Posts By: schifflange

Exposition des artistes Patricia LIPPERT, Pascale BEHRENS & Stefan SEFFRIN

Exposition „homo ludens“ du 27 avril au 22 mai 2021 au  «Schëfflenger Konschthaus»

Patricia Lippert und Pascale Behrens, “die Künstlerin und die Kunststudentin” bilden seit 2018, im Rahmen verschiedener Aktionen und einer Wanderausstellung ein „Binom“: ein Künstlerduo. Aus dieser Zusammenarbeit heraus entstanden im August 2019 die Installation „From Greta with Love 2051“ auf dem Pangea Festival im Schloss Birtringen, die Ausstellung „On having no head“ in der Pop Up Galerie „Con Temporary“, die gemeinsame Participation am „Veianer Konschttour“ und die Weihnachtsaktion „X mas Codi“ im „Rocky Victor Picture Show“-Lokal in Vianden. War vor der Renaissance der Künstler vor allem ein Ausübender, ein Übertrager vom „Funke Gottes“, so leben wir seit langem im Century of the self“, im Zeitalter des ausufernden „Individualismus“, und genialistische sowie „kontextuelle“ Kunst stehen im Mittelpunkt der Vermarktung.

Eine neue Ära bricht an, eine in der der Mensch sich nicht mehr als „Krone der Schöpfung“ zu sehen braucht und in der das Wort und der Begriff „Natur“ neu definiert werden wird: denn wir gehören NUR dazu.
Sie verzichten auf „Trennungen“… und möchten auch ihr Publikum am Prozess teilnehmen lassen. Sei es durch gemeinsame Aktionen, Lesungen oder Spiele.
Zu der Ausstellung „Vive Homo Ludens” wurde auch der deutsche Künstler Stefan Seffrin eingeladen, der mit seinem Alter Ego: „Der Psychonaut“- mit dem Alter Ego von Patricia Lippert „CODI“ und der Wahlfigur von Pascale Behrens ein Trio bildet, deren Aktionen und Spiele auf Film und Fotos festgehalten sind.

 

 

Mär all kënnen dozou bäidroen dass eis Natur propper bleift

Geheit w.e.g

KEEN

Dreck an eis Natur !

D’Natur wei och Déiere soen Iech MERCI

Grouss Fréijoersbotz

Nachdem die Aktion „Fréijorsbotz“ im vergangenen Jahr wegen der Corona-Krise ausfallen musste, konnten der Schöffenrat und die lokale Umweltkommission am 10. April 2021 wieder zum traditionellen Frühjahrsputz einladen. Trotz des schlechten Wetters fanden sich fast 100 freiwillige Helfer ein. Darunter waren viele Kinder mit ihren Eltern. Die Lokalsektion der Pfadfinder und das Jugendhaus halfen ebenfalls mit. Die Teilnehmer wurden in Gruppen aufgeteilt, die sich auf den Weg machten, um Straßen, Fahrrad- und Waldwege vom Abfall zu befreien. Im gesammelten Abfall befanden sich jede Menge recycelbare Wertstoffe, die separat in PMC-Tüten gesammelt wurden. Außerdem fand man zahlreiche Zigarettenstummel, welche schwer einzusammeln sind und deren Giftstoffe unsere Gewässer extrem belasten. Leider musste auch in diesem Jahr auf das gemeinsame abschließende Mittagessen verzichtet werden. Ersatzweise wurden alle fleißigen Helfer mit eine wiederverwendbaren Trinkflasche für ihren Einsatz belohnt.

In unserer Bildergalerie finden Sie die schönsten Bilder der Aktion.

RTL hat die Teilnehmer am Samstag ebenfalls begleitet und darüber berichtet.

Ënnerstëtzt d’Roud Kräiz mat engem Don! Villmools Merci!

D’Schëfflenger Sektioun vum Roude Kräiz seet Iech villmools MERCI, datt Dir hir virtuell QUÊTE mat engem Don ënnerstëtzt.

La section locale de la Croix-Rouge Luxembourgeoise vous remercie chaleureusement de soutenir les QUÊTES du MOIS DU DON.

Die Schifflinger Sektion des Roten Kreuzes bedankt sich für Ihre wertvolle Unterstützung anlässlich des SPENDENMONATS.

 

 

Drénkwaasser zu Lëtzebuerg

Drénkwaasser – Melusina’s Choice

Säit Enn Mäerz leeft déi national Drénkwaassercampagne déi vum Ëmweltministère, der Waasserverwaltung, der ALUSEAU an der EBL gedroe gëtt.
An enger rezenter TNS-Ilres Campagne koum eraus, dass d’Bevëlkerung déi all Dag Krunnewaasser drénkt, sech iwwer déi lescht 15 Joer méi wéi verduebelt huet an haut bei 58% läit. Dëst weist op ee verstäerkte Vertraue vun der Lëtzebuerger Bevëlkerung an eist Krunnewaasser hin, an ass e Resultat op dat mir all zesummen houfreg kënne sinn.

