Posts By: schifflange

Babysitterformatioun / Formation Babysitting

Babysitterformatiounen 2021

Déi nei Datumer fir d’Babysitterformatioune sinn eraus. Schreift Iech an:

04.12.2021 / 09.00 – 17.00 / Formation Babysitting (FR)
11.12.2021 / 09.00 – 17.00 / Babysitterformatioun (LU)

Zilgrupp / groupe cible: 15-30 joer / ans

Präis / Prix:
10€ Schüler a Studenten / étudiants
20€ aner Interesséierter / autres intéressés

Inscription en ligne jusqu’au 28 novembre (FR).
Onlineaschreiwung bis de 5. Dezember (LU).

Kontakt / contact:

Service des citoyens et de la communication
Madame Nickie LIPPERT
+352 54 50 61 – 316

Pre-meeting “Europe goes Scuffelingen”

Am Kader vum Eurofestival 2022 „Europe goes Scuffelingen“ huet eise „Comité EPF2022“ vum 29. bis den 31.10.2021 hei zu Schëffleng e „Pre-meeting“ organiséiert mat Vertrieder aus 15 verschiddene Länner. Dat sinn: d’Belsch, Dänemark, Finnland, Frankräich, Däitschland, Ungarn, Irland, Italien, Lettland, Litauen, Polen, Portugal, Schottland a Lëtzebuerg, déi nächst Joer um Eurofestival deelhuelen.

Nodeems d’Vertrieder hir Joresversammlung mam Eurofestival-Comité ofgehalen haten, kruten d’Participanten de Programm vum Eurofestival 2022 virgestallt.

Den Eurofestival “Europe goes Scuffelingen” fënnt am Kader vun Esch2022 vum 23. Juli 2022 bis den 30. Juli 2022 hei zu Schëffleng statt.

 

Dag vum Bam an der Gemeng Schëffleng

LU

D’Gemeng Schëffleng invitéiert Iech häerzlech op den 30ten nationalen Dag vum Bam an offréiert all interesséierte Stot een Uebstbam.

Mir ginn Iech Rendezvous de Freiden, 19ten November 2021 um 17:30 Auer op der Fräiheetsplaz virun der Gemeng.

Weider Detailer an de Bestellformulär fannt Dir an eisem Infoblat.

Vergiesst net Äre Bam ze reservéieren!

 

FR

Journée de l’arbre à la Commune de Schifflange

La Commune de Schifflange a le plaisir de vous inviter à la 30e Journée nationale de l’arbre et offre un arbre fruitier à tous les ménages intéressés.

Nous vous donnons rendez-vous vendredi, le 19 novembre 2021 vers 17.30 heures sur la Place de la Liberté devant l’Hôtel de Ville.

Consultez notre fiche d’information pour plus de détails ainsi qu’un bon de commande.

N’oubliez pas de réserver votre arbre !

Grousse Wiessel an der Recette

Den 11.11. ass an der Gemeng Schëffleng net den Dag, op deem d’Fuesend lass geet… nee, fir d’Administratioun geet haut eng Ära op en Enn. Et ass neemlech den Dag, op deem eise laangjärege Receveur Camille Weiland offiziell de Keesseschlëssel vun der Gemeng an d’Hänn vun deem zukünfteg neie Receveur Laurent Letsch gëtt.

Wat geschitt genau bei enger Remise de caisse? No 30 Joer geet de Camille Weiland geschwënn a seng wuelverdéngte Pensioun. Als Kapitän vun de Gemengefinanze gëtt hien elo ofgeléist. No laanger Virbereedung gëtt eng “Foto” (eng Momentopnam) vun der aktueller Finanzsituatioun gemaach – all Beweegunge gi quasi agefruer. Op Basis vun de Chifferen, déi da presentéiert sinn an no anstännegem Audit, Opstelle vun engem Procès-verbal, weidere Kontrollen an der Signature gëtt d’Handhabung vun de Konten dann op de Laurent Letsch iwwerdroen. Vun deem Moment un ass dann nees alles operationell.

Méi Detailler iwwert dësen historesche Moment gitt Dir an eisem nächsten Newsmag gewuer.

Hei de symboleschen Transfer:

Aménagement de zones de quiétude au Lalléngerbierg

LU

Opgepasst!

D’Schëfflenger Gemeng informéiert hir Bierger, datt d’Naturverwaltung ab dem 15. November Rouzone fir d’Fauna a Flora um Lalléngerbierg ariicht. Dofir ginn eng Rei Weeër permanent fir de Public zou gemaach. Et wäert awer en adaptéierte Réseau vu Weeër fir d’Spazéiergänger bestoe bleiwen.

All Info iwwert dëse Projet fir Ruhezonen z’amenagéieren fannt Dir hei!

 

FR

Attention!

La Commune de Schifflange informe ses citoyens que l’Administration de la nature et des forêts procédera, au cours de la deuxième moitié de novembre, à l’aménagement de zones de quiétude pour la faune dans la réserve naturelle Lalléngerbierg. A cette fin certain nombre de chemins ou de zones seront fermés au public.  Un réseau de sentiers adapté restera à disposition des promeneurs.

Vous trouvez des informations plus détaillées dans cet article !

