19.11.2019

Soirée des lauréats 2019

Och 2019 ginn nees d’Laureaten, déi zwëschen der Zäitspan vum 1. Juli 2018 bis den 1. Juli 2019 Grousses geleescht hunn, geéiert. Eisen Owend, wou all Schëfflenger häerzlech invitéiert ass fir zesummen déi lokal Lauréaten ze feieren, fënnt de Mëttwoch, 20. November 2019 ab 19.00 Auer am Hall polyvalent statt.

Fir eng ofwiesslungsräich Ënnerhalung wäert och ee « special guest » suergen, deen mer extra fir dësen Owend afléie loossen!

Hei e puer Impressiounen vun 2018…