Posts By: schifflange

Déi nei Editioun vum NEWSMAG ass do!

Hei fannt Dir d’Oktober Editioun vu eisem Newsmag!

Vill Spaass beim Liesen!

Nationale Commemoratiounsdag

Duerch e Rondschreiwes vun der Regierung sinn all d’lëtzebuerger Gemengen opgeruff ginn un d’Enn vum Zweete Weltkrich an u seng vill Affer ze gedenken. Affer där hiert Undenken NI däerf a Vergiessenheet geroden. Dëst Joer, esou steet et an der Proklamatioun vun der Regierung, soll ganz besonnesch un di jonk Frae geduecht ginn,  déi als Zwangsaarbechterinnen an de „Reichsarbeitsdienst“ geruff goufen. 58 Fraen sinn ni méi Heem komm a sinn an der Friemd gestuerwen.

Hei zu Schëffleng hat de Schäfferot e Samschden, de 17. Oktober op d’Feierlechkeeten am klenge Krees invitéiert.

Nom Gesang vun eisen dräi Gesangsveräiner an der „sonnerie aux morts“ gespillt vun der Schëfflenger Musek huet de Schäfferot esou wéi d‘Vertrieder vun den „Enrôlés de Force”, der „LPPD“ , de Gewerkschaften an dem „Syndicat d’Initiative“ Blumme virum Monument op der Gemengeplaz neiergeluet.

A senger Ried huet de Buergermeeschter Paul Weimerskirch un di schwéier Momenter erënnert, déi op den 10. Oktober 1941 zeréckginn , wéi d’Lëtzebuerger mat Nodrock a grousser Däitlechkeet  hirem Wëllen Ausdrock ginn hunn: „Mir wëlle bleiwe, wat mir sinn“.

Mam Sange vun der „Heemecht“ hunn d’Feierlechkeeten hiren Ofschloss fonnt.

Ugespéngelt fann Dir dei ganz Ried vum Buergermeeschter

Ried vum Buergermeeschter

 

 

Commémoration nationale

Duerch Ronnschreiwes vun der Regierung sinn dëst Joer d’Gemengen opgeruff, den traditionnellen Dag vun der

COMMEMORATION NATIONALE

an allen Uertschaften vum Land wierdeg ze feieren.

Dës national Gedenkfeier, woumat zu Lëtzebuerg den Affer vum Krich 1940/45 geduecht soll ginn, gouf festgeluet op

e Samsden, den 17. Oktober 2020.

 

Hei zu Schëffleng gett des Feier a Form vun enger Kranznéierleeung  beim zentrale Monument bei der Gemeng begaangen.

 

 

 

E Bléck op d’Ausstellung « Luft & Wasser »

Nordlicht (2020) – Stéphanie Uhres

L’œuvre exprime un moment de calme et d’émerveillement, thème récurrent dans les œuvres de l’artiste Stéphanie Uhres. Ceci nous rappelle les enfants qui aiment contempler, avec cette curiosité et capacité à s’étonner et à remettre en question le monde qui les entoure. Des compétences et qualités que beaucoup d’adultes perdent très tôt.
Et ceci explique pourquoi l’artiste opte souvent pour les petits protagonistes, comme dans son œuvre « Nordlicht ».

L’exécution détaillée de la figure contraste avec son environnement présentant un vide. Mais également avec l’aurore boréale représentée dans une fluidité marquée et qui joue ici toute son importance, comme le signale le titre de l’œuvre.

La petite attire au premier regard notre attention, mais rapidement nous renvoie directement au jeu de lumière qui s’impose dans le coin supérieur de la toile, à elle opposé.
La position de l’enfant est vrillée. Le pull, avec ses plis parfaitement exécutés, ses couleurs vives, agissent dans un jeu de correspondances avec les lumières. Les mains, les cheveux, le profil du visage, tout est magistralement dessiné et peint. Les mains, en particulier, nous suggèrent, dans leur contorsion, le plan invisible sur lequel l’enfant est assis. Finalement, le profil de son visage incliné vers le haut nous ramène à l’aurore boréale.

L’exposition est encore ouverte jusqu’au 17. octobre.

Ouverture vun der Saison 2020/2021 vum « Grousse Maart »

Wéi all Joer gouf déi nei Saison fir de « Grousse Maart » op der Fräiheetsplaz am Oktober opgemaach. Och dëst Joer waren  de « Lëtzebuerger Maarteverband » , « d’Assosiation des Professionnels des Foires et Marchés » an « d’ACAS-Geschäftsverband Schëffleng” vum Schëfflenger Schäfferot op déi offiziell Ouverture vun der Saison vum « Grousse Maart » invitéiert.

An enger kuerzer Usprooch huet de Buergermeeschter Paul Weimerskirch, begleet vun de Schäffen Albert Kalmes a Carlo Lecuit, betount, dass si frou sinn, d’Maartleit all zweete Méinden am Mount op der Fräiheetsplaz begréissen ze kënnen. E grousse Merci huet de Paul Weimerskirch un d’Händler geriicht, déi bei all Wieder hire Stand op der Plaz opriichten.

Als Merci huet de « Lëtzebuerger Maarteverband » der Gemeng Blummen iwwerreecht.

No der offizieller Ouverture gouf et fir all Visiteur e Kaffi an e Croissant, a konnten duerno gemittlech iwwert de Maart trëppelen.

Sk8ing Girls Extended

11 OCTOBRE 2020 – JOURNEE INTERNATIONALE DES FILLES

SK8ING GIRLS 2020 EXTENDED

 

Le 11 octobre 2020, à l’occasion de la Journée Internationale des filles, nous avons lancé une campagne de sensibilisation sur les médias sociaux autour de l’égalité des filles et des garçons.

