01.12.2022

Concours « Ville fleurie »

Ënnert dem Motto „EIS GEMENG LIEFT, ASS SCHEIN A FAARWEG“  an op Initiativ vum Syndicat d’Initiative an a Kollaboratioun mat der Gemeng war dëst Joer de Concours « Ville fleurie » nees nei lancéiert ginn. Am Prinzip gëtt dësen all 3 Joer organiséiert, mee duerch di sanitär Kris huet de Concours 2020 leider mussen ofgesot ginn.

Den 30. November 2022 war a Presenz vum Schäffen- a Gemengerot a vum Syndicat d’Initiative d’Präisiwwerrechung vun der Editioun 2022.