Posts By: schifflange

A Bléck op d’Campagne ‘Sk8ing girls extended’

Den 11. Oktober hunn mir di digitale Versioun vum Sk8ing girls extended lancéiert, vun där d’Schëfflenger Gemeng Partner ass. Mir publizéiere reegelméisseg flott Informatioun an Aktiounen op der Facebook– an der Instagramsäit vum Projet a ginn Iech op dëser Plaz geleeëntlech e klengen Abléck an dëse flotte Projet.

Haut wëlle mir Iech d’Sky Brown virstellen, hat ass déi jéngste professionell Skateboarderin weltwäit. Obwuel hat nach ganz jonk ass, huet hat schonn immens vill drop.

Loosst Iech verzaubere vun deenen akrobatesche Figuren a kuckt Iech dëse Vidéo un hei.

De Schoulbuet 2020/2021 ass do!

Mat der Schoulrentrée, kënnt och de Schoulbuet! Wärend d’Schoulkanner, hire Buet an de Schëfflenger Schoulen ausgedeelt kréien, kann natierlech och all aner Bierger dësen op d’Gemeng siche kommen oder via eisen Internetsite consultéieren.

Vill Spaass beim Liesen

De Schoulbuet 2020/2021

De Label « Man and the Biosphere » fir eis Südregioun

Am Kader vun hirem 32. internationale Conseil huet d’UNESCO den 28.Oktober 2020 der Kandidatur « Minett UNESCO Biosphere » vu PRO-SUD de Label « Man and the Biosphere » zougesprach. D’Gemeng Schëffleng ass houfreg Deel vun den 11 Südgemengen ze sinn, déi mat PRO-SUD des Kandidatur eragereecht hunn.

“Dësen UNESCO Label bitt eis eng eemoleg Chance fir eise Minett an all seng Gemengen. Op dësem Wee kënne mer nach besser eis Geschicht opschaffen an d’Mënschen fir dat sensibiliséieren wat de Grondsteen fir eise Wuelstand geluecht huet… d’Stolindustrie. Dëse Patrimoine, deen no esou ville Joren lues a lues vun der Natur zréckeruewert gëtt däerf trotzdeem net verluer goen.
Am Kader vun dësem Label wäerte esou nohaltege Projeten entwéckelt ginn, déi eng harmonesch Fusioun vun der Stolindustrie an der Natur duerstellen.” – Paul Weimerskirch

An dësem Kontext ass och eng nei flott Internetsäit an d’Liewe geruff ginn. Kuckt Aerch se roueg un… www.minett-biosphere.com

Hei fann Dir den offizielle Communiqué de presse, deen an dësem Kontext verschéckt gouf.

Communiqué de presse (FR)

Pressemitteilung (DE)

 

Annulatioun!!! Wéi leeën ech eng Wëllblummewiss un?

Wéinst der aktueller sanitärer Kris, musse mir des Manifestatioun leider ofsoen.

Merci fir Äert Versteesdemech!

 

 

D’Gemeng Schëffleng an Zesummenaarbecht mat der Ëmweltkommissioun, Gaart an Heem a mat der Madamm Kollmesch vun der Ëmweltberodung Lëtzebuerg (EBL) organiséieren e Samschdeg, den 31.10.2020 vun 9:00 bis 11:00 Auer e Workshop “Wéi leeën ech eng Wëllblummewiss un”.

 Wou: grouss Spillplaz an der Cité Päerchen (tëschent den Haiser 23 an 32)

 Vergiesst net en Heel, e Reech oder e Spuet matzebréngen.

Umeldung bis de 26.10.2020 beim Service de l’urbanisme et du développement durable ënner oder um 54 50 61-330

Esch-Schifflange: Accord signé / Projekt unterzeichnet

DE

Nach vier Jahren intensiven Austausches, Studien und Konsultationen haben der Staat Luxemburg, ArcelorMittal und die Gemeinden Esch-sur-Alzette und Schifflange beschlossen, das Stadtentwicklungsprojekt für den früheren Industriestandort Esch-Schifflange in Angriff zu nehmen. Auf der Seite der Regierung finden Sie alle Informationen zum Stadtentwicklungsprojekt.

FR

Après quatre ans un accord relatif à la mise en œuvre de la reconversionde l’ancien site sidérurgiqued’Esch-Schifflange dans le cadre de la réalisation d’un programme d’urbanisation a pu être signé. Veuillez trouver toutes les informations relatives au projet sur le site du gouvernement.

