05.12.2022

E22: Hidden Sessions – Marché d(h)ivers

De Weekend vum 3. a 4. Dezember 2022 huet déi véierten a soumat leschten Editioun vum Projet „Hidden Sessions“ am Kader vum Kulturjoer Esch2022 zu Schëffleng stattfonnt.

D’Gemeng Schëffleng war frou fir Grouss a Kleng op dëser spezieller Editioun, déi vun der Hidden Sessions asbl organiséiert gouf, kënnen ze begréissen. Dëst besonnescht Erliefnis gouf Form vun engem Wantermaart, dem « Marché d(h)ivers » mat Musek, Animatioun an diverse Stänn ronderëm d’Schëfflenger Konschthaus an d’Kierch organiséiert.

Et war kal an AWER war et e richtegt Fest mat ville flotten Iwwerraschungen a magesche Momenter.

Ganz geschwë wäert hei weidert Foto- a Videomaterial ze fanne sinn.

hs