Voici un aperçu :

 

Postes vacants

L’Administration Communale de Schifflange se propose d’engager, à plein temps et à durée indéterminée:

Pour son service Régie Communal:

  • Un artisan avec diplôme d’études DAP/CATP ou diplôme d’études CCM/CITP dans le métier du SERRURIER (m/f)  pour intégrer l’équipe serrurerie/conduite d’eau (carrière H3/H2 du contrat collectif des salariés des communes du Sud) ;
  • Un artisan avec diplôme d’études DAP/CATP dans le métier du PEPINIERISTE/PAYSAGISTE (m/f) avec brevêt de maîtrise pour poste de chef d’équipe à l’équipe jardinage (carrière V4 du contrat collectif des salariés des communes du Sud) ;
  • Un artisan avec diplôme d’études DAP/CATP dans le métier de l’INSTALLATEUR CHAUFFAGE-SANITAIRE (m/f) pour intégrer l’équipe serrurerie/conduite d’eau (carrière H3 du contrat collectif des salariés des communes du Sud).

Pour les informations supplémentaires et les pièces à joindre à votre candidature et pour postuler en ligne, veuillez consulter notre rubrique offres d’emploi.

Les demandes munies de toutes les pièces requises sont à introduire pour le 30 novembre 2021 au plus tard.

1re Journée dédiée à la durabilité

En date du samedi, 30 octobre a eu lieu le 1er “Nohaltegkeetsdag” à Schifflange. Le bourgmestre, Paul Weimerskirch, a pu accueillir de nombreux invités intéressés par la matière.
Parmis les orateurs figuraient Madame Carole Dieschbourg, Ministre de l’Environnement, du Climat et du Développement Durable, Monsieur Albert Kalmes, 1er échevin de la Commune de Schifflange, Madame Marguy Kohnen, conseillère MEV, Monsieur Roland Schreiner, bourgmestre honoraire de la Commune de Schifflange et Monsieur Emile Eicher, président du SYVICOL.

Vous pouvez désormais regarder le 1er “Nohaltegkeetsdag” via ce lien

Plus d’infos sur Communes 2030

Suivez la séance via Video

Octobre Rose

La Commune de Schifflange s’est mise en couleur rose! L’octobre, c’est le mois de sensibilisation au cancer du sein qui touche chaque année près de 460 femmes au Luxembourg.

Les petits rubans roses symbolisent la lutte contre le cancer du sein.

« Parler de la maladie, c’est prévenir. Et prévenir, c’est guérir » (Association Europa Donna)

Cliquez ici pour avoir plus d’infos sur le Broschtkriibslaf virtuel et pour faire un don en ligne!

 

CNFL – Rentrée d’automne 2021

De 27 Oktober huet de Conseil National des Femmes op hir alljärlech Hierschrentrée invitéiert, déi dëst Joer hei zu Schëffleng stattfonnt huet. Nieft de Membere vum Schäffen- a Gemengerot an de Mataarbechterinnen a Membere vun den Associatioune vum CNFL war och d’Madamm Minister vun der Chancëgläichheet Taina Bofferding present.

Seng Ried huet de Buergermeeschter Paul Weimerskirch mat enger Liewenswäisheet, déi seng Boma him an ee vu senge Kannerbicher geschriwwen hat, ugefaangen: “Wann een eppes matkritt, wat net richteg, net fair oder net gerecht ass, da muss du dat soen. Awer feststellen eleng geet net duer, du muss och eppes dogéint maachen, an entspriechend handelen”. Den CNFL a seng Membere setzen sech säit 1975 aktiv op politeschem Plang a mat villen Aktioune fir d’Fraerechter an d’Gläichheet tëschent Männer a Fraen an. Hir Aarbecht bleift weiderhin immens wichteg, well ëmmer nach grouss Inegalitéiten z’ajustéiere bleiwen, esou den Här Buergermeeschter weider.

D’Nadine Bertrang, Presidentin vum CNFL an engagéiert Schëfflenger Matbiergerin, huet de Programm vun de nächste Wochen a Méint virgestallt. Besonnesch ervirgehuewen huet si d’Inauguratioun vun der Statue am Kader vum 100 Joer Fraewalrecht zu Ettelbréck de 15. November, d’Orange Week – national Sensibiliséierungscampagne zum Thema Gewalt géint d’Fraen (25.11-10.12) an de Projet ‘les rues au féminin’, deen am Laf vum nächste Joer an der Zesummenaarbecht mat de Gemenge soll erweidert ginn. Dëst sinn allen dräi Projeten, un deenen d’Schëfflenger Gemeng an hirem Engagement fir d’Chancëgläichheet bedeelegt ass.

D’Madamm Minister ass hirersäits ënnert anerem op d’Schwieregkeeten agaangen, déi d’Pandemie an Zesummenhang mat der Aarbecht géint d’Gewalt am Stot mat sech bruecht huet, an huet dem CNFL Merci gesot fir déi gutt Zesummenaarbecht an hiren Engagement um Terrain.

Nom offiziellen Deel huet d’Gemeng op e Pättchen invitéiert.

 

De Schoulbuet 2021/2022 ass do!

Mat der Schoulrentrée, kënnt och de Schoulbuet! Wärend d’Schoulkanner, hire Buet an de Schëfflenger Schoulen ausgedeelt kréien, kann natierlech och all aner Bierger dësen op d’Gemeng siche kommen oder via eisen Internetsite consultéieren.

Vill Spaass beim Liesen!

Schoulbuet 2021/2022

 

Weider Informatiounen zum Schoulwiesen zu Schëffleng kritt Där natierlech bei eisem Schoulservice.