fir 15:00 Auer geplangt.

 

Kommt laanscht a loosst Iech an enger wanterlecher a moderner Atmosphär verzauberen. Méi wéi eng Iwwerraschung steet um Programm…

Méi Infoen hei