11.11.2022

20 Joer Club Haus beim Kiosk

Den 10. November 2022 huet eist Club Haus Beim Kiosk a Form vun enger « Séance académique » an a Presenz vun der Ministesch fir Famill an Integratioun, der Madamm Corinne Cahen säin 20. Gebuertsdag gefeiert.

Säitens der Gemeng huet de Buergermeeschter, Paul Weimerskirch, dem Club Haus seng beschte Gléckwënsch iwwerbruet an hinne weiderhin vill erfollegräich Jore gewënscht.