25.04.2022

Wiener heurigen Spektakel

Den 22. Abrëll 2022  hat de Schäfferot déi zwee beschtbekannten Operesänger Carlo Hartmann a Yannchen Hoffmann op Schëffleng an d‘“Salle Grand-Duc Jean“ invitéiert.

„Wiener heurigen Spektakel“ war den Owend iwwerschriwwen. Mat flotten urege Lidder aus der éisträichescher Haaptstad konnten de Carlo Hartmann an d’Yannchen Hoffmann d’Leit begeeschteren an hunn hiert Publikum de ganzen Owend iwwer op hir charmant Aart a Weis matgerappt. Et ass vill gelaacht a geklappt ginn.

Et wäert och sécherlech net fir d’lescht gewiescht sinn, dass mir di zwee Sänger an hir Equipe hei zu Schëffleng begréisse konnten.