Posts By: schifflange101

Concert « Luxembourg Tuba Consortium »

E Samschden de 16. November 2019 huet en aussergewéinlechen an androcksvolle Concert vum « Luxembourg Tuba Consortium » an der Gemeng stattfonnt. Op deem villsäitege Programm stounge Klassesch Stécker vum Mozart a vum Liszt, mee och Ënnerhale Musek, wéi déi ABBA. Et war fir jiddereen eppes dobäi.

Mer soen dem „Luxembourg Tuba Consortium“ villmools Merci an hoffen, dass si an Zukunft nach vill Concerten an eiser Gemeng spille wäerten!

Soirée des lauréats 2019

Och 2019 ginn nees d’Laureaten, déi zwëschen der Zäitspan vum 1. Juli 2018 bis den 1. Juli 2019 Grousses geleescht hunn, geéiert. Eisen Owend, wou all Schëfflenger häerzlech invitéiert ass fir zesummen déi lokal Lauréaten ze feieren, fënnt de Mëttwoch, 20. November 2019 ab 19.00 Auer am Hall polyvalent statt.

Fir eng ofwiesslungsräich Ënnerhalung wäert och ee “special guest” suergen, deen mer extra fir dësen Owend afléie loossen!

Hei e puer Impressiounen vun 2018…

         

Fermeture de la piscine

Nous vous informons que la piscine sera exceptionnellement fermée

les 23 et 30 novembre 2019

MERCI pour votre compréhension

De Kleeschen kënnt op Besuch

Am Kader vum Niklosmoart

Den 30. November an 1. Dezember 2019

virum Hall Polyvalent, huet sech

héije Besuch ugekënnegt.

Den 1. Dezember kënnt de Kleeschen op Besuch.

Dofir ginn mär all den Elteren mat hire Kanner Rendezvous um 15:30 Auer beim Hall Polyvalent,

wou den hellegen Mann vum Schäffen– a Gemengerot begréisst gëtt.

Duerno verdeelt hien zesummen mat den Leit vum Geschäftsverband un d’Kanner eng flott Tiitchen mat dem Buch “Liddereg wéi Mëscht”, wou et nees ëm Transfair-Thematik geet an ëm Kanneraarbecht.

St. Nicolas en visite à Schifflange

Rendez-vous le 1er décembre 2019 à 15.30 heures au Hall Polyvalent

Flott Ausstellung vun Modelleisebunnszich

De Schäfferot zesummen mat den « Stammdechfrënn Blechzuch Spur 0 » invitéieren op hir Ausstellung vun Modelleisebunnszich ënnert dem Motto

« Modell- Spielzeugeisenbahnen von gestern und heute »

am Hall Polyvalent.

D’Ausstellung ass zu folgenden Zäiten op:

Freides, den 29.11. vun 14:00-19:00 Auer

Samsdes, den 30.11. vun 10:00-19.00 Auer

Sonndes, den 01.12. vun 10:00-17.00 Auer

Stammdechfrënn fréen sech op äre Besuch a ginn gären weider Informatiounen!

                                                                 

31. Editioun vun der Hobbyausstellung

D’ Gemeng Schëffleng an hir Kultur-, Sport- a Fräizäitkommissioun, zesumme mat enger Rei Hobbykënschtler invitéieren op déi

31. Editioun vun der Hobbyausstellung

e Samschden, den 23. an e Sonnden de 24. November 2019

vun 14.00 bis 18.00 Auer

am Hall Polyvalent

Folgend Hobbykënschtler maache mat a freeën sech op Äre Besuch:

Atelier Kléiblat, Bertrang Nadine, Biver Elisabeth «Jeunes pour un monde uni », Boentges Carine, Brachmann Patricia, Courtoy Jérôme «Fairtrade Schifflange », Disiviscour Ingrid, Dondlinger Gaby, Drulang Jill, Enders Brigitte, Engelberg Marthy, Even-Ries Eliane, Fancelli-Kongs Nicole, Feyereisen Jeanny, Fiedler Elfie, Fiedler Christine, Fonzi-Zwank Chantal, Frings Chantal & Steffen Sonja, Girsch-Peffer Marcelle, Goergen Mireille, Gross Cathy, Heitz Andrée, Karp Patrick, Klein Marie-Louise, Kremer Violette, Lickes Anny, Liesenbein Marie-France, Long-Feller Carine, Mathieu Nadine, Meyer Christiane, Picco Tania, Reiffer Marcel, Sagramola Manon, Schenten-Reckinger Paulette, Scheuren Marie-Paule, Scheuren Nathalie, Schwarz Sonja, Schweickart-Stein Anne, Tralcio Vittoria, Volz-Müller Nicole “Un coeur à tout moment“, Walch Justine & Werynska Anya, Wegner Isabelle & Wegner – Michels Monique, Wegner René, Weimerskirch Maryse & Goldmann Nathalie & Menster Manuela, Weis-Faber Sylvie, Zwally Nathalie

De ganzen Weekend ginn Bastelaktivitéiten fir eis méi kleng Visiteuren ugebueden!

Fir Iessen a Gedrénks ass natierlech och gesuergt.

         

Nationalen Dag vum Bam

Den 9. November 2019 huet d’Gemeng Schëffleng am Kader vum “Nationalen Dag vum Bam” 99 Beem ugeplanzt.

    

All Bam steet stellvertriedend fir eng vun deenen 99 Nationalitéiten aus där sech déi Schëfflenger Populatioun zesummensetzt.

        

Dëse “Natiounewee” symboliséiert an ënnersträicht daat friddleccht Zesummenliewen vun alle Schëfflenger, onofhängeg vun hirer Kultur, Relioun oder Nationalitéit

DVD Télévie 2019

2019 war d’Gemeng Schëffleng bekanntlech « Centre de Promesse » vum Télévie 2019.

Vill fir net ze soe ganz vill Aktivitéite si wärend de Méint Oktober 2018 bis Mee 2019 vun eise Veräiner mä awer och vu Privatpersounen organiséiert gi fir esou Geld fir d’Kriibsfuerschung ze sammelen.

Eis Kollege vun der AMCIS ware wärend dësen 8 Méint vill ënnerwee fir all Aktivitéit am Bild festzehalen. Doraus sinn zwou DVD’en entstanen  déi e flotte Réckbléck weisen.

Op der éischter DVD sinn haaptsächlech Andréck vun de sëllechen Organisatiounen ze gesinn, wärend op der zweeter DVD de groussen Télévie Weekend hei zu Schëffleng dokumentéiert geet.

Gäre kenn Dir des DVD fir 25€ op bei der AMCIS bestellen (Kontosnummer: CCPL  LU21 1111 2547 0075 0000).  Och d’Suen déi iwwert dësen Verkaf erakomme spenden d’AMCIS un den Télévie.

Kollege vun der AMCIS soen am viraus VILLMOOLS MERCI

Jugendsolar Projet

Beim Projet Jugendsolar zu Schëffleng, sinn um Dach vun der Maison des Générations Moduler installéiert ginn, déi duerch Sonnestralen Stroum produzéieren.

Jugendlecher aus dem Jugendhaus hunn esou aktiv bei der Energietransitioun matgeschafft an maachen domat ee Beitrag géint de Klimawandel. Et ass ee Projet mat nohaltegem Charakter.

Beim Jugendsolar Projet handelt et sech ëm eng gemeinsam Initiative vu Jugendhaus, Greenpeace an der Gemeng.