 

ANNULATIOUN wéinst COVID-19!

D’Zuel vun den Neiinfektiounen u COVID-19 klëmmt permanent an ass esou héich ewéi nach ni!

Fir eis all ze schützen, huet de Schäfferot de Moien d‘Decisioun geholl, datt folgend Manifestatiounen ofgesot ginn:

– Aweiung vum Boulodrome (23.10.)

– Babysitter-Formatioun (24.10.)

– Nohaltegkeetsdag (24.10.)

– Vernissage vun der Ausstellung Peggy Dihé (24.10.)

– Griewerseenung (01.11.)

Méi Infoen, wéi et déi nächst Zäit weidergeet, kritt dir vun der nächster Woch un.

Mär zielen op Är Disziplin, Solidaritéit, Responsabilitéit an op Äert Versteesdemech!

Bleift gesond!

 

De Schäfferot

Paul Weimerskirch, Buergermeeschter

Albert Kalmes, Marc Spautz et Carlo Lecuit, Schäffen

 


 

Le chiffre des nouvelles infections au COVID-19 ne cesse d’augmenter et culmine à ce jour !

Afin d’assurer notre meilleure protection, le Collège échevinal a décidé d’annuler les événements suivants :

– Inauguration du Boulodrome (23.10.)

– Formation Babysitting (24.10.)

– Nohaltegkeetsdag (24.10.)

– Vernissage de l’exposition Peggy Dihé (24.10.)

– Bénédiction publique du cimetière (01.11.)

Plus d’infos suivront dans les prochains jours.

Nous comptons sur votre discipline, solidarité, responsabilité et votre compréhension !

Restez en bonne santé!

 

Le Collège échevinal

Paul Weimerskirch, bourgmestre

Albert Kalmes, Marc Spautz et Carlo Lecuit, échevins

De Covid-19 ass nach ëmmer ënnert eis!

Passt op Iech op, fir Iech a fir déi Aner!

Hei e Message vum Ministère de la Santé:

Info trafic – CR169 entre Schifflange et Foetz

Le CR169 entre Schifflange et Foetz sera de nouveau ouvert pour le trafic à partir d’aujourd’hui 14.00 hrs. MERCI pour votre patience

 

 

 

 

 

Déi nei Editioun vum NEWSMAG ass do!

Hei fannt Dir d’Oktober Editioun vu eisem Newsmag!

Vill Spaass beim Liesen!

Nationale Commemoratiounsdag

Duerch e Rondschreiwes vun der Regierung sinn all d’lëtzebuerger Gemengen opgeruff ginn un d’Enn vum Zweete Weltkrich an u seng vill Affer ze gedenken. Affer där hiert Undenken NI däerf a Vergiessenheet geroden. Dëst Joer, esou steet et an der Proklamatioun vun der Regierung, soll ganz besonnesch un di jonk Frae geduecht ginn,  déi als Zwangsaarbechterinnen an de „Reichsarbeitsdienst“ geruff goufen. 58 Fraen sinn ni méi Heem komm a sinn an der Friemd gestuerwen.

Hei zu Schëffleng hat de Schäfferot e Samschden, de 17. Oktober op d’Feierlechkeeten am klenge Krees invitéiert.

Nom Gesang vun eisen dräi Gesangsveräiner an der „sonnerie aux morts“ gespillt vun der Schëfflenger Musek huet de Schäfferot esou wéi d‘Vertrieder vun den „Enrôlés de Force”, der „LPPD“ , de Gewerkschaften an dem „Syndicat d’Initiative“ Blumme virum Monument op der Gemengeplaz neiergeluet.

A senger Ried huet de Buergermeeschter Paul Weimerskirch un di schwéier Momenter erënnert, déi op den 10. Oktober 1941 zeréckginn , wéi d’Lëtzebuerger mat Nodrock a grousser Däitlechkeet  hirem Wëllen Ausdrock ginn hunn: „Mir wëlle bleiwe, wat mir sinn“.

Mam Sange vun der „Heemecht“ hunn d’Feierlechkeeten hiren Ofschloss fonnt.

Ugespéngelt fann Dir dei ganz Ried vum Buergermeeschter

Ried vum Buergermeeschter