29.04.2022

Fairtrade-Wochen vum 1. bis den 15. Mee 2022

Gitt aktiv fir de fairen Handel! Maacht mat andeems dir iech beim Akafe fir Fairtrade-zertifiéiert Produiten entscheet a beim Kache mat Fairtrade-Produiten hire ganze Geschmaach entdeckt. Engagéiert iech bei de « Fairtrade Outdoor »-Aktiounen a Kulturveranstaltungen, déi an deem Kader organiséiert ginn, an deelt är flott Erfarungen a positiv Andréck (Fotoen, Texter, Gedichter) am virtuellen Ausstellungsraum vu Fairtrade Lëtzebuerg.

Schëffleng ass eng Fairtrade-Gemeng. Ënnerstëtzt och dir de fairen Handel a loosst eis zesumme weisen, dass mir eng fair Welt fir ProduzentInnen an AarbechterInne schafe kënnen.

Méi Informatioune fannt dir um Site vu Fairtrade Lëtzebuerg.

 

SAVE THE DATE:

07.05 FAIRES FRÜHSTÜCK ZU SCHËFFLENG