D’Schëfflenger Gemeng ënnerstëtzt dës Campagne a rifft Iech op, och weiderhin op déi nohalteg, verpakungsfräi, gënschteg a gesond Alternativ zeréckzegräifen. De folgende Video weist Iech, wisou eist Drénkwaasser esou wichteg ass: Erklärungsvideo.

Wéi et ëm d’Qualitéit vum Schëfflenger Drénkwaasser steet, kënnt Dir an de Rapporte liesen, déi reegelméisseg hei op eisem Site aktualiséiert ginn.

Wärend den nächste Méint wäert den Ëmweltministère op senger Facebook-Säit an engem Wochen-Rhythmus Explikatiounen zum Theema Drénkwaasser publizéieren. Op der Homepage vun der Drénkwaassercampagne fannt Dir och elo schonn eng sëllegen nëtzlech an interessant Informatiounen.

Weltautismusdag – “Light it up blue 2021”

Den 2. Abrëll ass Weltautismusdag. De Schäfferot an d’Personal vun der Gemeng Schëffleng ënnerstëtzen grad op dësem Dag den Opruff vun der Asbl. Autisme Luxembourg a weisen sech ganz a blo.

 

#ËMMERDO
#LIUB2021

Autismus                                                                                                                                                                               

Verlängerung Chèque-cadeau: Solidaritéit fir eisen Handel!

LU

Déi lescht Méint waren net einfach, d’Covid Pandemie huet villes verännert an duerchernee bruecht.

D’Pandemie ass zu enger grousser Belaaschtung ginn – fir d’Leit, fir d’Veräiner an eis Gemeng.

Och eis Geschäftswelt an den Handel sinn net verschount bliwwen.

Dofir huet de Schäffen- a Gemengerot decidéiert fir all Bierger vu Schëffleng ee Chèque-cadeau am Wäert vun 20 € ze schenken, dee bei alle Geschäfter a Restauranten hei zu Schëffleng bis den 31.03 2021 kann ageléist ginn.

 

Dës Aktioun gëtt bis den 31. Mee 2021 verlängert!

 

FAQ:

1) Wou kann ech mäi Bong aléisen?

An all Geschäft (Entreprise, Coiffeur, Bäckerei, Restaurant, …), dat op Schëfflenger Terrain läit. Sief dozou gesot, datt ee mam Bong och an d’grouss Surfacen akafe goen däerf. All Bierger soll selwer entscheeden, wéi ee lokale Betrib e mam Bong ënnerstëtzen wëll…

2) Ech wollt mäi Bong aléisen, mee de Commerçant seet mir, dat géif net goen…

All Commerçant misst u sech de Bong akzeptéieren. E gëtt dono vun der Gemeng rembourséiert. Falls et Froe ginn, kann ee sech gär bei eis um 54 50 61 – 214 mellen. Ausname ginn et z.B. bei den Apdikten: hei kann ee just Produiten aus der Parapharmacie (ouni Ordonnance) mam Bong kafen.

3) Kann ech eppes fir 15 € mam Bong kafen?

Leider net! De minimalen Akafsmontant muss 20 € sinn.

4) Kann ech eppes fir 25 € mam Bong kafen?

Jo dat geet! Dir gitt dann dem Commerçant de Bong an di aner 5 € bezuelt Dir aus Ärer Täsch.

5) Wisou hunn ech kee Bong kritt?

Mir hunn als Stéchdatum den 31.03.2020 geholl. All Bierger, déi dono op Schëffleng geplënnert oder op d’Welt komm sinn, kréie leider kee Chèque-cadeau. Wann Dir awer virun dësem Datum a bis haut zu Schëffleng ugemellt waart a kee Bong kritt hutt, da mellt Iech w.e.g. bei eis ënnert der Nummer 54 50 61 – 214.

6) Kann ech menge Kanner hire Bong mat mengem zesummen aléisen?

Wann Dir aus engem Stot kommt, kënnen d’Bongen (déi och numerotéiert sinn) mateneen ageléist ginn.

 

 

FR

Le Collège des bourgmestre et échevins a le plaisir de vous informer, que le Conseil communal en sa séance du 28 septembre, a décidé d’allouer un chèque-cadeau d’une valeur de 20 € à chaque citoyen de Schifflange légalement déclaré à la commune.

Lors des mesures prises dans le cadre de la pandémie liée au COVID-19, les citoyens ont dû renoncer à bon nombre d’organisations traditionnelles de la part de la commune et le secteur du commerce a été touché profondément. Ainsi et afin de soutenir le commerce local, le Conseil communal a décidé d’offrir à chaque citoyen de Schifflange un chèque-cadeau.

Le chèque-cadeau est valable jusqu’au 31.03.2021 et peut être utilisé dans chaque commerce et restaurant se trouvant sur le territoire de la Commune de Schifflange.

 

L’action sera prolongée jusqu’au 31 mai 2021 !

 

FAQ :

1) Où est-ce que je peux échanger mon chèque-cadeau ?

