05.11.2019

Jugendsolar Projet

Beim Projet Jugendsolar zu Schëffleng, sinn um Dach vun der Maison des Générations Moduler installéiert ginn, déi duerch Sonnestralen Stroum produzéieren.

Jugendlecher aus dem Jugendhaus hunn esou aktiv bei der Energietransitioun matgeschafft an maachen domat ee Beitrag géint de Klimawandel. Et ass ee Projet mat nohaltegem Charakter.

Beim Jugendsolar Projet handelt et sech ëm eng gemeinsam Initiative vu Jugendhaus, Greenpeace an der Gemeng.