Venez nous rejoindre pour rencontrer des filles et des femmes qui ne se sont pas laissées limiter par des préjugés, mais qui ont fait ce qu’elles avaient envie de faire. Elles veulent, par leur exemple, encourager d’autres filles et femmes de faire de même.

Durant toute l’année, vous pouvez les rencontrer virtuellement avec des vidéos, des interviews, des challenges et encore beaucoup plus : des skateuses, des filles et des femmes qui pratiquent les arts urbains, des DJanes, des jeunes qui présentent des spectacles, …

Nous allons poster régulièrement des vidéos, des photos, etc., pour sensibiliser sur l’égalité des filles et des garçons.

Visitez, aimez et partagez nos pages sur les médias sociaux : linktr.ee/sk8inggirls

 

Une initiative de la Ville d’Esch-sur-Alzette et de la commune de Schifflange. En collaboration avec le Centre de Rencontre et d’Informations pour Jeunes Esch.

Route barrée CR 169 / Renaturéierung vun der Kiemelbaach

Den CR 169 tëscht Schëffleng a Féiz ass offiziell säit dem 24. August bis de 17. Oktober 2020 gespaart. Laut Planning sollt den Asphalt de 16. Oktober opbruecht ginn, mee duerch di schlecht Wiederkonditiounen am Moment gëtt d’Spärung ëm eng Woch verlängert. Bei dem fiichten Ënnergrond ass et schwiereg fir d’Ofdichtung vun der Bréck ze garantéieren. Sou datt op d’Deviatiounen (laut Ponts et Chaussées) bis spéitstens den 23. Oktober zeréckgegraff muss ginn.

Wisou dës ganz Traversée?

De « Chantier » ass gemaach ginn fir déi renaturéiert Kiemelbaach ënner der Strooss duerchzeleeden. Renaturéieren heescht, datt ee versicht d’Baach nees a säin naturnoe Liewensraum ze bréngen. Deemno fléisst d’Flossbett vun der Kiemelbaach, déi virdrun artifiziell kanaliséiert gouf, vun elo un nees op eng méi natierlech Aart a Weis (cf. di zweet Foto).

Parallel zu dësem Prozess ass awer och en neien Ofwaasserkollektor verluecht ginn, dee vu Suessem aus iwwer Monnerech op déi Schëfflenger Kläranlag gefouert gëtt. Hei ass och eis Aktivitéitszone „op Herbett“ ugeschloss ginn. Dëse Kollektor erlaabt et fir d’Kanalnetz zu Monnerech an zu Féiz z’entlaaschten.

 

 

Méi Infoen iwwert den Trajet vum Bus RGTR (CR169 Schifflange – Foetz)

Merci fir Äert Versteesdemech!

Aweiung Déierenasyl / Inauguration asile pour animaux

 

En Donneschdeg, den 8. Oktober 2020 war d’Aweiung vum neien Déierenasyl zu Schëffleng.

Den Här Buergermeeschter, a Presenz vun de Schäffen Albert Kalmes, Marc Spautz a Carlo Lecuit sou wéi verschidde Memberen aus dem Gemengerot an dem Minister Romain Schneider, huet sech gefreet, datt hien de Schlëssel, respektiv de Badge, fir di nei a modern Opfaangstruktur fir Hond a Kaz iwwerreechen duerft an datt d’Association pour la Protection des Animaux vu Schëffleng sech vun elo un nees mat neiem Schwong an neie Méiglechkeeten fir den Déiereschutz asetze kann. En extra grousse MERCI ass un den Éierebuergermeeschter Roland Schreiner gaangen, deen de ganzen Dossier un d’Rulle bruecht huet. Net ze vergiesse sinn awer och d’Intervenante vum Chantier, di vill fläisseg Hänn an d’Gemengeservicer, déi dozou bäigedroen hunn, datt sech d’Resultat weise léisst.

Dat fënnt och de President vun der APAS, de Sacha André, dee vun engem richtegen « Luxushotel » fir d’Déiere geschwat huet. Si wäerten op alle Fall alles dru setzen, fir deem neie Bild vun der Entrée vu Schëffleng gerecht ze ginn, net nëmme visuell mee mat vill benevoller an och professioneller Aarbecht.

No der Ried vum Landwirtschaftsminister gouf dunn, a Begleedung vun der Muppeseniorin Dolly, de Ruban duerchgeschnidden an en Tour duerch d’Raimlechkeete gemaach, ier d’Gemeng op e Patt invitéiert huet.

De ganze Pressedossier fannt Dir hei!

De Video fannt dir hei!

Méi Infoen iwwert de Schëfflenger Déiereschutz fannt Dir hei!

Gratis Energiecheck / diagnostic énergétique gratuit

Am Kader vun der Aktiounswoch ‘my energy at home’ kënnt Dir nach bis den 9. Oktober e gratis Energiecheck vun Äre Wunnraimlechkeeten ufroen. Weider Informatiounen zur Aktioun an de Bäihëllefen am Kader vum Energieverbrauch fannt Dir hei!

Fielskloteren a Vëlofueren an der Provence: mellt iech nach un!

Fielskloter-an Vëlosprojet 2020

Den 31.10-08.11. fiert eist Jugendhaus an d’Provence an dir, Jonk Schëfflenger (12-26 Joer) kënnt iech nach umellen!
Weider Informatiounen zur Vakanz an der Umeldung fannt dir hei.