Vous pouvez utiliser votre bon dans tous les magasins (entreprises, coiffeurs, boulangeries, restaurants, …) qui se trouvent sur le territoire de Schifflange, y comprises les grandes surfaces. Il appartient aux citoyens de choisir quel commerce mérite ce support…

2) Je voulais faire échanger mon bon, mais le commerçant ne l’accepte pas…

Chaque commerçant devrait accepter votre bon, puisqu’il sera remboursé par la commune. En cas de doute, veuillez nous contacter au numéro 54 50 61 – 214. Des exceptions peuvent exister p.ex. dans les pharmacies où seulement les articles sans ordonnance peuvent être échangés contre le bon.

3) Est-ce que je peux utiliser mon bon pour un achat de 15 € ?

Malheureusement non ! Le montant minimum de l’achat doit s’élever à 20 €.

4) Est-ce que je peux utiliser mon bon pour un achat de 25 € ?

Oui bien sûr ! Dans ce cas, vous donnez au commerçant votre bon et vous payez la différence de 5 € en cash ou par carte.

5) Je n’ai pas reçu de chéque-cadeau. Pourquoi ?

Nous avons dû définir une date limite d’éligibilité qui est le 31.03.2020. Chaque citoyen qui s’est inscrit dans la commune ou qui est né après cette date ne reçoit pas de chèque-cadeau. Si toutefois vous remplissez la condition de la résidence à Schifflange et vous n’avez pas reçu de bon, n’hésitez pas à nous contacter au 54 50 61 – 214.

6) Est-ce que je peux utiliser mon chèque-cadeau ainsi que ceux de mes enfants ?

Les personnes figurant dans un seul ménage peuvent cumuler les chèques-cadeaux (qui sont aussi numerotés).

 

 

Déi nei Editioun vum NEWSMAG ass do!

Dir fannt d’Abrëll-Editioun vun eisem Newsmag an de Publikatiounen.

Vill Spaass beim Liesen!

Campagne Amnesty de collecte de fonds

Amnesty International Luxembourg lance une nouvelle campagne porte-à-porte de collecte de fonds qui se déroulera du 29 mars au 3 avril 2021 à Schifflange.

De nouveaux concepts ont été développés afin de garantir la santé des résidents et des recruteurs de donateurs.

Plus d’infos sur la collecte

Présentation du Masterplang Schëffleng

La présentation du MASTERPLANG SCHËFFLENG (cf. invitation officielle) qui a eu lieu lundi, le 29 mars 2021 était un succès. Plus de 70 personnes y ont assisté sur place et de nombreux citoyens ont suivi le livestream à distance.

Si vous n’avez pas eu l’occasion de participer, ne vous inquiétez pas : consultez la retransmission via ce lien (début à partir de la minute 19) et/ou la présentation complète ici (en pdf).

 

Un mot du bourgmestre :

De Masterplang : an et ass un Iech!

Léif Matbierger,

De Schäfferot huet e Méindeg, den 29 Mäerz éischt Resultater vun de säit iwwer zwee Joere gefuerderten Diskussioune ronderëm de Masterplang präsentéiert ; an dat a Präsenz vun iwwer 70 intresséierte Matbierger a Memberen aus de kommunale Kommissiounen. Mat engem Livestream hu weider 200 Matbierger dës Präsentatioun am Hall Polyvalent suivéiert. Merci fir dësen Engagement!

D’Dokument ass net déi final Etapp, d’Präsentatioun selwer sollt e groussen a breeden Iwwerbléck iwwer den aktuelle Stand erméiglechen a weisen, wéi eng konkret Iddien aus der Masterplangdiskussioun am Kader vun eenzele Workshoppen am Rullen sinn, wat à la Suite realiséiert soll ginn.

D’Diskussioun iwwer de Masterplang soll a muss weidergoen. Den Info-Owend wor den Ufank. An all Elementer, déi direkt oder indirekt a Relatioun mat dem Masterplang stinn, sollen elo do wou et néideg ass verdéift ginn, wuelhoffend, datt eis d’Crise sanitaire duerch Covid-19 net nees e Stréch duerch d’Rechnung mécht.

Mir freeën eis op de Succès vum Info-Owend a sinn zefridden, datt éischt Mesure geholl konnte ginn fir eis Matbierger an de Prozess ërem anzebannen. Och de Gemengerot soll an enger nächster Sitzung eng Diskussioun féieren an dem Schäfferot souzesoen de Suivi mat op de Wee ginn.

Mir sinn op der richteger Linn, wuelwëssend, datt de Fortschrëtt ëmmer nees nei Iwwerleeungen an nei Entwécklungen brauch. Stëllstand an Immobilitéit sinn net gefrot. Mir all zesummen hunn eng ekologesch, ekonomesch a sozial Responsabiltéit. Zum Wuel vun de Schëfflenger Leit an eiser Gemeng solle mir mateneen dat openeen ofzestëmmen.

Ech invitéieren Iech alleguer, jo jidder Eenzelen, an dësem Prozess eng aktiv, konstruktiv an engagéiert Roll ze spillen. Merci.

Paul Weimerskirch