15.05.2023

IDAHOBIT DAY op der Gemengeplaz

Infoevent am Kader vum IDAHOBIT DAY  – Internationalen Dag géint Homo- , Bi-, Inter- & Transphobie.

17. Mee vun 15.00-19.00 Auer zu Schëffleng op der Gemengeplaz

ab 15h00:

  • Animatioun an Infostänn (vum Schëfflenger Jugendhaus a vun Planning Familial)
  • Kleedertausch “Clothes have no gender”
  • Graffiti Workshop „A place for tolerance”  zesumme mat youngcaritas

a villes méi!

 

Ab 16h30:

  • Erëffnungsried vum Buergermeeschter Paul Weimerskirch
  • E puer Wuert vum Schëfflenger Jugendhaus
  • Erfarungsberichter & Froeronn
  • E Stéck Kuch & e Patt

Komm laanscht, informéier dech, maach mat a weis Solidaritéit mat der LGBTIQ+ Community.