D’So vum Marxeweier

LU

D’So vum Marxeweier – eng Schëfflenger Legend gëtt erëm opliewe gelooss.
Dëse pluridisziplinäre Projet fir Jonk & Al, Déck & Dënn léisst op Basis vun enger aler So eng ganz Rei Attraktiounen entstoen. Niewent engem flotten Trëppeltour, pedagogeschen Erklärungen zum Thema Waasser an engem neie Buch gouf och fläisseg vun der Schëfflenger Musek, ënnert der Leedung vum Eric Gherardi, un enger ofwiesslungsräicher a spannender Kompositioun passend zu der Geschicht geschafft.

Als eng vun den nohaltegste Gemengen zu Lëtzebuerg, lancéiert Schëffleng reegelméisseg Projeten an Initiativen zu Gonschte vun der Ëmwelt. Dëst Joer, am Kader vun Esch2022 – europäesch Kulturhaptstad, huet d’Gemeng Schëffleng d’Geleeënheet genotzt fir Kultur an Nohaltegkeet mateneen ze verbannen. D’Resultat ass de Renaturéierungsprojet am Schmëttbësch ëm déi al So vum Marxeweier.

Säit der Aweiung den 19. Juni, kënnt Dir déi flott Skulpture vum Tom Flick an Doru Nuta bewonneren. Dës sti ronderëm de frësch amenagéierte Buer a verkierperen déi 7 Waasserjofferen aus dem fuschneie Buch (fir Kanner vun 10 bis 12 Joer), dat vum Betsy Dentzer ronderëm d’So vum Marxeweier geschriwwe ginn ass. Dem Moler an Illustrateur Pit Wagner seng Zeechnunge bréngen d’So vum Marxewier duerch hir Faarf-Villfalt zum Liewen. Eng éischt Editioun vun 1000 Exemplairë kënnt Dir am Accueil vun der Gemeng fir de gudden Zweck kafen.

Kuckt Iech hei de Video vun der offizieller Aweiung un.

Kommt op Schëffleng an de Schmëttbësch an entdeckt d’So vum Marxeweier.

 

FR

« D’So vum Marxeweier » – une légende de Schifflange renaît.
Ce projet pluridisciplinaire s’adresse aux petits et aux grands et englobe un certain nombre d’attractions autour de cette ancienne histoire locale. En plus d’un beau parcours à pied, d’explications pédagogiques au sujet de l’eau et d’un nouveau livre, l’Harmonie municipale de Schifflange a également travaillé sur une création d’un arrangement musical varié et captivant adapté à l’histoire.

Reconnue comme étant l’une des communes les plus durables au Luxembourg, Schifflange lance continuellement des projets et des initiatives en faveur de l’environnement. En 2022 et dans le cadre d’Esch2022 – Capitale européenne de la culture, la Commune de Schifflange a profité pour allier la culture au développement durable en faisant renaître une ancienne légende. Il en résulte un projet de rénaturation autour d’une ancienne légende au Schmëttbësch.

Depuis l’inauguration le 19 juin 2022, vous avez la possibilité d’admirer les belles sculptures des artistes Tom Flick et Doru Nuta. Celles-ci se trouvent autour de la fontaine nouvellement aménagée et représentent les 7 dames d’eau reprises dans le nouveau livre (pour enfants de 10 à 12 ans) écrit par Betsy Dentzer. Les dessins du peintre et illustrateur Pit Wagner donnent vie à la légende par leur diversité de couleurs. La première édition de 1000 exemplaires est disponible à l’accueil de l’Hôtel de Ville. Les recettes seront reversées à une bonne cause.

Voici la vidéo officielle de l’inauguration.

Rejoignez-nous pour découvrir la légende du Marxeweier au Schmëttbësch.

 

 

D’So vum Marxeweier D’So vum Marxeweier

Lidder vun de 7 Waasserjofferen

Als Hommage un déi 7 Waasserjofferen huet den Eric Gherardi, Dirigent vun der Schëfflenger Harmonie Municipale, fir all Joffer eng Melodie komponéiert an zesumme mat senge Musikanten agespillt.

Lauschtert hei eran!